Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Crinan Wood - In Your Room

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Geschichtenerzielerin erzielt

Kultur

Eng Geschichtenerzielerin erzielt

D'Betsy Dentzer ass Theaterpedagogin a Geschichtenerzielerin. D'Valerija Berdi huet mat der Kënschtlerin iwwer hiren net alldeegleche Beruff, hir Aarbecht a wéi si de Confinement duerchlieft.

auto_stories

4 min

Foto: Janine Unsen

Valerija Berdi: Betsy, Du bass Theaterpädagogin a Geschichtenerzielerin. Wat war da fir d'éischt?

Betsy Dentzer: Ech hu fir d'éischt Theaterpädagogik ze Berlin studéiert op der Unversität der Künste. Ech hat do ganz vill verschidde Coursen iwwer Dictioun, Danz, Regie, Schauspill, eng ganz villfälteg Ausbildung an e ganz wichtege Punkt an deem Studiegang op der UDK war Geschichtenerzielen. Souwuel praktesch wéi theoretesch. Et huet ugefaangen mat engem Cours, deen huet geheescht "Orale Literatur", et ass ëm Erzielstoffer an der ganzer Welt gaangen, déi virun allem eben duerch déi oral Traditioun, ech schwätze vun de ganz berüümten, wéi d'Odysee vum Homer oder och d'Ilias, oder vum Ovid Metamorphosen, an och déi ganz Volleksliteratur. Geschichten aus dem Vollek, Bauerevollek, Schwenken, Märercher, Legenden, Soen, asw. An deem Cours hunn ech fir d'éischt eng Geschichtenerzielerin entdeckt an erlieft. Kristin Wardetzky, eis Proff, déi eng vun der Erzielkoryphäen deemools an Däitschland war, déi huet Geschichternerzieler agelueden an huet se erziele gelooss. Fir mech war dat wierklech en Aha-Moment. Bis dohinner wosst ech net, datt et esou e Beruff géif ginn, mee ech war direkt Feier a Flam a wosst, dat do wëlls du och maachen.

Wéi gëtt een Geschichtenerzielerin?

Ech hunn déi ganz Course gemaach, déi souwisou Deel vun deem Curriculum waren an deem Studiegang, mir hu wierklech geléiert eis d'Geschichten unzeeegenen a mir hunn e ganze Koup Handwierksgeschier mat op de Wee kritt, wéi een esou Geschichten erzielt. Ech konnt do ganz vill benotzen vu menge Basiscoursen vun der Dictioun, vum Danz, Beweegung, Schauspill, mir haten awer och weider Coursen zum Thema Kontakt mam Publikum, natierlech och theoretescht Wëssen, dann wéi verhalen ech eng Geschicht, wéi ginn ech domadder ëm. wéi ginn ech se un, wéi recherchéieren ech och a wéi maachen ech dann déi Geschicht ze menger eegener.

Du erziels elo eng ganz Rei Geschichten bei eis an der Emissioun Klassesall, du fänks un mat Geschichten iwwer Näischnotzen an der Weltliteratur. Wéi sichs du deng Geschichten aus?

Ech muss fir d'éischt ganz vill liesen, dat ass kloer an dat hellt eigentlech déi meeschten Zäit. An da ginn ech oft no engem éischte Gefill, also hunn ech d'Geschicht gär, déi ech liesen, wéi eng Geschichten gefale mer, an da muss een natierlech och kucken, ass se z'erzielen, well net all Geschicht, déi opgeschriwwen ass, ass wierklech oral weider ze erzielen. Dat geet dann oft no sou engem Feeling, ech kann net richteg nennen, wéi dat geet, dat fillen ech einfach, dat do hunn ech Loscht z'erzielen. Da sinn awer och Passagen, déi musse geännert ginn, well et e geschriwwenen Text ass an ech muss en an en erzielten Text eriwwer kréien. An esou wielen ech lues a lues aus, wat ech wëll erzielen a setze meng Programmer zesummen.

Normalerweis erziels du d'Geschichte virum Publikum, wéi ass et fir dech déi Geschichten elo ganz eleng opzehuelen?

Et ass effektiv esou, datt beim Ophuelen, wou ee just d'Stëmm héiert, verschidden Elementer ewech falen. Dat ass de Bléck, Mimik, dat sinn awer och Gesten mee och esou nonverbal Kommunikatioun, déi ee mam Publikum huet. E Bléck, eng Haltung, eng Beweegung vum Kapp, all dat hunn ech beim Ophuelen net. Dat heescht, et ass ganz wichteg, wann ech elo meng Skripter schreiwen, dass ech genau kucken, do hätt ech elo instinktiv e Gest gemaach wann ech virum Publikum erzielt hätt, wéi kréien ech dat elo an en Text transportéiert. An da muss een oppassen, datt et trotzdeem nach en erzielten Text bleift, dass een net d'Gefill huet, dass ech liesen an dass dann alles esou hëlzern kënnt, dass alles iwwererkläert gëtt. Do hunn ech missen eng bëssen aner Aarbecht maachen, wéi wann ech virun e Publikum trieden an natierlech den direkte Kontakt an d'Reaktioune vu Publikum, déi bleiwen ewech. Wann een e Witz dran huet, do reagéiert de Public an do ass et komesch wa guer keng Reaktioun kënnt, do muss ee sech schonn ëmstellen an dann ass et och schlussendlech eng immens komesch Saach seng eege Stëmm ze héieren, dat heescht, et ass guer net esou einfach fir dann un deem Track ze schaffen, deen een dann opgeholl huet.