Radioen

On air

Tockcity  |  Brother - Sixteen Hours

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aus ''Léift'' zu menger Mamm...

Netflix

Aus ''Léift'' zu menger Mamm...

De japaneschen Drama ''Mother'' analyséiert, wéi familiär Malaisë reproduzéiert ginn an an déi sozial Marginalitéit kënne féieren. E pessimistesche Film, deen net komplett an den Determinismus verfält.

auto_stories

4 min

D'Akiko (Masami Nagasawa) huet keng gutt an der Kopp. Déi jonk elengerzéiend Mamm mécht gär Party, dreift sech mat Männer erëm, verpolvert hir Sue bei Geldspiller. Schaffe geet d'Fra net an ëm hire klenge Bouf Shuhei bekëmmert si sech kaum, verlaangt awer vun der Famill, mat där si Sträit huet, finanziell ënnerstëtzt ze ginn.

Wéi d'Akiko den Näischnotz Ryo kenneléiert an och nach schwanger gëtt, schéngt et just nach eng Richtung fir si an hire klenge Jong ze ginn : d'Baach of.

Sozial Marginalitéit

De japanesche Realisateur Tatsushi Omori ass zimmlech produktiv : schonn eng Doze Filmer bannent de leschte 15 Joer. A sengem rezente Film ''Taro the Fool'' hat hie sech fir marginaliséiert Jugendlecher interesséiert, déi iergendwéi laanscht de Schoulsystem komm si fir dann op déi schif Bunn ze geroden.

Eng änlech Thematik behandelt den Omori a sengem neie Sozialdrama ''Mother''. Wéi den Titel et schonn undeit steet hei eng Mamm-Kand-Relatioun am Virdergrond. De Film pendelt hin an hir, konzentréiert sech mol op deen een, mol op deen anere Personnage.

Onwierdeg Mamm

Am Ufank läit de Fokus um Akiko. Si gëtt als onwierdeg Mamm duergestallt, déi tëschent cholereschen Ausbréch an äiskaler Berechnung schwankt. Eng Erklärung fir hiert Behuele kritt een nëmmen indirekt geliwwert. D'Ursaache vum déiwe Konflikt mat den Elteren an der Schwëster gi just gesträift. Dem Akiko säi Virworf, géigeniwwer der Schwëster benodeelegt ginn ze sinn, gëtt am Raum stoe gelooss.

Wat zielt ass wuel de soziale Mechanismus, duerch deen e Malaise reproduzéiert, vun enger Generatioun op déi aner iwwerdroe gëtt. Vläicht huet der Fra hir Mamm si an der Kandheet net anescht behandelt ewéi si selwer mam klenge Shuhei ëmgeet. Dee bleift gréisstendeels passiv, stoesch, hëlt d'Zoumuddunge vu senger Mamm einfach esou a Kaf. D'Offer vu sengem gescheete Papp, bei him ze wunnen, refuséiert de Jong.

Kette vun emotionalen Ofhängegkeeten

Souguer als Jugendleche bréngt hien et net fäerdeg, sech vun där dominanter Mamm ze befreien, eng Mamm, déi him just e Liewen op der Strumm ze bidden huet, him eng schoulesch Erzéiung virenthält an hien zu onméiglechen Handlungen zwéngt.

''Mother'' analyséiert déi emotional Ofhängegkeeten tëschent de Personnagen, déi si fir sech als Léift verklären. Änlech wéi de Bouf hir géigeniwwer ass och d'Mamm ofhängeg. An zwar vun engem Mann, dee si ausnotzt, si schléit, mee fir dee si bereet ass alles ze maachen.

Déi alleréischt Zeen vum Film weist, wéi de klenge Jong eng géi Strooss erop trëppelt, seng Mamm op eemol vun uewe erof mam Velo op en duer kënnt an hien nees mat erof zitt - d'Gesetzer vun der Schwéierkraaft op dat soziaalt Liewen applizéiert.

Kee puren Determinimus, mee...

D'Personnagë vu ''Mother'' sinn allerdéngs net engem totalen Determinismus ausgeliwwert. Sou ginn et Schlësselmomenter am Film, an deenen de Shuhei sech fir eng aner Richtung kann entscheeden, an deenen hie souguer d'Hand gereecht kritt.

D'Fro ass, ob hien déi néideg moralesch Kraaft huet, fir no där Hand ze gräifen an d'Hëllef unzehuelen. Där Geleeënheete gëtt et net vill am Liewen. Mee wann ee bis iwwer d'Bréck ass, féiert kee Wee méi zréck.

''Mother'' ass een a blatzegen Téin gehalenen, duerch an duerch pessimistesche Film, an deem d'Acteuren duerch laang Pläng genuch Raum kréie fir sech auszedrécken. An dat maachen se mol net esou schlecht.