"Mes Fleurs du Mal représentent des formes organiques en mutation. Elles séduisent sous leur faux airs attrayants et manipulent la perception, contaminent le regard et effacent les repères."
Kënschtleresche Laboratoire
Datt de Site vun der Residenz ee Sanatorium war, wousst d'Flora Mar am Virfeld, "Mee eréischt, wéi ech do drastoung, koum mir konkret d'Iddi, e Laboratoire do opzebauen." Sou hätt si dunn och in situ hir Aarbecht entwéckelt, mat Zeechnungen, Tënten, Solvanten, Pabeieren. "Sou a Petri-Schuele quasi sinn ech virgaangen." Wat dobäi erauskoum: Aarbechten op Pabeier, déi d'Kënschtlerin Étuden nennt. Dat well si sech guidéiere gelooss huet, "De fil en aiguille": Eppes wat erauskënnt weider entwéckelen an doduerch op eng nei Iddi kommen, wat een elo als nächst kéint maachen, esou hir Wierder. Dat wier wéi an der Fuerschung, "wou och en Zoufallsresultat een op d'Pist bréngt, wouhinner et ka goen."
D'Kraaft vun der Verféierung
D'"Fleurs du mal" a Japan haten den Ënnertitel "The power of seduction", also d'Kraaft vun der Verféierung. D'Zeechnunge wieren um Schluss all schéi gewiescht fir ze kucken, esou d'Kënschtlerin. Mee net well dat eng Intentioun war. Et wier einfach dat authentescht Virgoe gewiescht. "An et ass am Fong op déi Schéinheet reagéiert ginn."
Fir d'Flora Mar huet dat näischt domat ze dinn, datt Krankheeten aus Autoprotectioun tabuiséiert ginn. Mee eng gewëss Verdrängung wier schonn do, well am Fong keen derlaanscht kënnt, sech domat ze beschäftegen. Dat wier awer mat vill Effort verbonnen. En Effort, deen enger Kënschtlerin läit?
"Ëmmer ee Schrëtt hannendran"
Weltwäit stieche sech eng zéng Millioune Mënschen d'Joer mat Tuberkulos un. Domat ass d'Krankheet d'Dauer-Nummer-1 an der Statistik vun den déidlechen Infektiounskrankheeten. Dës Informatioun géif den Ament laanscht eis goen, "well et just nach een Theema gëtt, dat eis all potentiell concernéiert a paralyséiert". Grad esou wéi an der Konscht géifen et eben och an der Medezin Moude ginn, konstatéiert d'Flora Mar. Et wier wéi an der Kriminologie. "Mir sinn ëmmer deen, deen e Schrëtt hannendrun ass."
"Mee am Fong studéieren ech de Mikroorganismus a sengen zwou Komponenten. Also et ass emblematesch fir d'mënschlecht Verhalen. Dat ass dat, wat mech interesséiert. An deem Fuedem ginn ech no."
Ambivalenz tëschent onheemlech a schéin
Alles trennen ze wëllen - net just beim Recycling - ass fir d'Flora Mar typesch Mënsch. Dobäi sinn an der Natur d'Géigesätz verbonnen. Et géif kee Widdersproch tëschent onheemlech a schéi bestoen. Dës Ambivalenz hieft d'Flora Mar mat hire "Fleurs du mal" kënschtleresch op en anere Niveau. Och an dësen Zäiten?
Si hätt am Januar einfach esou eng Aarbecht nei opgeholl, déi si viru Jore leie gelooss hat. "Et handelt sech ëm eng grouss Zeechnung, drop ass e Mix vu Greta Thunberg a Coronavirus. Ech si weder esoteresch nach mystesch veranlaagt, mee dat do hëlt mir dach e bëssen den Otem."
Dat Spieren, datt eppes am Raum ass, oder den Zoufall - dee wëllt d'Kënschtlerin net ausschléissen. Mee och den Zoufall ass an hiren Aen net honnertprozenteg onschëlleg. Si géif am Fong un der Serie schaffen, "wann et vu banne kënnt. Net well elo Corona ass, maachen ech elo Corona-Saachen."