Radioen

On air

Notturno  |  Eddie Chacon - Trouble

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Burning" vum Lee Chang-Dong: Präisverdächteg

Filmkritik

"Burning" vum Lee Chang-Dong: Präisverdächteg

De Lee Chang-Dong ass eng vun de wichtegste Filmstëmme aus Südkorea. Zanter Joren en habitué um Filmfestival zu Cannes, ass hien dëst Joer komplett eidel ausgaangen. An dobäi ass Burning, säin neiste Film, vun der internationaler Kritik an den Himmel geluewt ginn. Ee vun de Filmleit vum 100,7, den Tom Dockal, huet en dann elo och endlech am reguläre Kinosprogramm konnte kucken.

auto_stories

4 min

Filmesch Literaturadaptatioune gëtt et wéi Sand um Mier. An an deenen allermeeschte Fäll falen esou Sätz wéi: "D'Buch ass vill besser ewéi de Film" oder "Ech kann net verstoen, wéi se esou e wichtege Personnage ewéi den Tom Bombadil konnten eraussträichen". De Realisateur oder d'Realisatrice hunn dofir am beschten, d'literaresch Virlag just als Schabloun ze benotzen, mat där se dann dee beschtméigleche Film maachen. An einfach ignoréieren, datt se grad versichen, e Stéck Literatur fir de Kino ze verschaffen. Bei Burning, dem neie Film vum Südkoreaner Lee Chang-Dong, war d'Schabloune-Method net alt ze schwéier. Sou ass d'Kuerzgeschicht vum Haruki Murakami, op där de Film baséiert just e puer Säite laang. Fir e puer Säiten op zwou an hallef Stonnen ze zéien ass natierlech keen Exercice, deen dramaturgesch op béide Féiss steet. Den Chang-Dong huet dofir zesumme mat sengem Ko-Zeenarist d'Geschicht benotzt, fir d'Personnagen an der Halschent vum Parcours op komplett aner Weeër ze leeden.

Mee loosse mer vir ufänken. De Jong-Su, en Deelzäit Coursier, dee selwer literaresch Zukunftspläng huet, begéint enges Dag zu Seoul d'Hae-Mi. Déi jonk Fra ass mat him an där nämmlechter Noperschaft opgewuess.

Déi zwee hunn eppes mateneen an hatt freet hien, fir wärend hirer Afrika-Rees op d'Kaz opzepassen. Esou wäit esou gutt. Just kënnt d'Hae-Mi mam mysteriéis a fricéierte Ben nees Heem, deen si an Afrika kenne geléiert huet. Lues a lues baut sech en Dräieck tëscht de grondverschiddene Mënschen op an et ass virun allem de Jong-Su, dee sech senger Roll, senger Situatioun an deem Geflecht net sécher ass. D'Hae-Mi ass net liesbar an hiren Intentiounen an de Ben huet en eventuell däischtere Secret op Lager.

Eng Dräiecksgeschicht, oder awer net?

Och wa sech am Film alles ronderëm dräi Personnagen dréit, esou ass déi tatsächlech wichteg Zuel net dräi, mee zwee. Besser gesot d'Dualitéit vu banneschten a baussechten Zoustänn vu Mënsch am Ëmwelt. Nieft der scheinbarer Dräiecksgeschicht, déi awer keng wierklech ass, erzielt de Lee Chang-Dong vum Liewen am zäitgenëssesche Südkorea. Klammer op - Korea ass bekanntlech och an zwee gedeelt - Klammer zou. De Realisateur weist Südkorea am Tommel vum Opbroch nom westlech ekonomesche Modell a stellt ënner anerem d'Liewen zu Seoul mam Liewen an der aarmer Provënz un der nërdlecher Grenz zu Nordkorea géigeniwwer.

Magesche Realismus schaft souwuel Illusioune wéi och Realitéiten

Den Chang-Dong léisst sech vill Zäit fir mat Hëllef vu Filmsprooch mat der Dramaturgie an der Form ze spillen. Net esou opfälleg a flang an d'Gesiicht ewéi dëslescht am Film Under The Silver Lake, mat deem Burning komescherweis déif dra vill verbënnt, mee onscheinbar roueg... koreanesch gesat quoi. Burning verfält mam Montage an dem intelligenten Dréibuch dem magesche Realismus, deen och Murakami Bicher auszeechent. Dachs ass et net kloer, wat een dann elo gesinn huet. Eng Ellipse am Montage ass net esou kloer eng Ellipse. War eng laang Sequenz dann op eemol just en Dram oder awer geschitt? Einfach Léisunge gëtt et wéineg beim Chang-Dong, dofir awer eng Abberzuel u Niveaux de lecture vu Bild a Wuert. E Liebesfilm, deen op eemol Sozialstudie an dann en Mysterythriller mat subtil politeschem Message wëll sinn - den Chang-Dong ass e Meeschter vum Fach, deen, wann iwwerhaapt mat der Filmlängt vun zwou an hallwer Stonn ugëtt. Wann iwwerhaapt. Schued, datt de Jury zu Cannes de Film komplett ignoréiert an d'Präisser soss verdeelt huet.