Radioen

On air

Notturno  |  Eric Chenaux - Hello, How? And Hey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Cornucopia" zu New York

En ambitiéisten Liveprojet

"Cornucopia" zu New York

Zu New York leeft dëse Mount d'Bühneshow "Cornucopia" vun der islännescher Sängerin Björk am neie Kulturzentrum The Shed. D'Kënschtlerin verwandelt d'Bühn an eng feministesch an utopesch Insel vun der Hoffnung a setzt en Zeeche géint eis Weider-Sou-Mentalitéit.

auto_stories

3 min

Et si schlecht Zäite fir Optimismus. All Dag ass vun neien Ëmwelt- oder Klimakatastrophen ze liesen, déi eise Planéit a seng Aarten un hir Grenze bréngen. D'Dystopie ass zur Dagesaktualitéit ginn an d'Angscht gräift ëm sech. Genee dat wëllt d'Björk awer net einfach akzeptéieren a presentéiert den Ament hire Géigenentworf "Cornucopia": ee Popspektakel fir de Protestzäitalter.

Déi islännesch Sängerin, déi zanter de fréien 90er Joren d'Popwelt dominéiert, ass bekannt fir hir opulent an ausgefale Bühneshowen, mee wéi d'Sängerin leschten November bekannt ginn huet, soll "Cornucopia" deen ambitiéisten a gréisste Liveprojet vun hirer Carrière ginn. Méindeg virun enger Woch huet "Cornucopia" Premiere gefeiert a leeft nach bis Ufank Juni am neien New Yorker Kulturtempel The Shed.

Wéi kënne mir d'Natur erhalen?

Den Numm vum Projet ass eng Referenz op dat mythologescht Füllhorn, dat Gléck, Iwwerfloss a Räichtum symboliséiert an d'kënschtleresch Ambitioune vum Projet spigelt. Mee fir d'Björk steet och de Räichtum vun eiser Natur am Fokus an d'Fro, wéi mir dësen als Gesellschaft erhale kënnen.

D'Björk, déi sech zanter Joerzéngte géint de Klimawandel asetzt an d'Thema Naturschutz notamment op hirem Album "Biophilia" behandelt huet, wëllt mat "Cornucopia" der Weltrettung ee musikalescht Monument setzen. Op hirem aktuellen Album "Utopia" huet si ee Géigenentworf zur dystopescher Realitéit skizzéiert: eng matriarchal Insel mat futuristesche Wiesen a mat kollektiver Hoffnung, amplaz Angscht virum globale Kollaps. Mat "Cornucopia" transferéiert d'Björk dës Utopie elo op d'Bühn an an d'Käpp vun de Spectateuren.

Futuristesch Projektiounen

Zesumme mat der argentinescher Regisseurin Lucrecia Martel huet d'Björk ee feministescht Sci-Fi Mäerche kreéiert, bei deem Theater a Concert, digital an akustesch anenee fléisse sollen. Musikalesch dominéiere bei "Cornucopia" Flütt, Harf a Chouergesang, déi awer op gigantesque futuristesch visuell Projektiounen treffen, déi d'Björk als Hybridwiesen tëschent Mënsch a Planz weisen.

Iwwerhaapt steet "Cornucopia" ganz am Zeeche vun der Symbios tëschent Mënsch an Natur. D'Björk, déi 2015 op hirem Album "Vulnicura" d'Trennung vun hirem Ex-Mann Matthew Barney verschafft huet, wëllt weisen, datt si de Fokus elo nees op de groussen Narrativ setzt, amplaz op deen eegenen Emotiounskosmos.

Et läit an eiser Hand

19 Lidder ëmfaasst "Cornucopia", dorënner Hitte wéi "Hidden Place" oder "Pagan Poetry" a méi onbekannte Stécker wéi "Show me forgiveness" a "Mouth's Cradle". Wat d'Show als Konzept zesummenhält sinn d'Referenzen op d'Schéinheet vun der Natur an d'Kritik un eisem Ëmgang mat dëser.

Per Videomessage deelt d'Björk an enger kuerzer Paus dem Public mat, datt d'Utopie an eisen Hänn läit, datt mir d'Zukunft bestëmme kënnen. Wéineg méi spéit mellt sech souguer d'Greta Thunberg um Ecran zu Wuert, éier d'Björk zum Ofschloss hiert Lidd "Future Forever" sengt. Hei am The Shed, matten am Héichhausdschungel vu Manhattan, léisst d'Björk hir matriarchalesch Utopie opbléien. Se dauert zwar nëmme knapp zwou Stonnen, mee se mécht op d'mannst nees denkbar, wat fir vill Mënschen ondenkbar ginn ass: Zukunftsoptimimus.