Radioen

On air

Notturno  |  Daniel Aged - Home Lost

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aus der Kompetitioun (1)

Filmfestival

Aus der Kompetitioun (1)

Korruptioun a Muechtmëssbrauch an der Ukrain, Widderstand 1968 géint de sowjetesche Besatzer nom "Prager Fréijoer" a Xenophobie an der multiethnescher Gesellschaft vun Transsylvanien.

auto_stories

4 min

How is Katia? (Christina Tynkevych)

D'Anna, Doktesch beim Rettungsdéngscht an elengerzéiend Mamm, muss materliewen, wéi hiert klengt Meedche praktesch virun hiren Ae vun engem Auto ugestouss gëtt. Allerdéngs ass d'Chauffeure d'Duechter vun enger bekannter Politikerin. An déi wëll den Accident vertuschen an d'Anna zu engem Arrangement zwéngen...

D'Kamera suivéiert d'Haaptprotagonistin op Schratt an Tratt, fänkt all hir Reaktiounen an, grad ewéi déi vun hirem onmëttelbaren Ëmfeld. Wéi d'Doktesch sech kuerz nom Accident iwwer hir Duechter knéit fir éischt Hëllef ze leeschten, bleift si konzentréiert a roueg, dat heescht professionell. Un där Haltung wäert sech am Laf vum Film net allze vill änneren. Mee dee Gesiichtsausdrock bréngt ganz ënnerschiddlech Gefiller zum Ausdrock: Schock, Trauer, Revanche...

Stilistesch orientéiert sech déi nach jonk ukrainesch Realisatrice Christina Tynkevych un der neier rumänescher Well vu sozialem Auteurskino, déi selwer staark un de Gebridder Dardenne inspiréiert ass. Hektesch Kamerabeweegunge stinn awer éischter am éischten Deel vun "How is Katia?" um Programm, duerno stabiliséiert sech d'Bild - wéi fir de Schock vun der Mamm duerzestellen.

Bemierkenswäert ass virun allem d'Bild, dat vun der ukrainescher Gesellschaft virun der russescher Invasioun gezeechent gëtt. Politesch Korruptioun, Muechtmëssbrauch an Ënnerdréckung vun all deenen, déi keng Muecht a keng Suen hunn... Alles Aspekter, déi net der propagandistescher Duerstellung vun der Ukrain als Musterdemokratie entspriechen.

Occupation (Michal Nohejl)

An der Zäit nodeems d'Truppe vum Warschauer Pakt 1968 de "Prager Fréijoer" brutal gestoppt haten, féiert eng kleng Theatertrupp e Stéck iwwer en tschecheschen Nationalheld op, dee wärend dem Zweete Weltkrich Widderstand géint d'Nazie geleescht hat. Beim Patt no der Opféierung kënnt e stacksate sowjeteschen Offizéier déi iwwersiichtlech Owesgesellschaft stéieren a fuchtelt arrogant mat senger Pistoul dorëmmer. Kéng wéi een nun emol no e puer Pätt ass, schléit dat patriotescht Häerz méi séier: d'Theaterleit denke sech e Plang aus, wéi se dem russeschen Okkupant meeschter kënne ginn...

Den tschechesche Film "Occupation" vum Michal Nohejl kënnt als politesch Satir dohier. De Huis clos, dee sech gréisstendeels an der Buvette vum klengen Theater ofspillt, huet allerdéngs Krämpes fir op d'Touren ze kommen. Déi net onbedéngt witzeg Dialoge kommen engem laang fir. Vläicht deelweis och well engem als net verséierte Spectateur déi eng oder aner Uspillung entgeet...

Bei aller Sympathie fir déi tschechesch Populatioun wärend der sowjetescher Besatzung, stéisst et engem dach e bësse batter erop, wann eng an SS-Uniforme gekleeten Theatertrupp e besoffene russeschen Offizéier péngegt. Zum Gléck steigert sech de Film därmoossen an d'Absurditéit, datt e sech um Enn als Farce entpuppt: den tschechesche Realisateur hëlt seng eege Leit op d'Schëpp. Domat kann een op d'mannst d'Pointe als Reussite wäerten.

R.M.N. (Cristian Mungiu)

Net wéineg Filmkritiker hate sech gewonnert, datt de Cristian Mungiu um leschte Festival vu Cannes mat sengem neie Film "R.M.N." eidel ausgaangen ass. D'Palme d'Or hat de rumänesche Cineast schonn 2007 fir säin Avortement-Drama "4 mois, 3 semaines, 2 jours" gewonnen. "R.M.N", de rumänesche Kierzel fir Kernspintomografie, gräift de Sujet vun der Xenophobie an engem transylvaneschen Duerf op.

Do wou d'Rumänen zënter Joerhonnerte mat der däitschsproocheger an der ungarescher Minoritéit zesummeliewen, ginn dräi Aarbechter aus dem Sri Lanka als onzoumuttbar Immigratiounswell wouer geholl. Den Haaptpersonnage Matthias, dee säin traditionellt Männlechkeetsbild géigeniwwer sengem Fils wëll oprecht erhalen, steet iergendwou tëschent de Fronten. Tëschent dem "gesonde Volléksëmpfannen" engersäits, anerersäits da senger Léift fir eng Fra, déi eng industriell Bäckerei leet an zu de wéinegen tolerante Mënschen am Duerf gehéiert.

De Realisateur Cristian Mungiu mécht et dem Spectateur awer net esou einfach, wann et drëms geet, Partei z'ergräifen. Déi kapitalistesch Logik, déi vun EU-Subventioune gefërdert gëtt, imposéiert Dumpingléin, wouduerch déi lokal Main-d'oeuvre ënner Drock geréit, an ëmsou méi empfänglech gëtt fir populistesch Discoursen a sech zréck besënnt op animalesch Urinstinkter. "R.M.N" ass eng komplex Radiografie vun der Gesellschaft, net nëmmen déi rumänesch. Den Héichpunkt vum Film ass eng laang Zeen, als fixe Plan séquence gefilmt, an där d'Duerf driwwer debattéiert, op déi dräi Sri Lankese solle bleiwen oder fortgoen.