Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Politesch Nuecht an Nordamerika

Konscht

Politesch Nuecht an Nordamerika

Mat hirer Ausstellung “La Nuit politique” setzt d’Aude Moreau sech mat véier nordamerikanesche Stied auseneen. Am Casino-Forum d’art contemporain ginn dës ekonomesch Zentere mat hirer markanter Architektur a risege Logoe gewisen. D’Kënschtlerin huet sech virgeholl, d’Zesummespill tëschent Wirtschaft, Politik, Architektur a privatem respektiv ëffentlechem Raum ze hannerfroen.

auto_stories

6 min

Aude Moreau, Extrait aus “The End in the Background of Hollywood” (Foto: Casino Luxembourg)

D’Aude Moreau hat 2009 fir de Casino d’Expositioun “Tirer le Ciel” realiséiert. Elo ass si mat hirem Projet “La Nuit politique zeréck. Eng Ausstellung, déi si am Optrag vun der Galérie de l’UQAM vu Montréal op d’Bee gestallt huet, an déi vun der Direktesch vun dëser Galerie am Québec, der Louise Déry, kuratéiert gouf.

Als Kënschtlerin geet et der Aude Moreau net virrangeg drëm, fir schéin Objeten ze produzéieren, also sech méiglechst profitabel um Konschtmaart ze bedeelegen. Vill méi wëll si mat hiren Aarbechten op déi komplex Zesummenhäng tëschent Ekonomie a Muecht opmierksam maachen, an dës Relatioune kritesch hannerfroen.

Am Casino-Forum d’art contemporain gi Fotoen, Filmer an Tounopnamen presentéiert, déi op véier nord-amerikanesch Stied bezu sinn: Montréal, Los Angeles, New York an Toronto. Besonnesche Wäert gëtt op déi ekonomesch Zentere vun dëse Stied geluecht, mat hiren Héichhaiser a Liichtschrëften.

Opfuerderung, fir aus Montréal eraus ze goen?

Fir Montréal ass et “Sortir”. D’Aude Moreau huet d’Tour de la Bourse aus engem Helikopter eraus gefilmt, deen den Tuerm erëm an erëm, bal sou wéi am Leerlauf, ëmkreest huet. D’Opnam gouf am Kader vun enger Nuit Blanche realiséiert. D’Kënschtlerin hat mat de Proprietairë vum Gebai ofgemaach, datt d’Beliichtung vun de Banneraim sollt esou ageschalt sinn, datt d’Fënstere vum Tuerm d’Wuert “Sortir” erginn hunn. Wat een deen Ament als eng Opfuerderung konnt interpretéieren.

“Déi dominant Pouvoiren, déi an der Stad iwwer all méiglech Logoen an eng ostentativ Architektur visibel sinn, sollen hannerfrot ginn”, erkläert d’Curatrice Louise Déry. “D’Aude Moreau versicht den Zesummenhang tëschent dëse Pouvoiren an der Realitéit vun de Leit, déi do liewen, ze verstoen.”

Aude Moreau, Reconstruction, 2012 (Foto: Casino Luxembourg, Mike Zenari)

D’Enn vun “Hollywood”?

Fir Los Angeles sinn et eng Rei Aarbechten. Dorënner eng Foto, an der Owesdämmerung, vun deem berühmten “Hollywood”-Schrëftzuch, deen hei bal e bëssen ausgeknipst wierkt. Spektakulär ass d’Filmopnam “The End in the Background of Hollywood” - nees aus engem Helikopter gefilmt. Et ass en Travelling hannerzeg, dee bei den Héichhaiser am wirtschaftlechen Zentrum vun der Stad ufänkt, wou d’Zwillingstierm vum City National Plaza esou beliicht sinn, datt se de SchrëftzuchThe End” erginn – hei gi méi Bedeitungen ugedeit.

Ouni jeemools dëse Schrëftzuch als Haaptreferenzpunkt matzen am Bild ze verléieren, beweegt sech d’Kamera lues a lues dovunner ewech, fir schliisslech déi ganz Stad z’erfaassen. De Soundtrack dobäi, eng Zesummenaarbecht mam Komponist Thierry Gauthier, orientéiert sech un apokalyptesche Filmmuseken, an huet dach och eppes ganz Berouegendes.

Manner ass méi, oder?

New York gëtt duerch e Film representéiert, vun de Gebaier op a ronderëm där Plaz, wou de World Trade Center stoung. “Reconstruction”, vum Hudson River aus gedréint, ass awer och eng Repérage-Aarbecht fir ee gréissere Projet deen nach realiséiert soll ginn: “La Ligne Bleue”.

D’Zil hei ass et, bei dësem ganzen Ensembel vun Héichhaiser zu Manhattan hir Besëtzer z’iwwerzeegen, datt zu engem bestëmmten Zäitpunkt a sämtleche Fënsteren op enger bestëmmter Héicht eng Aart bloe Store ubruecht gëtt. An dann, wann et däischter ass, op dësem Stack d’Bannebeliichtung iwwerall un ass, soss iwwerall dann aus. Vu bausse gekuckt verleeft ëm déi ganz Gebaier eng blo Linn, op enger Héicht vun 69 Meter, wat genee deem Stand entsprécht, deen d’Waasser géing erreechen, wann d’Pole géife komplett schmëlzen.

Aude Moreau, Less is More or..., 2015 (Foto: Casino Luxembourg, Mike Zenari)

Och fir Toronto weist d’Expo e Projet, deen nach net ofgeschloss ass, konzentréiert op d’Tierm vum Architekt Mies van der Rohe. Deem him zougeschriwwe Sproch “less is more” soll op de véier Säite vun deene véier Tierm opliichte gelooss ginn. D’Aude Moreau huet dee Slogan awer verännert: bei hir heescht et “Less is more or...”. Domat soll de Wirtschaftswuesstem a Fro gestallt ginn.

Gesellschaftskritik aus der Perspektiv vun enger Kënschtlerin

Déi meescht Aarbechten vu “La Nuit politique” weisen also op Projeten hin, déi nach am Gaang sinn. An dach sti se och scho fir sech. “Et si verschidden Typpe vun Objeten, verbonne mat verschiddenen Typpe vun Ästhetik. Et geet ëmmer ëm een Aneneegräifen”, seet d’Kënschtlerin Aude Moreau.

Et sinn Aarbechten an diverse Realisatiounsstadien. Zemools am Zesummenhang mam aktuelle politesche Kontext an Nordamerika spillen se ëmmerhin op d’Méiglechkeet vum Enn vun der Welt un. An dach si se net ouni "Woaw"-Effekt: si hunn och eppes Kontemplatives, eppes ganz Ästhetesches.

“Et kéint ee vun engem ästheteschen Accomplissement schwätzen, mee et sinn d’Froen, déi am Mëttelpunkt stinn, déi kruzial sinn”, seet d’Curatrice Louise Déry. Froen, déi vun engem Kënschtler verschafft gi wieren, also noutgedrongen anescht, wéi se ee Publizist, ee Kommentator oder ee Philosoph géife behandelen.