Radioen

On air

Resonanzen  |  Yann Tiersen - L'après midi, aus 'Le fabuleux destin d'Amélie Poulain' (Filmmusek) - Anna Scheps (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Berlinale-Slogan: "Dat Privat ass politesch"

Virschau op d'Berlinale 2019

Berlinale-Slogan: "Dat Privat ass politesch"

D'Nächst Woch fänken an der däitscher Haaptstad déi International Festspiller vu Berlin un. Bei der 69. Editioun vun der Berlinale wäerte 17 Filmer em de gëllene Bier konkurréieren.

auto_stories

3 min

(Foto: dpa/ Jörg Carstensen)

Alle Jahre wieder heescht et geschwë ronderëm de Potsdamer Platz zu Berlin, wann d'Stad vum nächsten Donnëscheg un zéng Deeg laang ganz am Zeeche vum Film steet. Ëm déi 400 Filmer lafen an de verschiddene Sektioune vum Festival, d'Presidentin vun der Internationaler Jury ass dëst Joer d'Juliette Binoche, den Éirebier kritt d'Schauspillerin Charlotte Rampling.

Dëst Joer ass et déi leschte Kéier, datt d'Berlinale esou verleeft wéi bis ewell: No 18 Joer un der Spëtzt vum Festival seet den Direkter Dieter Kosslick no dëser Editioun Äddi. Vum nächste Joer u gëtt de Carlo Chatrian, fréiere Chef vun de Filmfestspiller vu Locarno Direkter vum Festival. D'Mariette Rissenbeek, eng Filmmanagerin aus München, wäert d'Geschäftsféierung iwwerhuelen.

D'Berlinale gëtt sech iwwerdeems op en Neits politesch, mat engem Slogan deen d'Fraebeweegung vun 68 opgräift: "Dat Privat ass politesch". Och dëst Joer leet d'Berlinale e Wäert op Gläichberechtegung wann et em Frae geet, seet de Kurator Thomas Hailer.

An der dësjähreger Kompetitioun si siwe vu 17 Filmer, déi vu Fraen inzenéiert sinn, ronn 40 Prozent. D'Veranstalter interesséiere sech awer och fir d'Geschlechterverdeelung innerhalb vun de Produktiounen, dat heescht wie verantwortlech ass fir d'Produtkioun, d'Kamera an de Montage.

Nach ëmmer Schwieregkeeten am Ëmgang mat Streamingplattformen

Dëst Joer ginn et eng Rei Regisseuren, déi op d'Berlinale zeréckkommen: De Fatih Akin zum Beispill. Hien ass bekannt fir Filmer wéi "Gegen die Wand", "Auf der anderen Seite" souwéi "Aus dem Nichts". Dem Akin säi Film "Der goldene Handschuh" leeft an der Competitioun. Ma och déi polnesch Regisseurin Agnieszka Holland, d'Spuenierin Isabel Coixet, d'franséisch Regisseurin Agnès Varda si mat derbäi a ware scho Gäscht an der Competitioun vum Festival. Den Dieter Kosslick hält seng also Bezéiungen oprecht. Mee och bei der Berlinale mussen déi selwecht Froe wéi zu Venedeg an zu Cannes gestallt ginn: Wéi ass als Filmfestival mat Streamingplattforme wéi Netflix ëmzegoen?

Jiddwereen an der Branche wier sech bewosst, datt d'Thema Streaming momentan déi audiovisuell Welt géif veränneren, seet de Festivaldirekter Dieter Kosslick.Festivalle wieren ursprénglech fir Filmer geduecht, déi an de Kino komme sollen an dofir géif ee sech och nach ëmmer asetzen. Als éischt géif ee sech dowéinst nach ëmmer fir de Kino responsabel fillen. Et géife sech awer eng Rei Froe stellen, zum Beispill, wéi laang e Film, dee vu Streamingplattforme produzéiert gouf iwwerhaapt am Kino gewisen dierf ginn. Dofir hätt ee sech drop festgeluecht, datt een esou FIlmer nëmme géif weisen, wa si sech och fir Kinovirvéierungen eegnen.

D'Berlinale huet dëst Joer mat der Isabel Coixet hirem Elisa y Marcela ee Film am Competitiounsprogramm, dee vun Netflix produzéiert gouf an zumindest an engem Kino wäert gewise ginn. Den Dieter Kosslick huet fir d'Zukunft eng Korrelatioun vu Streaming a Kino virausgesinn, a sech optimistesch gewisen, datt Kino als Medium ëmmer wäert bestoe bleiwen.