Wann een déi fundamental Fro "Brauch Lëtzebuerg eng Kënschtlerzeen?" kéint beäntwerten, wier et och einfach drop ze reagéieren an d'Konsequenzen anzeschätzen, seet d'Carole Lorang. Eréischt da kéint een en anstännege Projet realiséieren, deen och eppes duerstellt.
De Wëllen an eng aktiv Zeen z'investéieren
Den Ament misst ee sech kloer doriwwer sinn ob Kënschtler, Denker a Kreativer fir d'Gesellschaft eng Bedeitung hätten, an ob se och e wichtegen Apport fir d'Gesellschaft bréngen, seet d'Presidentin vun der Theaterfederatioun Carole Lorang. Grad da missten déi Leit och d'Méiglechkeet an den Encadrement kréien fir hir Aarbecht ze maachen.
Eng Theaterfederatioun fir de ganze Secteur
Zanter datt d'ASPRO (Association des artistes indépendants et intermittents du Spectacle) Member vun der Theaterfederatioun ass, sinn och d'Kënschtler vertrueden. Bis ewell waren dat just Theateren an aner Strukturen. Fir d'Carole Lorang kann ee keng Federatioun sinn déi versicht sech ze veränneren, ouni déi ze froen, déi fir d'Inhalter responsabel sinn. Mee och hei stellt d'Carole Lorang als Presidentin vun der Theaterfederatioun d'Fro: "Brauch d'Lëtzebuerger Gesellschaft Theaterfederatioun?" A wa se da géif gebraucht ginn, hätt se och Proposen ze maachen.
Net ëmmer iwwer Kultur a Suen diskutéieren
Fir d'Carole Lorang misst et an éischter Linn ëm de Projet goen, an e Projet géif ebe kaschten. Och Projeten am Gesondheetswiesen oder an der Educatioun hätten hire Präis. An do géif net direkt iwwer Sue geschwat ginn, mee éischter wat ee mam Projet wéilt vermëttelen. Am Milieu vum "Art de la scène" wier et selwecht, a natierlech géif et och schonn eleng e materielle Präis ginn, mee dat wier an anere Beräicher net anescht, esou d'Carole Lorang.
Kulturassisen a Wahlen
Am Kader vun den Assises culturelles gëtt de Kulturentwécklungsplang presentéiert, an de 14. Oktober si Chamberwahlen, e wichteg Joer fir Theaterfederatioun. Fir d'Carole Lorang wier et elo eng Urgence, et kéint een elo net waarden. D'Theaterzeen géif ëmmer méi grouss ginn an d'Theaterfederatioun bräicht dréngend Äntwerten, och wann bei de Responsabelen an der Kultur eng "Prise de Conscience" ze spiere wier.