Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Destroyer - It Takes A Thief

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Atlantide" ass beschte Film um Luxfilmfest

LuxFilmFest

"Atlantide" ass beschte Film um Luxfilmfest

Op der 12. Editioun vum Luxembourg City Filmfestival gouf dem Italiener Yuri Ancarani seng onkonventionell Doku-Fiktioun ausgezeechent. Beschten Documentaire ass den argentinesche Bäitrag "What will summer bring".

auto_stories

1 min

Als eng Mëschung tëschent "Miami Vice" a Bruno Dumont kéint een "Atlantide" beschreiwen. Deen Drama stellt den existenzielle Vide vun der venezianescher Jugend op eng visuell impressionnant Manéier duer.

Als beschten ënner sechs selektionéierten Documentairen ass den argentinesche Film "What will summer bring" (Ignacio Ceroi) priméiert ginn.

De Kritikerpräis geet ex-aequo un de mexikaneschen Drama "Prayers for the stolen" (Tatiana Huezo) an den iranesche Film "Hit the road" (Panah Panahi).

An der Kategorie vun de Virtual-Reality-Produktioune goufen ex-aecquo "We are at home" a "Goliath: Playing with reality" ausgezeechent.

Éischte Laureat vum neie "Luxembourg Aid & Development"-Präis ass "Aya" (Simon Coulibaly Gillard), mat enger Mention spéciale fir "Prayers for the stolen" (mention spéciale).

Dem Publikum huet "Hit the road" am beschte gefall.

Op der Präiszeremonie um Kierchbierg gouf den Elia Suleiman geéiert. De palestinensesche Cineast, dee fir säi politesch-bürleske Kino bekannt ass ("Intervention divine", "It must be heaven") huet den internationale Jury vun der offizieller Kompetitioun presidéiert.

Eng 10.000 Spectateuren hätten de Wee an d'Säll wärend dem Festival fonnt, sou d'Organisateuren.