Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Blonde Redhead - Melody Experiment

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Baby Driver" - dee kreatiivsten Action-Film vum Joer

Filmkritik

"Baby Driver" - dee kreatiivsten Action-Film vum Joer

Am Film vum Edgar Wright passt esou gutt wéi alles. Net nëmme sinn d'Verfolgungsjuegten, mä de Film am grousse Ganzen op iwwer 30 Lidder zougeschnidden an an Zeen gesat. Ee summerleche Spaass!

auto_stories

4 min

Am Kino gëtt et eppes, dat ass u cinematographescher Rengheet net z'iwwertreffen: d'Verfolgungsjuegd. Si gëtt meeschtens mat Hëllef vun Autoen duerchgefouert a gehéiert zum ABC vum Kino. Net vum Action Genre, mä vum Kino am Allgemengen. An dat vun de fréie Charlie Chaplin Kuerzfilmer u bis bei den aachte Volet vun de "Fast and Furious" Filmer.

Verfolgungsjuegten an der Filmgeschicht

Iwwert Joerzéngte sinn natierlech vill mëttelméisseg bis schlecht Verfolgungsjuegten op de groussen Ecran komm. "A Vanishing Point", "The French Connection", "Blues Brothers", "Bullitt", an de "Mad Max" Filmer oder an "The Driver" si Sequenzen, an deenen een oder méi Autoen hannertenee fueren a Filmgeschicht geschriwwen hunn. Verfolgungsjuegte mat engem Enjeu, engem Sënn fir reell Gefor, engem Gefill fir d'Personnagen an d'Geschicht vum Film. Dat ass alles anescht wéi einfach. Et sief gesot, datt d'"Fast and Furious" Filmer et net all ze gutt maachen.

Genee déi uewe genannte Filmer huet den englesche Realisateur Edgar Wright, e richtege Cinéphile, natierlech gesinn. An et ass wéineg verwonnerlech, datt dës Filmer den Ursprong si vu sengem eegenen, neien, sechste Film.

Synopsis

De Baby ass e jonke Mann, deen den Tinnitus an den Oueren huet an dowéinst permanent Musek op sengem iPod lauschtert. De Baby ass awer och en talentéierte Pilot hannert dem Steierrad vun engem Auto. Et ass wéineg verwonnerlech, datt hien de Chauffer bei Bankiwwerfäll ass, déi de Personnage vum Kevin Spacey plangt, an déi vun engem Grupp vun exzentreschen Banditten duerchgefouert ginn.

De Baby fiert, a fiert, a fiert. Enges Daags léiert hien awer e Meedche kennen a ka sech virstellen, zesumme mat him Musek ze lauschteren a méi gemittlech mam Auto, vläicht a Richtung Sonn ze fueren. Mat sengem Fuertalent erweist et sech awer als ausseruerdentlech schwiereg, aus de Fangere vun der krimineller Organisatioun z'entwutschen. An da leeft och nach een Iwwerfall schif.

Net méi, mä op alle Fall net manner, brauch de Wright fir a sengem éischte Film no véier Joer nees kënnen op Héichtouren ze kommen. Wéinst Differenzen ass säin Engagement am Marvel Film "Ant-Man" net all ze gutt ausgaangen. Mä dat ass am Hibléck op dëst summerlecht Action-Highlight séier nees vergiess.

Op d'Musek zougeschnidden

Am wuel erfollegräichste Film vum Englänner passt esou gutt wéi alles. D'Dramaturgie an d'Form verschmëlzen zu engem groussen, dynameschen Aaacht-Zylinder an op d'mannst 120-Dezibel-haarde-Monster, deen d'Personnagen duerch déi spektakulär a gekonnt Action Sequenze bréngt.

De Montage an d'Musek, zwou Disziplinnen, déi de Wright nach ëmmer verspillt agesat huet, kréien hei eng ganz aner Dimensioun. Net just sinn d'Course Poursuiten, mä de Film am grousse Ganzen, op déi iwwer 30 Lidder zougeschnidden an an Zeen gesat. Keng Angscht, vu sougenannter Videoclip-Ästhetik, engem mat Recht pejorativ konnotéierten Terme, ass hei keng Rieds. De Wright bréngt et fäerdeg an deem onwahrscheinleche Kaméidi eng scho bal Musical-ähnlech poetesch Qualitéit anzebauen. Déi déck Boliden, genee wéi d'Personnagen, danze bal zéng mol méi wéi de Ryan Gosling an d'Emma Stone a "La La Land".

Duerchduechten a verspillte Ballet vu Formen

De Montage gëtt duerch d'Musekasätz legitiméiert, d'Musek gëtt vum Baby legitiméiert an de Baby a seng Conduite legitiméieren nees de Montage. Et ass e perfekt duerchduechten a gläichzäiteg verspillte Ballet vu Formen, dee sech ni widderhëlt an doduerch einfach nëmme just Spaass mécht. An zwar déi ganz Dauer vum Film, also eng Stonn a 50 Minutten, laang.

An dee Spaass iwwerdréit sech och op d'Schauspiller. Laang scho konnt ee kengem Kevin Spacey, Jon Hamm, Jamie Foxx a Konsorte méi mat esou vill Freed bei hirer Aarbecht nokucken. Wéi se alleguerten op hir Aart a Weis de Gangster eraushänke loossen. Do ka sech den Tarantino eng Scheif dovun ofschneiden. Mä deen interesséiert sech elo anscheinend fir de Charles Manson. Bis et esouwäit ass, soll ee sech Baby Driver, dee kreatiivsten Action Spaass vum Joer, net entgoe loossen.

"Baby Driver" vum Edgar Wright