Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Auto-Kinoen zu Mamer an Iechternach

Kultur

Auto-Kinoen zu Mamer an Iechternach

De Moment mussen déi konventionell Kinoen aus Sécherheetsgrënn hir Dieren zouloossen, dat gëllt awer net fir d'Auto-Kinoen. Mat verschiddene Sécherheetsmesurë kann een zu Mamer an zu Iechternach Filmer a sengem Auto genéissen.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / Viktor Birkus

Zanter dem 14. Mee bitt d'Gemeng vu Mamer zesumme mat Caramba, de Mamer Autokino un. Bis Ufank August weist een do eng Mëschung aus Klassiker, Blockbuster a Kannerfilmer.

An dësen Auto-Kino ass eng Initiativ, déi wéinst der Covid-19-Pandemie gestart gouf. Well de gutt gefëllte Summerprogramm huet missen ofgesot ginn, hätt een de Bierger eppes bidde wëllen, wat sécher wier, seet de Francis Verquin vun der Mamer Gemeng.

Vum 28. Mee un organiséiert de Cine Sura en Auto-Kino beim Iechternacher Séi. Anescht awer wéi zu Mamer, ass dat heiten awer keng Initiativ, déi spezifesch wéinst dem neiaartege Coronavirus an d'Liewe geruff gouf, mee dësen Event feiert dëst Joer den zéngte Gebuertsdag.

Et hätt een awer bei dëser Editioun munches aneschters maache missen, seet de Michael Battenberg, President vun der Cine Sura ASBL. Et hätt een e Konzept ausgeschafft, dat een der Iechternacher Gemeng an duerno och dem Kulturministère virgeluecht hätt.

"Es ist wahnsinnig viel Arbeit, das muss man deutlich sagen, weil wir nicht so auftreten können wie normal. Für den Kunden ist es letzendlich auch umständlicher. Weil wir wollen ja auch unsere Leute vor Ort, die allabendlich den Eingang und die Technik maachen schützen, auf der anderen Seite aber auch den Gast schützen. Das heißt unser Konzept sieht so aus, dass wir nicht miteinander in Kontakt kommen, weder mit dem Gast, noch die Kollegen untereinander."

Souwuel zu Mamer wéi och zu Iechternach soll ee sech un déi offiziell Richtlinnen halen, heescht an engem Auto sollen nëmmen d'Persounen aus engem Stot setzen.

Bis elo gudde Feedback

Den Toun beim Auto-Kino kënnt aus dem Autoradio, do gëtt et dann eng spezifesch Frequenz, déi een astelle kann. An am Prinzip wier dat och mat all Autoradio méiglech, seet de Francis Verquin vun der Mamer Gemeng. Falls een awer keen hätt, hätte si eng Rei Koffer-Radioen, déi een ausléine kéint.

De Feedback op den Auto-Kino wier bis elo ganz gutt gewiescht, seet de Michael Battenberg, President vun der Ciné Sura ASBL.

"Die Leute nehmen das unwahrscheinlich gut an, 750 Tickets haben wir schonn verkauft, innerhalb vun drei, vier Tagen, also das geht richtig gut los. Und es gibt weitere Anfragen von anderen Gemeinden, die gerade auf der Suche nach dieser Technik sind, weil die momentan sehr begeehrt ist aber nicht immer verfügbar."

Infoen zum Iechternacher Auto-Kino fann Dir op cinesura.com a weider Informatiounen zum Mamer Auto-Kino op mamer.lu/autokino oder caramba.lu.