Radioen

On air

Resonanzen  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sinfonie Nr. 40 a Sol Mineur, K. 550, III. Menuetto. Allegretto - Trio - Berliner Philharmoniker, Simon Rattle (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Béis Loft" zu Lëtzebuerg

Geschicht

"Béis Loft" zu Lëtzebuerg

D'Covid-Noutmesurë vum Fréijoer d'lescht Joer verroden eng onbewosst Erënnerung un d'Peschterfarung hei am Land, schreift de Michel Pauly an engem Artikel vun der aktueller Nummer vun "Hémecht", der Zäitschrëft fir Lëtzebuerger Geschicht.

auto_stories

4 min

Ob Lëtzebuerg vun der grousser schwaarzer Pescht vun 1348-49 betraff war ass net sécher. Fir d'Stad Lëtzebuerg sinn dogéint zwou Dosen Epidemien tëschent 1452 a 1720 dokumentéiert.

Iwwer Peschtprozessiounen...

1636 war dee schlëmmsten Ausbroch vun der "béiser Loft", wéi een d'Pescht deemools genannt hat: Frankräich war d'Joer virdrun an den 30-järege Krich gezunn, Sëldnertruppe waren dowéinst op Lëtzebuerg komm - méiglecherweis dann och mat den déidleche Bazillen. Eischt Regierungsmesure si fir den 10. November 1564 beluecht. Allerdéngs keng Hygiènesmesuren oder Kontaktbeschränkungen, wéi ee se haut kennt: villméi war viru béisaartege Frieme gewarnt ginn, déi d'Peschtbazille géifen erabréngen. Déi sougenannte Peschtprozessioune ware reliéis Moossname géint d'Epidemie, och wa se éischter zur Verbreedung vun der Pescht dierfte bäigedroen hunn, schreift de Michel Pauly.

Ugebiet goufen dobäi déi Helleg Jost, Hadrian, Sebastian a Rochus. Duerch d'Peschtprozessioune krut dann och de Mariekult hei am Land en zousätzlechen Opdriff. Mat der Zäit schéngt een awer besser verstanen ze hunn, wéi sech d'Pescht verbreet. Et weess een, datt am Ufank vum 18. Joerhonnert an der Stad Wiertschaften an ëffentlech Spiller zougemaach, Bettler vun auswäerts verbueden, Cliente vun Iwwernuechtungsstrukture registréiert an Hygiènesmesuren ergraff goufen. No 1720 gouf et zu Lëtzebuerg an an Europa keng Pescht méi. Eng vun de Parallellen, déi de Michel Pauly mat der Covidpandemie zitt: deemools ewéi haut sinn déi Aarm der Krankheet méi ausgesat wéi déi Räich.

...an Provenzverwaltungen

Den Tom Birden verëffentlecht am neien Heft vun der Hémecht den zweeten Deel vu senger Etüd iwwer d'Verwaltung vun den éisträicheschen Nidderlanden wärend der Revolution brabançonne vu 1789-90. D'Habsburger ware jo eng Zäit laang vun de Revolutionäre verdriwwe ginn. Lëtzebuerg war zum provisoresche Sëtz vun der Provenzverwaltung ernannt ginn, vu wou aus een déi militäresch Reconquete organiséieren a lancéiere konnt. Den Tom Birden analyséiert d'Féierungspersonal an d'Finanze vun där Verwaltung, hir Relatioune mat der Wiener Zentralregierung, hir Spionagennetzer, déi et hir erlaabt haten, iwwer d'Situatioun an den Nidderlanden informéiert ze sinn.

Den Approvisionnement vun der strategesch wichteger Festung Lëtzebuerg war, dem Tom Birden no, eng besonnesch Prioritéit vun den Éisträicher: d'Lokalpopulatioun war den Habsburger gutt gesënnt, huet also misste bei Laun gehale ginn. Awunner vun der Province de Luxembourg, déi Zaldote bei sech opgeholl haten, goufen aus deem selwechte Grond finanziell entschiedegt: an zwar mam sougenannte "Schlafkreutzer".

Entwécklung vun der Radiolandschaft tëscht 1958 an 1974

Den Archivage vum Lëtzebuerger Web, eng vun de méi rezente Missioune vun der Nationalbibliothéik, steet am Mëttelpunkt vun engem kollektiven Artikel vum Trio Ben Els, Yves Maurer a Valérie Schafer. Hei am Land produzéiert Internetsäite sammelen ass duerch déi grouss Mass un Donnéeën en noutgedronge limitéierten Exercice. D'Krittären, no deenen d'Websäite vun engem Roboter erfaasst solle ginn an och den Notzen, deen de gesammelte Contenu fir beispillsweis Fuerscher erméiglecht, sinn allerdéngs a permanenter Evolutioun, schreiwen d'Auteuren.

Am leschte Bäitrag vun der aktueller Hémecht-Nummer befaasst sech den André Delvaux, fréiere Pater an der Abtei vun Orval, mat engem Gedicht vum Barthélemy Latomus d'Arlon, Schüler vum Erasmus vu Rotterdam. "Hymne pour la Nativité du Sauveur Christ", 1518 zu Basel entdeckt, ass dat eenzegt bekannte reliéist Gedicht vun deem Auteur, deen als ee vun de beschte Latinisten a Juriste vu senger Zäit bekannt ass. Den André Delvaux huet den Text etabléiert, aus dem laténgeschen iwwersat a kommentéiert.

Um Enn kann een dräi Fuerschungsberichter ervir hiewen, Theesen oder Memoirë vu Studente vun der Uni Lëtzebuerg, déi sech mat der Geschicht vun der Radiolandschaft ausernee gesat hunn: Mat de kommerzielle Sendere RTL an Europe 1 tëschent 1958 a 1974, der Entwécklung an der Grenzregioun vun de sougenannte "fräie Radioen", an da liest een och de Compte-rendu vun enger Etüd iwwer ëffentlech-rechtlech Medien hei am Land. Den 100,7-Mataarbechter Mohammed Hamdi beschreift do e gesetzlecht-regulatorescht Ëmfeld, dat enger zolitter politescher Onofhängegkeet vun ëffentleche Medien am Wee steet.