Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bloggen iwwer Krankheet

Gepéngegt Literatur

Bloggen iwwer Krankheet

Demenz, Iessstéierungen an de Kriibs - dat sinn d'Krankheeten, déi dem Gesondheetswahn vun der haideger Gesellschaft entgéint stinn. Mä Schrëftsteller bloggen dagdeeglech iwwert d'Entwécklung vun hirer Krankheet an enttabuiséieren déi negativ Aspekter vun eiser Fun-Gesellschaft - och zu Lëtzebuerg.

auto_stories

4 min

Georges Hausemer. Foto: Susanne Jaspers

De Roman ass sécherlech déi bekanntste Form fir de Sujet Krankheet literaresch ze verschaffen. An de leschte Joren ass awer en neie Genre opkomm: Schrëftsteller féieren eng Zort Tagebuch iwwer déi eege Krankheet. An dat online, op engem Blog.

Esou zum Beispill den däitschen Auteur Tobi Katze, dee mat sengem Roman "Morgen ist leider auch noch ein Tag" iwwer seng Depressioune schreift. Hie mécht genee dat och op sengem Blog. Dëst mam Wonsch, fir sech op dësem Wee mat anere Leit, déi un Depressioune leiden, auszetauschen. De Blog ass e groussen Erfolleg. En hëlleft net nëmmen dem Auteur, mä och senge Lieser, der Angscht virun der Stigmatiséierung lasszeginn.

Zéie vum Tumor

De Wolfgang Herrndorf, dee fir säi Jugendroman "Tschick" eng Rei Präisser krut, ass ee vun de bekanntste Schrëftsteller-Blogger mat Bezuch op déi eege Krankheet. Hien huet en Tagebuch online gefouert. Seng Lieser konnten de Verlaf vu sengem Gehirtumor praktesch zäitgläich matverfollegen. De Wolfgang Herrndorf thematiséiert op sengem Blog awer net just seng Krankheet, mä och säi Schaffen - dat heescht de Prozess vum Schreiwen. Den Auteur beschreift, wat fir een Afloss Angscht an d'Hoffnung, Therapie a Péng op seng Literatur hunn.

D'Notizen am Blog fänken den 8. Mäerz 2010 un, kuerz virun der Operatioun vum Tumor. Dee leschte Post ass vum 20. August 2013. Sechs Deeg éier den Herrndorf sech erschoss huet.

"Ich habe gerade begonnen"

E weidere bekannte Blogger war de schwedesche Schrëftsteller Henning Mankell. Hie gouf mat sengem liicht depressive Kommissär Kurt Wallander, dee schlussendlech un Alzheimer erkrankt, bekannt.

Uganks 2014 krut hien d'Diagnos: Longekriibs - an e weideren Tumor am Genéck. Den 30. Januar 2014 schreift den Henning Mankell op säi Blog, deen an der däitscher Iwwersetzung an der Zäitschrëft "Stern" publizéiert gouf:

"Meine Angst ist sehr groß, auch wenn ich sie im Großen und Ganzen unter Kontrolle halten kann.

Sehr früh entschied ich mich zu versuchen, über diese Dinge zu schreiben. Letztlich geht es ja um Schmerzen und Leiden, die viele Menschen empfinden - allerdings auch um eine erstaunliche medizinische Wissenschaft und ein Licht, das oftmals durch den Nebel dringt.

Ich will genau so schreiben, wie es ist. Über den schweren Kampf, den das immer bedeutet. Aber ich gedenke aus der Perspektive des Lebens und nicht des Todes zu schreiben. Dies werde ich in unregelmäßigen Abständen tun.

Ich beginne jetzt.

Ich habe gerade begonnen."

Ich und mein Tumor - De Georges Hausemer a säi Kriibs

Och zu Lëtzebuerg lieft e Schrëftsteller, dee mat der Diagnos Kriibs an d'Ëffentlechkeet geet. "Ich und mein Tumor" ass den Titel vum Blog, an deem de Georges Hausemer säi Liewe mat der Krankheet beschreift. Et sinn Opzeechnunge mat vill Humor, mam Verlaangere no de Reesen an der Loscht op Liewen ...

"Nebenbei, ohne mir etwas davon zu sagen, hat S. gegoogelt: Nicht nett, mein neuroendokriner Tumor, den die Euphemisten auch noch NET nennen. Er tritt etwa ein- bis zweimal pro 100.000 Personen und Jahr auf. Na toll! Aber kein Grund, stolz zu sein.

Auch der Winter, allez hëpp!, kann sofort wieder verschwinden. Möchte ins Sonnenlicht, ins Himmelblau schauen, während ich schreibe - und lese, lebe. Kapiert?"

Natierlech ass d'Literatur e bedeitend Thema am Georges Hausemer sengem Blog. Och den Ëmgang mat den zwee Elementer, déi elo zesummen d'Protagonisten a sengem Liewe sinn:

"Demnächst: Lesung und Diskussion zum Thema "Literatur und Gesundheit". Die freundliche Einladung kam noch vor der Diagnose, dem ersten Blogeintrag. So ein Zufall! Aber kein Grund, nachträglich abzusagen. Im Gegenteil. Schreibsucht, Lesesucht, Schreiben als Trost oder Therapie - lauter Aspekte, mit denen sich unter den gegebenen Umständen zu beschäftigen ist.

Enttabuiséieren

Et ginn awer och nach Schrëftsteller zu Lëtzebuerg, déi de Roman dem Blog virzéien. No engem Openthalt an der Psychiatrie wéinst Anorexie, decidéiert déi jonk Schrëftstellerin Paule Daro e Roman iwwer Iessstéierungen, Depressiounen an d'Selbstzerstéierung ze schreiwen. De Roman gouf ënner dem Titel "Angesichts des schwarzen Lochs" publizéiert.

Medeziner, déio schreiwen, hu mir awer och zu Lëtzebuerg. Een dovun ass de Michel Clees. Seng Lyrik, seng Lidder a Prosa hunn awer éischter mam Georg Trakl, wéi mat Krankheet ze dinn ...