Radioen

On air

De Moien  |  The Jesus And Mary Chain - Head On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Schoulmeeschter an engem klengen anatoleschen Duerf

Buch-Tipp fir de Summer

E Schoulmeeschter an engem klengen anatoleschen Duerf

An engem klengen Duerf an Anatolien muss den Uewen an der Schoulklass fir d'éischt opgehëtzt ginn, ier den Unterrecht kann ufänken. Den tierkeschen Dichter Azad Ziya Eren huet eng Zort poetescht Tagebuch iwwer seng Zäit als Schoulmeeschter geschriwwen.

auto_stories

3 min

Wéi ass et méiglech op nëmmen 130 Säiten esouvill Inhalt zesummenzebréngen? Et ass e schmuelt Band, an deem den tierkesche Schrëftsteller Azad Ziya Eren iwwer seng Zäit als Schoulmeeschter am klengen anatoleschen Duerf Sakizköy erzielt. Dat war am Joer 2002, hie war frësch vun der Uni.

Eng Lecture, bei där een net just villes iwwer dat haart Liewen an engem Duerf no un der syrescher Grenz gewuer gëtt, mä grad esou vill iwwer déi politesch Entwécklung an der Tierkei. Dozou gehéieren de Konflikt tëschent der PKK an dem tierkesche Regime, tëschent dem Glawen an dem Laizismus, tëschent de Generatiounen ...

Dem Azad Ziya Eren säi Buch bréngt engem déi tierkesch Literaturgeschicht ganz no. Et mécht den Ënnerscheed tëschent der Stad- a Duerfliteratur verständlech an och, datt alles nach vill méi komplex ass, wéi ee gemengt huet. E Buch also, dat engem eng nei Welt ganz vertraut mécht.

En haarde Wanter an dem klengen Duerf

Hien hätt u sech guer net Wëlles gehat, Schoulmeeschter ze ginn an och net Biolog, erzielt den Auteur. De Beruff hätt hie just geléiert, well hie vum Goethe senger Metamorphose der Pflanzen esou faszinéiert war. Wéi hien dunn an dat anatolescht Biergduerf versat ginn ass, war hie vun de Bewunner grad esou iwwerfuerdert, wéi d'Communautéit vum him.

Vill Säite consacréiert den Azad Ziya Eren senge Schüler, déi dacks eréischt an d'Schoul kommen, nodeems si sech ëm d'Véi an d'Feld gekëmmert hunn. Mat hinne muss de Schoulmeeschter dacks fir d'éischt d'Waasser aus dem iwwerschwemmte Klassesall kieren, ier et mam Léiere lass goe kann. Am Wanter muss den Uewen an der Klass mat Brickette gefëllt ginn, nodeems si sech en Zougang duerch de meterhéije Schnéi geschëppt hunn.

Lues a lues vun der Communautéit akzeptéiert

De Machismus, d'Relioun, d'Sturheet an dat haart Schaffen dominéieren den Alldag vun de Bierger. Den Auteur beschreift dëst Liewen als e ganz opmierksamen Observateur ouni Jugementer awer och ouni Sentimentalitéit.

Hien versicht eng Welt gräifbar ze maachen, déi him friem ass, well se no anere Reegelen a Gesetzer fonctionnéiert. Eng Welt, an där d'Konflikter tëschent Friemen an den Autochthone scho virprogramméiert sinn an awer eng immens Häerzlechkeet an Oppenheet ze spiere sinn.

Am Laf vun der Zäit gëtt de Schoulmeeschter en Deel vun der Communautéit. Dëst Segment vu sengem Liewen dokumentéiert den Azad Ziya Eren an enger immens poetescher Sprooch mat ville Verweiser op tierkesch an international Schrëftsteller, mat kuerzen Exkursen an d'Geschicht vun der Tierkei a vun Anatolien. Dat ganzt ass illustréiert mat Fotoe vu senge Schüler a vun den Duerfbewunner.

En Oppositionelle vum tierkesche Regime?

Den Azad Ziya Eren ass selwer armenesch-kurdescher Ofstamung. Hie lieft den Ament a Frankräich, wou hien eng Auteur-Residence genéisst. Wéi hien am Dezember d'lescht Joer aus der Tierkei gereest ass, krut hien um Fluchhafe säi Pass ofgeholl. Säin Job als Schoulmeeschter hat hie scho virdru verluer. De Poet gëtt, wéi dausend anerer, verdächtegt, en Oppositionelle vum aktuellen tierkesche Regime ze sinn.

"Instituteur de campagne en Anatolie" ass am Verlag Bleu autour publizéiert.