Radioen

On air

Tockcity  |  Vampire Weekend - Classical

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Kummer ouni Vue

"The Walled Off"

Eng Kummer ouni Vue

Am Summer 2015 hat de Stroossekënschtler Bansky mat "Dismaland" en düstert an erdréckend "Anti-Disneyland" ageweit. Elo setzt hien nach eng drop. An dat mam "The Walled Off" zu Betlehem, en Hotel mat der schlechtster Vue, déi et weltwäit gëtt. All Fënstere ginn nämlech op déi israelesch Sperrmauer. Mä dofir bitt "The Walled Off" awer Protestkonscht vum Feinsten op quasi all Quadratzentimeter.

auto_stories

3 min

(Foto: picture alliance/Stefanie Järkel/dpa)

Den amerikanesche Filmproduzent Walt Disney an eben de britesche Streetartist Banksy wiere bestëmmt ni Kollege ginn. Den Disney huet säin "Disneyland" realiséiert, fir Grouss a Kleng eng Dramwelt ze verkafen. Fir hinnen eng Paus vun der Wierklechkeet z'erméiglechen. De Banksy awer positionéiert sech, zanter sengen Ufäng als heemleche Sprayer, géint d'Ewegkucke bei Mëssstänn.

En Hotelszëmmer mat enger wäiter, quasi onbegrenzter Vue op d'Mier. Eng éischtklasseg Plaz um Swimmingpool, net ze no um Sprangbriet, schéngt ville Leit hir ideal Virstellung vun enger Vakanz a vum Stressofbau ze sinn. Wat ronderëm, respektiv am Rescht vun der Welt geschitt, gëtt fir eng Zäit ausgeblennt.

Wien ass de Banksy?

De Banksy ass kee Frënd vu Massentourismus, dee fir hien eng Zort Ënnerkategorie vu "Masseverblödung" ze si schéngt. De mysteriéise britesche Kënschtler gëllt als ee vun de grousse Meeschter vum "Street Art". Seng dacks politesch Schabloune-Graffitie kënnen haut honnertdausenden Euro wäert sinn.

Déi genee Identitéit vum Banksy ass nach ëmmer onkloer. Hie schéngt tëscht 1973 a 1975 zu Bristol op d'Welt komm ze sinn. Mä zanter sengen Ufäng als Streetartist ass hien ënnergedaucht. Et ginn och keng Fotoe vun him. Verschiddener froe sech, op hannert dem Numm net e Kënschtlerkollektiv géif stiechen. Eenzeg konkret Verbindung zur Baussewelt ass d'Banksy-Agentin.

Eng Zäit laang sinn esou guer Banksy-Wierker a Galerië presentéiert ginn. Mä de Banksy (bleiwe mer bei deem Term am Singular) huet sech an der Lescht ëmmer méi vum Konschtmarché distanzéiert. D'Initiativ "Dismaland" zum Beispill huet en an Eegeregie an Zesummenaarbecht mat anere Kënschtler op d'Bee gestallt. "Dismaland" wollt am Fong enttäuschen. Fir déi englesch Vakanzendestinatioun "Weston-super-Mare" huet et sech awer zum Summerhit, zu der grousser Attraktioun 2015 entwéckelt. Iwwerhaapt net am Sënn vum Banksy?

"Maueren sinn haut total in"

De Banksy war schonn erëm enzwousch komplett anescht, nämlech a Palestina. Hie war heemlech an der Gazasträif ënnerwee an huet dräi Graffitien op d'Ruinë vum Gaza-Krich vum Joer virdrun gesprayt. Hien huet seng Spueren a Palestina hannerlooss. An déi palestinensesch Geschicht bei him och, zemools wéinst der britescher Roll an der Vergaangenheet. Seng Heemecht hätt Decisioune geholl, sech agemëscht, an d'Konsequenze géifen elo muttwëlleg iwwersinn, sou de Kënschtler. A weider: "Mauere sinn haut total in. Mee dat wousst ech als Graffiti-Sprayer laang, ier den Donald Trump se cool gemaach huet!"

Wou steet den Ament eng vun den héchste Maueren tëscht zwee Staaten? Am Westjordanland. Also huet sech de Banksy virun enger Zäitchen incognito an engem eidelen Etablissement zu Betlehem, direkt nieft dem "Schandfleck" installéiert.

Mat enger Crew huet en du säin "The Walled off Hotel" kreéiert. Den Hotel huet seng Dieren opgemaach a verkeeft sech zanter hier als "den Hotel mat der schlechtster Vue weltwäit". All Fënstere stoussen op déi israelesch Mauer. Mä dofir kritt een awer am "The Walled Off" Protestkonscht vum Feinste gebueden a 25 Minutte Sonneliicht pro Dag.

Begeeschterung a Kritik bei de Palestinenser

"Walled off" steet fir agemauert, mä och fir respektiv géint d'Hotelchaîne "Waldorf Astoria". Iwwert den Hotelsbetter hänke keng lächerlech Blummentableauen am Ueleg, mä Graffitien. Ee Graffiti weist zum Beispill zwee Zaldoten, déi mat Këssen openeeschloen. Am Restaurant hänke keng nostalgesch verstëbst Hirschgeweier un de Wänn, mä Iwwerwaachungskameraen a Steeschleideren. D'Bar an aner Raim kënnen iwwregens och vu Leit genotzt a besicht ginn, déi net an en Hotelszëmmer agecheckt hunn.

Verschidde politesch engagéiert Palestinenser hu sech op der Televisioun iwwert d'Initiativ begeeschtert gewisen. E palestinenseschen Hotelier soll awer kritiséiert hunn, datt de Banksy sech vu baussen a Saachen amëscht, déi en net komplett duerchkuckt. Vun israelescher Säit gouf et nach keng Reaktiounen op d'Initiativ am Westjordanland. "Westbank" soen d'Englänner jo och nach. Kee Wonner, datt et de Westbanksy an de Fangere gekribbelt huet.