Robert Wagner
Den Diddelenger Kënschtler Robert Wagner ass fir d’Stater Expositioun nei Weeër gaangen. Op faarwegen Digitalfotoe gëtt dat Spannend am scheinbar Onscheinbare visibel.
Christian Aschmann
De Lëtzebuerger Fotograf Christian Aschmann knipst den urbane Raum am Wandel, als Spigel vun eiser Gesellschaft, vun eise Perséinlechkeeten. Beim Cercle op der Plëss ergëtt sech wéinst senger Imposanz a sengem Placement esouwuel fir Touristen ewéi fir Fotografen de Point de Vue. Dës Unzéiungskraaft war dem Christian Aschmann ze vill, scho bal onheemlech. Hien huet dem Monument de Réck gedréint a fotograféiert, wat d’Gebai "gesäit". Seng Aarbechten huet hie mat Archivmaterial aus der Fototéik kombinéiert.
Lauriane Bixhain
D’Lauriane Bixhain hat Startschwieregkeeten: D'Optragssujeten hunn d'Fotografin a plastesch Kënschtlerin net inspiréiert. Mee dunn huet si sech opgemaach a presentéiert elo mat hirem Projet "M" eng konzeptuell méi decaléiert Vue zum Thema Zirkulatioun. Hir schwaarz-wäiss Printe weisen urban Elementer, déi een esou och zu Lëtzebuerg scho gesinn huet. D'Fotografin huet si awer zu Manchester geknipst a mat speziellen Drocktechniken an der Belsch drécke gelooss.
Et geet der Lauriane Bixhain virun allem ëm Techniken an hier Léisungen, respektiv Opléisungen. Matzen dran ass d’Fotografin, déi eng Kamera, also en Apparat brauch, fir eng Vue ze materialiséieren.
Patrick Galbats
De Patrick Galbats ass 9 Méint laang op mannst dräimol d’Woch an den "Out-of-Office-Zäiten" iwwert d’Plëss an duerch hier Niewegaasse gaangen an huet mat der Kamera ronderëm sech geschoss. An zwar meeschtens tëscht zwee Rendez-vousen oder Opträg, fir ongeféier am selwechte Gemittszoustand ze sinn, wéi d’Mënschen, déi an enger Paus duerch d’Stad hetzen.
Dem Fotograf säi Constat: D'Leit ronderëm de Cercle mësche sech net: Déi meescht signaliséieren duerch hire Bléck, datt si net ugeschwat wëlle ginn. An datt si mat hire Gedanke wäit fort bei iergendwelleche Pläng fir d’Zukunft sinn.
Daniel Wagener
Den Daniel Wagener huet säi Fotozelt un der Grenz vu Grafik a Fotografie opgeschloen: De fräie Kënschtler a Wahlbréisseler hat de belsche Public alt emol a partizipativ Fotoslaboen invitéiert. Hien ass awer och nach als Theaterszenograf an als Foto-Enseignant op der Bréisseler Académie royale des Beaux-Arts aktiv.
Fir d’Ausstellung am Cercle ass hie sengen Haaptsujeten trei bliwwen: Hie presentéiert e perséinleche Materialinventaire vun der Stad, an zwar am Foto-Print an an Installatiounen. Ënnert der Form glënneren esouguer d’Chantiere ronderëm de Cercle.
D'Ausstellung ass nach bis de 9, Oktober am Cercle Cité an der Stad ze gesinn.