Radioen

On air

Espresso Beats  |  Get Well Soon - Eulogy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass kënschtlech Intelligenz och eng kënschtleresch?

Digital Konscht

Ass kënschtlech Intelligenz och eng kënschtleresch?

Datt ee mat Algorithmusse ka Biller produzéieren, dat beweist den däitschen Artist Mario Klingemann. Seng Exploratioune stellen allerdéngs och Begrëffer wéi Kreativitéit a Schéinheet a Fro.

auto_stories

4 min

''There are beautiful truths which are absolutely meaningless''. Deen englesche Saz kléngt gutt, kléngt déifgrënneg... ass awer net iwwer Google ze fannen. Dee Saz gouf vun engem Computer erfonnt, méi genee vun der kënschtlecher Intelligenz GPT-3. Et ass d'Resultat vun enger Kombinatioun, enger ënner ville méiglechen, déi ee vun der Maschinn ka berechne loossen.

Eigentlech huet een et am digitale Beräich jo just mat Eenten an Nullen ze dinn. Dat wat de Computer mat Sätz mécht, kann en also och mat Biller maachen, erkläert den Digital-Kënschtler Mario Klingemann :

"Bei der Kreativitéit geet et am Fong net ëm Kreatioun. Mir schafen an deem Sënn näischt, mee mir exploréieren e bestëmmte Raum no all deem wat méiglech ass an da fanne mer eppes. Et seet ee jo ëmmer: mir fannen eng Léisung, an net: mir maachen eng Léisung. D'Léisungen, d'Biller, d'Wierker existéiere schonn an engem potentielle Raum vu Méiglechkeeten."

Raim vun de potentielle Méiglechkeeten

''Latent spaces'', also latent Raim nennt de Mario Klingemann dës Plazen, an deenen déi potentiell Méiglechkeeten ze fanne sinn. D'Imaginatioun gëtt op eemol staark relativéiert. Si besteet eigentlech nëmmen nach doranner, den Ëmfang vun eisem Wësse lues a lues méi grouss ze maachen.

D'Schafenskraaft verléiert hire mysteriéise Charakter a reduzéiert sech op e puer Grondoperatiounen, nämlech : Informatioune sammelen ; dës Informatioune permutéieren, interpoléieren, veränneren, projezéieren ; kucken, ob een domat sengem Zil méi no komm ass ; an um Enn moosst een dann d'Originalitéit vum Wierk. "Bei all deenen Operatioune kann d'Maschinn hëllefen", sou de Mario Klingemann.

Seng Konscht: Algorithmusse programméieren. Mat sengem Projet ''My artificial muse'', zum Beispill. hat hie pornografescht Material duerchsicht, mat engem Fokus op Kierperposen, déi hien an de Computer agespeist hat, fir domat nei Formen ze schafen.

"Fir mech ass den interessante Volet deen, datt ee mam Modell ka spille wéi mat enger Marionett. Et kann een d'Aspekter vun engem Gesiicht, oder engem Kierper, oder enger Landschaft op eng ganz fein Aart a Weis kontrolléieren. Oder et kann een Date matenee kombinéieren, an och dat ass interessant: well der Maschinn ass et um Enn egal, ob si et mat engem Bild, engem Text oder engem Museksstéck ze dinn huet. Dat sinn alles Zuelen. Latent Raim erlaben et engem, dës Zuelen zesummen ze bréngen, Zesummenhäng ze fannen tëschent Musek a Biller, oder Text a Biller."

"A walk in the park" (Josh Mobley)

Sich no Ähnlechem

D'Sich no Kombinatiounsméiglechkeeten an de latente Raim baséiert zu engem groussen Deel op der Iddi vun Ähnlechkeet. Ech ginn dem Computer e Bild vun der Mona Lisa, an hie fënnt mer all méiglech Biller, déi beispillsweis eng änlech Postur enthalen. Oder ech siche Gruppefotoe mat änleche Konstellatiounen. Oder Illustratioune vun abstrakte Konzepter wéi ''Elengsinn''.

"Dir kënnt dem Algorithmus e Beispill ginn an ëm soen: déi an déi Saach sichen ech. Den Algorithmus geet elo dohin a moosst: wéi no ass dat, wat ech elo gesinn, vum Resultat, dat ech ustriewen? Dat entsprécht dann enger Zuel. Vun do u kann den Algorithmus e klenge Schrëtt an eng bestëmmte Richtung maachen a moossen: sinn ech méi no drun oder méi wäit ewech? De Computer geet dësem sougenannte Gradient no, versicht ëmmer méi no drun ze kommen. An dëse ganze Prozess ass nees eppes, wat ee formt.

Hei stellt sech d'Fro, wéi een Ähnlechkeet ka vergläichen. Sinn ech méi un engem bestëmme Stil interesséiert? Oder hätt ech éischter gären e Gesiicht? Et gëtt immens vill artistesch oder wëssenschaftlech Weeër fir dës Sich ze beaflossen. Dir hutt dee riisege Raum, an d'Manéier wéi dir dee Raum duerchsicht gëtt praktesch är kënschtleresch Ausdrocksform."

Plaz fir Zoufall a Schéinheet?

Ass Konscht vu kënschtlecher Intelligenz also just puer Berechnung ? Dat Accidentellt, dat wat net virauszegesinn ass, kann duerchaus och de kreative Prozess beaflossen, seet de Mario Klingemann - virausgesat, et kënnt vu baussent dem System eran. A wéi gesäit et da mat der Schéinheet vun där Zort vu Konscht aus?

"Schéinheet ass ëmmer e komescht Konzept. Ech schwätze léiwer vun "interessant''. Interessi ass e Facteur, deen ee ka moossen: E läit iergendwou tëschent totaler Konfusioun a langweileger Widderhuelung. Ech sinn der Meenung, datt déi Modeller et erlaben, eng Zäit laang interessant Biller ze produzéieren. De Problem mat allem wat interessant ass: et notzt of. Zum Beispill är Liblingslidder: dir kënnt se dräi Deeg um Stéck lauschteren, iergendwa gëtt et awer langweileg. Dat selwecht gëllt fir Biller an och aner Saachen. Eist Gehier bestrooft eis zu engem gewëssen Zäitpunkt, et gëtt keng Satisfaktioun méi.

Sécherlech kann aus Interessantem Schéinheet entstoen: verschidde Leit kënnen déi Biller ganz schéi fannen, anerer ganz ellen. Mee och dat si just Kategorien."


Viru Kuerzem huet hien eng Videokonferenz fir de Konscht-Casino gehalen: ''L'image de demain. Latent expeditions''.