Radioen

On air

Notturno  |  Tindersticks - Stars At Noon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Berlin erënnert un de Michel Majerus

Konscht

Berlin erënnert un de Michel Majerus

15 Joer ass et hir, datt de Lëtzebuerger Kënschtler beim tragesche Luxair-Accident ëm d’Liewe koum. A senger Heemecht Berlin erënneren den Ament zwou Ausstellungen - an der "Galerie neugerriemschneider" an am "Michel Majerus Estate" - un den Artist. Se loossen déif blécken.

auto_stories

3 min

Michel Majerus. Laboratorium für die Feststellung des Offensichtlichen. Michel Majerus Estate, Berlin, 2017 © Michel Majerus Estate (Foto: Jens Ziehe)

Et ass schwéier dem Michel Majerus säi Wierk ze interpretéieren. Hie selwer huet zu Liefzäite vun der „Befreiung des Malers vom Thema Ausdruck“ geschwat. Vill méi sollt et sech bei him ëm eng nei visuell Sproch dréinen, déi manner subjektiven Ausdrock a méi objektiv Realitéit ass.

Des Realitéit war fir de Michel Majerus den Hyper-Kapitalismus an den 1990er Joren an den Ufank vum digitalen Zäitalter. Seng Biller weise Computerfigure wei de Super Mario, Comiczeechen oder iwwerdimensional grouss Elementer aus Reklammen. Hie wier ee Kand vu senger Zäit gewiescht, seet d’Barbara-Brigitte Mak vum Michel Majerus Estate zu Berlin.

Et verwonnert net, datt de Michel Majerus sech un der Technomusek vun de freien 1990er Joren inspiréiert huet. Sampling and Remixing, also d’Opgräifen an d’Vermësche vu verschiddene Stil-Elementer präge seng Biller. Zeechen aus dem Haut treffe bei him op Motiver aus der Konschtgeschicht. Referenzen op Warhol, de Kooning oder Basquiat komme bei him als visuell Zitater vir.

Virtuositéit keng Prioritéit

Ëm d’Molerei goung et him dobäi awer nëmmen an zweeter Linn, seet d’Curatrice Brigitte Franzen. “Hie wollt net als een eriwwer kommen, deen eng nei technesch Virtuositéit oder eng nei moleresch Virtuositéit am Sënn vum Material verkierpert”. Si wier fir hien ee Mëttel gewiescht, fir Alldagsobjeten a Konscht ëmzewandelen.

Obwuel dem Michel Majerus seng Biller aus dem prä-digitalen Zäitalter stamen, hu si näischt un Aktualitéit verluer. D’Berliner Galerie neugerriemschneider, déi zënter 1994 Wierker vum Majerus ausstellt, weist momentan seng Aluminium-Aarbechten.

De Galerist Tim Neuger kennt d’Wierker scho laang, ass awer ëmmer nees iwwerrascht, ewéi gutt si haut nach funktionéieren. “Obwuel de Michel nëmmen zéng Joer Zäit hat, dat alles ze schafen, hat hien ee massiven Output u Produktioun”. Et géif ëmmer erëm Saache ginn, déi een nei gesäit, sou den Tim Neuger.

Symbios tëschent Konscht a Raum

An der Galerie neugerriemschneider sinn e puer vun de bekanntste Wierker vum Michel Majerus ze gesinn. Dorënner d’Bild „yet sometimes what is read successfully, stops us with its meaning, no. II“ dat een iwwerdimensionalen Nike-Turnschong weist. D’Bild gouf 1998 eng éischte Kéier ausgestallt an houng deemools op Wonsch vum Kënschtler am Utopolis niewent der Popcornsmaschinn. D’Symbios tëschent Konscht a Raum ass e wichtege Bestanddeel vum Majerus senge Wierker, wat een an der Galerie neugerriemschneider ze spiere kritt.

“De Michel hat ëmmer erëm de Besoin, de Kader ze spréngen, net nëmme vun der Molerei, mee och vum Raum”, erkläert den Tim Neuger. Dat unhand vun deene verschiddensten Techniken: Acryl oder Ueleschfaarw op Toile, Lack a Sériegraphie op Aluminium, oder hien hätt sech och einfach nëmme fir raimlech Entwërf interesséiert.

De Begrëff vun der “Evidenz”

D’Curatrice Brigitte Franzen wëll am Michel Majerus Estate awer och eng aner Säit vum Kënschtler weisen, déi ee bis elo nach net kennt. Si huet sech op déi frei Wierker vum Majerus konzentréiert an eng Ausstellung zesummegestallt, déi an dräi Deeler iwwer zéng Méint weise soll, wei hien zu deem Kënschtler gouf, deen een haut kennt. D’Texter aus dem Archiv hätten hir dobäi gehollef, iwwert dat Iwwerflächlecht ewech ze kucken.

“Dem Michel Majerus seng Wierker sinn dacks iwwerflächlech rezipéiert ginn, well hien natierlech d’Iwwerfläch vun Objeten, vu Reklammen, vun der Duerstellung vun Zesummenhäng staark abezitt an ëmmer nees oprifft”. Fir d’Brigitte Franzen wier et wichteg gewiescht, am Majerus sengen Notizen de Begrëff vun der “Evidenz” fonnt ze hunn. Dee géif een op eng ganz aner Schinn brénge fir d’Wierker z’interpretéieren.

Wee béid Ausstellunge gesäit, kritt ee Gefill dofir, wat fir e Kënschtler a Mënsch hannert de giganteschen an faarw-gewaltegen Tableaue stécht. Déi Saach mam kënschtlereschen Ausdrock beim Majerus bleift och dono komplizéiert. Beandrockt ass een awer op jidder Fall.