Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi nei Direktioun huet ugefaangen

Berlinale

Déi nei Direktioun huet ugefaangen

Am Februar huet den Dieter Kosslick dem internationale Filmfestival an der däitscher Haapstad Äddi gesot. Déi nei Direktioun vun der Berlinale huet mëttlerweil offiziell ugefaange mat schaffen. An de Berlinale Büroen um Potsdamer Platz zu Berlin huet eng Duebel-Direktioun mam Italiener Carlo Chatrian an der Hollännerin Mariette Rissenbeek vun elo un d'Soen.

auto_stories

2 min

Den Dieter Kosslick stoung 18 Joer laang un der Spëtzt vun der Berlinale. Eng Zäit an där de Kosslick vill erlieft huet, innovéiert huet, mee awer esou munch Kritik huet mussen astiechen. Mee esou ganz fort ass de Kosslick awer nach net, well déi nächst Berlinale 2020, déi iwwregens dann déi 70. Editioun ass, ass den Dieter Kosslick President vun der Jury vum Carl Laemmle-Produzentepräis. An de Kosslick krut fir seng Verdéngschter fir Berlinale dëst Joer och nach d'Bundesverdienstkreuz.

D'Ära Dieter Kosslick ass deemno eriwwer en bléist e neie Wand um Potsdamer Platz, an dat mam Italiener Carlo Chatrian, dee vum Filmfestival Locarno kënnt an Directeur artistique gëtt. An d'Hollännerin Mariette Rissenbeek, eng Spezialistin fir Filmvermaartung, iwwerhëlt d'administrativ Direktioun vun der Berlinale.

Eng nei Zäit fänkt un

Et geet also eng fir Berlinale, nieft Cannes a Venedeg ee vun de wichtegste Festivaller weltwäit, eng nei Zäit un, wou d'Direktioun vun Ufank u muss weise wat se drop, well de Kosslick hannerléisst en nawell wibbelege Festival mat all Joers ëm déi 400 Filmer an iwwer 300 000 verkaaften Ticketen.

Mee et geet och drëms eng nei Philosophie ze fannen: fir d'Kritiker ass de Berliner Filmfestival ze grouss ginn. D'Kinosadepten hunn déi grouss Offer, déi ee bal erschléit, nawell gären. Wa Staren dann de Wee op Berlin fannen ass dat gutt, wann hir Filmer, déi si presentéieren dann awer näischt daachen, ass dat nees net gutt.

Ännerungen am Programm

D'Filmer sollen artistesch e gewëssenen Usproch hunn an dobäi awer och dem Grand publique gefalen: dee Spagat muss déi nei Duebeldirektioun hikréien. Wat awer sécher ass: d'Berlinale soll e Festival fir de Publikum bleiwen, an de Chatrian huet am Abrëll an engem Interview mat der DPA betount, datt hien net d'Gefill hätt, datt de Festival méi kleng sollt ginn. D'Mariette Rissenbeck huet e Festival mat Filmer fir de grousse Publique, mee och Filmer fir spezifesch Gruppe versprach.

Nieft e puer personelle Changementer huet déi nei Direktioun awer och dem Kosslick säi kulinaresch Kino an d'Kategorie "Native" ofgeschaaft. Dofir kënnt en neie Concours mam Titel "Encounters", bei deem Filmer gewise ginn, déi nei an ongewéinlecher Stëmmen am Kino sollen eraus hiewen. An eng Jury aus dräi Leit decidéiert iwwer Präisser fir de beschte Film, bescht Regie an et gëtt e Spezialpräis.

Dann nach d'Affär Netflix: déi nei Direktioun hält net vill dovun d'Streamingdéngschter aus dem Festival erauszehuelen. Och wann ee jonk Leit nees an de Kino wéilt lackele wier et de falsche Wee, d'Streamingoffer vun der Berlinale auszeschléissen, mengt Mariette Rissenbeek.