Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dizzy - Open Up Wide

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Aus dem Nichts"

Filmkritik

"Aus dem Nichts"

D'Katja verléiert bei engem Attentat hire Mann an hire Bouf. Et kënnt de Verdacht op, datt Neonazien hannert allem kéinte stiechen. De Thriller vum Fatih Akin ass zwar ambitionéiert, huet awer e previsibelt Dréibuch.

auto_stories

4 min

D'Diane Krüger spillt a hirer éischter däitschsproocheger Roll d'Katja, där hiert Liewe sech ëm d'Hansestad Hamburg dréit. Zesumme mat hirem Mann, engem kurdeschen Tierk, deem no senger wéinst Drogendelikter ofgesiessener Zäit am Bing d'Resozialisatioun gelongen ass, huet si e klenge Bouf. De Rocco.

Si féiert de Jong, ier si mat enger héichschwangerer Frëndin an den Hamam geet, bei de Mann bzw. Papp op de Büro a weess nach net, datt si dës zwee wichtegst Mënschen aus hirem Liewen net méi wäert erëmgesinn. Eng Bomm geet héich an hannerléisst, nieft deenen zwee Affer, nach vill Blesséierter. D'Katja ass verständlecherweis kee Mënsch méi.

Elteren a Frënn stinn zwar zur Säit, mä d'Enquêteure vun der Police stinn hir op d'mannst grad sou no. Et gëtt versicht, d'Ursaach vum Attentat op d'Vergaangenheet vun hirem Mann zréckzeféieren. Ouni Resultat. Si hëlt sech da preventiv Hëllef bei engem Affekot, an da kënnt si mam Verdacht, datt Neonazien hannert allem kéinte stiechen. Virun allem, well eng jonk däitsch Fra sech verdächteg beholl huet.

E Präis zu Cannes

Net nëmmen ass "Aus dem Nichts" dem Diane Krüger hir éischt Roll an däitscher Sprooch, mä si krut dofir och prompt den Interpretatiounspräis dank enger Jury, déi vum Pedro Almodovar zu Cannes presidéiert gouf. Den Thierry Fremaux hat hei och net eng éischte Kéier de Fatih Akin op d'Croisette agelueden.

Viru genee zéng Joer schonn hat de Realisateur do säin "Auf der anderen Seite" gewisen an dofir de Präis fir säi Schreiwes gewonnen. "Aus dem Nichts" ass am direkte Verglach zu deem Film, mä och zu senger Adaptatioun vum Wolfgang Herrndorf sengem Roman "Tschick", eng komplett aner Zort Kino.

En ambitionéierten Thriller

Den Däitsch-Tierk Akin liwwert mat sengem eelefte Film en ambitionéierte Thriller. Manner logistesch ambitionéiert wéi säin Armenien-Drama "The Cut", dee kee Succès war, dofir awer ambitionéiert am Sënn vu Geste a Richtung gesellschaftlech a sozio-politesch Plus-value. Et war just eng Fro vun der Zäit, bis datt den däitschen an däitsch-sproochege Kino seng Opmierksamkeet der NSU, dem nationalsozialisteschen Untergrund, géif widmen.

D'NSU huet Ufank den 2000er eng ganz Rëtsch Migrante mat Uschléi gezielt ëmbruecht. An deem Zesummenhang ass och den däitsche Verfassungsschutz mat der Praxis vu V-Männer schwéier a Kritik geroden. E Skandal, deen héich Welle geschloen huet a wou bis haut nach méi Froen opstinn, wéi der beäntwert goufen.

E batteren Nogeschmaach

De Fatih Akin huet et sech also am "Aus dem Nichts" zu Häerz geholl, genee dat unzeschwätzen. Wat an Hisiicht vum Chrëschtmaart-Attentat zu Berlin, an där ganzer Rëtsch vun Ugrëff a Franken an dem Fait, datt d'Attentat am Film am Joer 2016 soll stattfonnt hunn, ee battere Nogeschmaach matsechbréngt.

En Nogoût, deen zwar d'Volontéit fir en ëffentlechen Debat novollzitt, awer d'Gefill net lass gëtt, datt d'Diskussioun haut déi komplett falsch ass. Wat net heesche wëllt, dat d'NSU an hir Prozesser kee Film brauchen. Ganz am Géigendeel. Dat wat 1986 dee vum Stefan Aust geschriwwene Film "Stammheim" fir de Baader-Meinhof Prozess war, hätt déi ganz NSU Thematik och batter néideg.

E previsibelt Dréibuch

Dreschen, äiskal, beklemmend - alles wat "Aus dem Nichts" zwar wëllt sinn, mä schlussendlech zu kengem Ament ass. An dobäi spillen an den zwee Filmer den Ulrich Tukur mat. An dobäi funktionéiere beim Akin d'Geriichtszeenen zum allergréissten Deel am allerbeschten. Well fir de Rescht mécht sech de Realisateur wéinst sengem previsibelen Dréibuch a mat zimlech studentesche Situatiounen an Dialogen alles anescht wéi e Gefalen. Spéitstens am leschten Akt zerfält dann de Film komplett anenaner. Formell flitt dat Ganzt net wäit iwwert dee méi prestigiéisen Tëleesfilm.

Fir et also kuerz ze halen: Et ass dat Dréibuch, dat den Akin iwwregens mat der groer däitscher Tëleeseminenz Hark Bohm zesummegeschriwwen huet, wat dem Film zum Verhängnes gëtt. An do kann d'Krüger sech eraknéie wéi si wëllt. Well wéi dee Thriller et an d'Competitioun zu Cannes a wéi déi Schauspillerin dee Präis konnt kréien, bleift leider schleierhaft.