Black on Black: Neien Album vu Monophona

DSC_4656-1024x681.jpg

Foto: Mike Zenari

Méi düster, méi déif an nach méi kohärent wéi den Debut The Spy annoncéiert sech Black on Black, den neien Album vun der lëtzebuerger Trip Hop Band Monophona. Den 30. Januar gëtt den Disk am CarréRotondes presentéiert. Niewent engem Optrëtt vu Monophona spillt Wallace Dice, an de Spud Bencer proposéiert een DJ-Set.

Et war eng kleng Iwwerraschung, wéi d'Sängerin a Schrëftstellerin Claudine Muno an den Drum 'n Bass-Produzent Chook (Philippe Schirrer) sech 2010 zesumme gedoen hunn, fir ee gemeinsame musikalesche Projet an d'Liewen ze ruffen. Dem Claudine säin Talent fir Lidder ze schreiwen, seng douce Stëmm a seng Folk-Gittar hunn direkt extrem gutt mam Chook sengen elektronesche Beats a Bäss harmonéiert, a Monophona haten 2012 mam éischten Album en zimleche Succès am Grand-Duché an doriwwer eraus. Beim Nofolger war och de Batteur Jorsch Kass um Songwriting bedeelegt, an d'Band ass nach vill méi zu enger Unitéit zesumme gewuess.

Den Yves Stephany hat sech mam Claudine a mam Chook iwwert d'Kreatioun an d'Produktioun vu Black on Black ënnerhal:

 

De 15. Januar gouf de Video zu där neier Single Thumb verëffentlecht:

 

Links:
omepage vu Monophona: http://www.monophona.com/
andcamp: http://monophona.bandcamp.com/
acebook: https://www.facebook.com/monophona
elease-Party: http://rotondes.lu/agenda/details/event/monophona-album-release-party/

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen