Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Loren Kramar - Hollywood Blvd

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The Pleasure of Drowning

Buchkritik

The Pleasure of Drowning

Ëm Fabelen a Märercher geet et an der Buchkritik vum Lara Bousch. Am Mëttelpunkt steet d'Wierk vum Jean Bürlesk.

auto_stories

6 min

De Jean Bürlesk ass e jonke Lëtzebuerger Auteur, dee mat "The Pleasure of Drowning" säin éischt Wierk , dat eleng steet, verëffentlecht. Ganz onbekannt ass hien zu Lëtzebuerg mat sengen Texter awer net. Hien huet de Prix d'encouragement 2019 vun der Fondatioun Servais mat sengen deemools nach onverëffentlechtem Wierk gewonnen.

"The Pleasure of Drowning" besteet aus enger Sammlung vu kuerze Geschichten, déi alleguerten e Märche-Charakter hunn oder sech u bekannte Fabelen inspiréieren.

Ganz am Ufank vum Buch steet en kuriéist Zitat vum Hugh Mearns aus sengem Wierk "Antigonish":

"Yesterday upon the stair

I met a man who wasn't there

he wasn't there again today

i wish, i wish he'd go away"

Dëst Zitat beschreift de kuriéise Charakter vum Jean Bürlesk sengem Wierk, deen a Wierklechkeet Jean Beurlet heescht.

Méi wéi just einfach Märercher

Mir kenne Märercher aus Erzielungen oder vu Filmer wéi Disney oder Comics. An eiser Kultur si Prënzen a Monsteren omnipresent. Déi béis an déi gutt Säit.

Mee den Auteur Jean Bürlesk gëtt sech net domadder zefridden, einfach Märercher ze zielen. Hie knéit sech a seng Personnagen, mécht si lieweg a gëtt hinne méi komplex Charakteren, voller Spleens an Neurosen, déi mer esou nach net aus de Märercher kennen.

Huele mer d'Fabel vu "The Beauty And the Beast". Am Fong vun der Geschicht steet jo d'Léier, datt e Mënsch schrecklech kann ausgesinn an awer e schéine Mënsch bannendra ka sinn.

Beim Jean Bürlesk hellt dës Fabel e ganz anere Wee. D'Béischt ass keng Kreatur, déi onbedéngt schrecklech ausgesäit, mee éischter sech schrecklech verhält. Hie kidnappt seng Schéinheet a mécht alles, fir datt si sech an hie verléift. Hie léisst seng Schéinheet ugräifen, just fir datt hie ka virginn, si ze beschützen.

"It would have been easy to take her there and then, but already I wanted more; wanted her to want me; wanted her to be mine, body and soul ... It begann to dawn on me that I would never win her affections with any treasure mined or forged from here to the Blue Mountains. I had to think of a better way ... I started revealing a more fragile side of the beast to her."

Sou ass dës Kreatur net einfach ellen, mee e "Beast", well hien en absolutte Psychopat ass.

Eng nei Perspektiv

Den Auteur interpretéiert Märercher, déi eis all bekannt sinn nei, beliicht se vun enger anerer onerwaarter Perspektiv, déi geneesou gutt an d'Fabel kéinte passen, wéi déi déi mir kënnen. Zum Beispill ass d'Melusina eng Femme fatale, déi nëmmen drop waart sech e jonke Guide vun der Stad Lëtzebuerg ze kropen. An der Cinderella hire Prënz reest mam falsche Schong ronderëm.

Et erënnert e bëssen un déi griichesch Mythen. D'Personnagen erliewe Fantastesches an hunn och Muecht, mee si sinn net perfekt, wéi de Prënz aus Kannerfabelen. Si besëtze Schwächte wéi Näid, Loscht oder Rachsucht a liewen déi an hire Geschichten aus. D'Personnagë sinn net besser wéi mir Mënschen a ginn dowéinst zum Held oder liewen happily ever after. Si si geneesou schlëmm wéi mir, wann net esou guer méi.

Dës Aart a Weis Märercher nei ze schreiwen an deelweis och op d'Kopp ze stellen, weist enger grouss Kreativitéit an awer och en zimmlech däischter Humor. An esou huet een d'Gefill, datt de Jean Bürlesk geneesou e Frënd vu grousse Gesten, wéi awer och vu Willkür ass. E gutt Beispill ass dofir den Titel vum Buch "The Pleasure of Drowning". Den Auteur gesteet direkt am Ufank, datt den Titel am Fong net wierklech eppes mam Buch ze dinn huet an deem Sënn, datt et am Buch net wierklech ëm d'Erdrénke geet. E grujelegen Titel géing d'Lieser awer verféieren d'Buch éischter opzerafen. Par konter kéint een och an Zeilen a Geschichten ënnergoen, wéinstens fir eng Zäitchen. An an dëser Hoffnung léisst den Auteur eis an d'Buch mam Afterword eraliesen.

D'Wichtegkeet vun der Sprooch

Op d'Kopp gestallt, verkorkst, sarkastesch an heiansdo eng Drëps Onsënn. Et ass e Buch, dat engem e krommt Grinsen an och heiansdo en haart Laachen entlackelt. Mee den Auteur fäert net fir et och mol richteg düster ginn ze loossen. Net alles ass witzeg oder schéin. Wie sech erënnert, déi meeschte Märercher kënnen zimmlech grausam sinn.

Eng weider Partikularitéit vum Auteur ass d'Wiel vu senger Sprooch. Et ass op Englesch, mee virun allem och mat Ausdréck, déi éischter verstëbst si resp. sech gutt am Charakter vu Märercher erëmfanne geschriwwen. Mee et ass awer och net esou héich geschwat, datt een et net méi géing verstoen. D'Sprooch ënnersträicht déi dramatesch Qualitéit vum Text. Net onbedéngt am Sënn vum Ausdrock vu groussen Emotiounen, mee am Sënn datt et deelweis geschriwwen ass wéi fir en Theaterstéck. D'Expressioune si liicht iwwerdriwwen, esou wéi d'Charakteren och iwwerspëtzt gezeechent sinn.

D'Wiel vun dëser Aart ze schreiwe kann een als pretentiéis ophuelen, nom Motto: Ah den Auteur wëllt sech bretzen. Mee se passt awer och bei d'Theema vun de Märercher a kontrastéiert ganz angeneem mat den deelweis verschrobene Geschichten. A wie weess, vläicht wëllt den Auteur sech jo och e bësse bretzen. Interessant ass säi Sproochgebrauch, well en eppes wéi eng Bréck vum Altertümlechen zum Moderne schléit. D'Theeme vun de Märercher sinn zwar traditionell. Mee duerch hir onerwaarten Tournuren och erëm iergendwéi modern.

Schlussendlech bitt eis d'Virwuert, dat um Schluss vum Buch ass, e bësse méi e perséinlechen Androck an d'Entsoe vum Buch awer och op dem Auteur seng Opfaassung vu Lëtzebuerg. Fir Auslänner bestëmmt eng interessant Zousazinformatioun. Par konter kéint een hei och soen, datt esou vill Erklärunge vläicht e bëssen iwwer d'Zil vun engem Vir- resp. Nowuert erausschéissen. Hei mierkt een dem Auteur nach e bëssen d'Onsécherheet a säi Bedierfnis sech ze erklären un, am Plaz einfach hanner sengem Wierk ze stoen. Anescht gesot. D'Wierk hätt dës ganz Erklärungen um Schluss net wierklech gebraucht, et kann och eleng stoen.

Virun allem spiert een awer eppes ganz Bestëmmtes beim Liese vum Jean Bürlesk sengen Texter. An zwar ass et Léift fir d'Sprooch, fir dat Fantastescht a virun allem fir d'Wierder. Fir dës zesummekléngen ze doen an op eng bësse magesch Aart a Weis mat vill Fantasie eng Geschicht entstoen ze doen. De Jean Bürlesk ass e Kuriosum, e jonke Mann, deen am Mischmasch vun der Gesellschaft opfält duerch seng ganz eegen Aart, hanner där hie mat vollem Selbstvertraue steet. An datt esou Mënsche fir eis Lëtzebuerger Literatur stinn, ass e Gléck.

"The Pleasure of Drowning" vum Jean Bürlesk koum beim Editeur Luna Press eraus a kann och iwwer hire Site bestallt ginn.