Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bleift Plaz fir d'Cinéphilie?

Utopia

Bleift Plaz fir d'Cinéphilie?

Utopia S.A. gëtt vun engem groussen internationale Kinos-Grupp opkaaft. Wat dat fir d'Programmatioun vum Utopia bedeit, ass ongewëss. D'Cléo Thoma ka seng Angscht viru Popcorn a Commerce net verstoppen.

auto_stories

4 min

Cléo Thoma

Elo ass den Deal also finaliséiert: nodeems ee sech am Juli am Prinzip iwwert e Rachat vun Utopia SA duerch Kinepolis Group eens gi war, iwwerhëlt deen 9 Haiser vun der lëtzebuergescher Kinoschaîne – déi 2 Utopolissen an den Utopia hei am Land, dann den Utopolis zu Lonkech, a 5 Kinoen an Holland. Ob och déi 4 belsch Kinoen, déi Utopia SA gehéieren, kënne vu Kinepolis Group iwwerholl ginn, doriwwer muss nach déi belsch Autorité de la Concurrence entscheeden.

D'Reprise ass e logesche Schrëtt

Kinepolis Group exploitéiert bis ewell 35 Kinoen an der Belsch, Frankräich, Holland, Spuenien, der Schwäiz, a Polen, an ass och ënner anerem am Beräich vun der Distributioun aktiv. D’Utopia S.A. fir hiren Deel war jo, dat ass bekannt, zu hiren Origine-Zäiten viru méi wéi 3 Dekaden eng Trupp vu begeeschterte Cinéphilen déi sech zesummegedoen haten, fir deem reng kommerzielle Kino d’Stir ze bidden an e Cinéclub opzemaachen, aus deem sech, Joere méi spéit, dann e Grupp développéiert huet deen op Multiplex an Expansioun gesat huet. A jo, mä wa si et deemools net selwer gemaach hätten hätt iergend ee grousse Grupp vun auswäerts um Standuert Lëtzebuerg zougeschloen, soten se ëmmer wann hinnen dat ënnert d’Nues geriwwe gouf.

An, dat muss een hinne loossen, den Original-Site um Lampertsbierg gouf ëmmer bäibehal, moderniséiert a vergréissert an ëmmer mat enger Programmatioun fir Leit déi net prioritär dohinner ginn fir opgebauschte Maiskären ze knätschen. Déi idealistesch Enthusiaste vun deemools, déi zu pragmatesche Geschäftsleit mutéiert waren, soe sech zefridden iwwert d’Reprise duerch Kinepolis Group, déi hinne wuel geleeë kënnt an engem Alter wou ee, wann een e Familljebetrib hätt, sou lues géif drun denken, fir en un déi nächst Generatioun weider ze reechen. Eng Reprise déi wuel souwisou iergend eng Kéier fälleg gewiescht wär.

Auswierkunge fir Cinéphiler

Mä wat bedeit dat elo fir d’Filmer déi hei zu Lëtzebuerg gewise ginn? Als Public war ee bis elo nawell verwinnt. Och wann et ëmmer Kregéiler gouf déi vun enger Mafia geschwat hunn, déi hir Choixe géif de Leit imposéieren, an och wann d’Caramba-Kinoe sech gär gefalen an der Roll vum dann elo eenzegen onofhängege Kinosbedreiwer, deen daper an engem feindlechen Ëmfeld fir déi kleng Kinoe géif kämpfen an déi wierklech interesséiert Leit och ëmmer nees mat cinematografesche Kamelle belounen, war virun allem den Utopia, an deels souguer och déi zwee –plissen, bis elo eng Plaz wou och de Weltkino doheem war - an Originalversioun mat Ënnertitelen, wou di ganz Ribambelle vu groussen a klenge Festivalen en Ënnerdaach hat, wou lokal Filmproduktiounen ënner gudde Konditiounen de Public konnte versichen ze lackelen, wou mat Initiative wéi Summer Follies Schlabäizelcher accessibel gemaach goufen déi ee soss wuel nëmmen op DVD fonnt hätt, wou mat Live-Oper- an Theater-Transmissiounen, a filmesche Muséesvisiten interessant nei Formule lancéiert goufen, wou Katholiken, Globaliséierungskritiker an Ëmweltschützer Filmer déi hinnen um Häerz leien, gär och mat uschléissenden Diskussiounsronnen, presentéiere konnten, jee, wou ee cinéphile Public – et kann een et net anescht soen – vill Freed konnt fannen. Bleift dat esou?

“On s’adaptera au marché luxembourgeois”, seet de CEO vu Kinepolis Group, Eddy Duquenne; an datt een déi Programmatioun vum sougenannten Art et Essai am Utopia “absolument” wéilt bäibehalen. Jiddefalls während enger Phase d’Observation. Et ass ze hoffen datt laang a grëndlech observéiert gëtt, an een herno zu gudde Konklusioune kënnt.