Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Celebratioun vum Geschichten-Erzielen

European Union Prize For Literature

Celebratioun vum Geschichten-Erzielen

Unerkennung iwwer geographesch a sproochlech Grenzen eraus. Dat ass eent vun den Haaptziler vun den dräi Organisatiounsorganer vum europäesche Literaturpäis. De European Writer's Council, d'Federation of European Publishers an d'European and International Booksellers Federation géif duerch d'Iwwerreechung eng transversal Visioun vun de Schrëftsteller kréien. Eng wichteg Viraussetzung fir d'Aarbecht am Alldag.

auto_stories

2 min

De Literaturpräis vun der Europäescher Unioun wier fir d'Organisateuren eng Geleeënheet, déi een net all Dag gebuede kritt. De Jean-Luc Treutenaere, President vun der Federatioun vun de Librairen explizéiert, datt et fir de Libraire existenziell ass de Produit ze kennen, deen ee wëll verkafen. Duerch d'Iwwerreechung vum Literaturpräis géif een awer och eng transversal Visioun vun den 12 Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller kréien, déi aus engem gréisseren Europa géife kommen.

"Et war een tierkeschen an een albanesche Schrëftsteller do. Also keng Leit aus dem Häerz vun Europa. Fir eis ass dat eng exzeptionell Ëffnung. Et ass eng kleng Duerstellung vu wat et bedeit Libraire ze sinn. Well mir mussen all Dag aus onendlech ville Bicher déi eraussichen, déi mir eise Cliente weider vermëttelen, sou datt si sech fir aner Kulturen a Welte kënnen opmaachen."

"Goethe, Voltaire, Cervantes. All dat ass Europa."

Am Laf vun der Iwwerreechungszeremonie vum EU-Literaturpräis hunn déi 12 Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller an hirer Sprooch gelies. Mee och d'Presidente vun de Federatiounen hunn d'Geleeënheet genotzt fir hir Messagen duerchzeginn. Dem Jean-Luc Treutenaere, President vun den europäesche Librairen no, géif d'Kultur Europa ausmaachen an net d'Wirtschaft. Et wier an der Kultur, wou mir gemeinsam Wuerzele géife fannen, mengt de Jean-Luc Treutenaere. "Goethe, Voltaire, Cervantes. Alles dat ass Europa. An an dëser europäescher Kultur erkenne mir eis erëm."

An dat obwuel déi 12 ausgezeechent Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller an hire Wierker vill verschidden Theme géifen adresséieren, seet de Jean-Luc Treutenaere.

"Et ass erstaunlech, datt e Schrëftsteller aus dem Montenegro iwwer de Marquis de Sade schreift. Oder, datt eng griichesch Schrëftstellerin iwwer d'Migratioun tëscht den USA a Griicheland schreift. Dat ass den onglaubleche Räichtum vun Europa, dee mir verdeedege wëllen."