Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zentraalt Wierk aus MUDAM demnächst zu Gent?

Zäitgenëssesch Konscht

Zentraalt Wierk aus MUDAM demnächst zu Gent?

Dem Wim Delvoye säi Wierk "Chapelle" kéint am Musée fir aktuell Konscht zu Gent ausgestallt ginn. De Kënschtler weist sech iwwerrascht, datt säi Wierk aus dem MUDAM soll verschwannen. Generell beklot de Wim Delvoye sech, datt et ganz schwiereg wier, mat deene Responsabele vum MUDAM ze kommunizéieren. Fir d'nächst Woch wier awer e Gespréich mat der Directrice Suzanne Cotter virgesinn.

auto_stories

2 min

D'Konschtwierk "Chapelle" vum Wim Delvoye ass am MUDAM dauerhaft ausgestallt. Dës Informatioun um Internetsite vum Musée fir zäitgenëssesch Konscht um Kierchbierg ass net méi aktuell.

D'Chapelle soll ofgebaut ginn. Dat gouf e puer Wochen, nodeem déi nei MUDAM-Directrice Suzanne Cotter ugefaangen huet, bekannt.

D'Commande vum Wierk am Joer 2006 hätt präziséiert, datt d'Wierk demontabel a stockabel wier, heescht et am DP-Kulturminister Xavier Bettel senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.

"Keng Crèche"

"Ech hunn eng Email vun enger Assistentin vun der Madame Cotter kritt, fir mir ze soen, datt si d'Chapelle wäerten demontéieren", seet de Wim Delvoye, deen d'Wierk fir de Mudam entworf huet. "An ech war ganz ganz iwwerrascht."

Déi Plaz wier vum Architekt net fir e Konschtwierk virgesi gewiescht, esou de Xavier Bettel. Hannendru wier e Raum mat Lavabo an Toilette, deen accessibel gëtt a fir pädagogesch Aktivitéite gebraucht kéint ginn.

Ähnlech Grënn hätt de belsche Konzept-Kënschtler vun der Mudam-Directrice genannt kritt. "Mee ech hunn hir explizéiert, datt d'Kanner schonn zimlech dominant am Musée wieren, mam Accent op d'Educatioun vun de Kanner. Et ass ëmmerhi keng Crèche!", seet de Wim Delvoye.

"huet es genuch mat Lëtzebuerg"

Hie géif Muséeë kennen, déi ganz frou wieren, fir säi Konschtwierk illimitéiert auszestellen, seet de Wim Delvoye. Zum Beispill de SMAK zu Gent: "Si wiere frou fir d'Chapelle direkt ze huelen. Dat wäert d'Madame Cotter villäicht e bëssen erféieren. Si huet es genuch mat Lëtzebuerg, si ass ëmmer op der Rees a si wëllt net mat de Leit schwätzen."

Generell beklot de Wim Delvoye sech, datt et ganz schwiereg wier, mat de Responsabele vum MUDAM ze kommunizéieren. Fir d'nächst Woch wier elo e Gespréich mat der Suzanne Cotter virgesinn.