Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cézanne et moi: Biopic mat Schwächten

Groussen Ecran

Cézanne et moi: Biopic mat Schwächten

Der Danièle Thompson hir fräi Verfilmung vun der Frëndschaft tëscht dem Auteur Émile Zola an dem Moler Paul Cézanne kënnt net richteg un d’Rullen. Den Zeenario, d’schauspilleresch Leeschtung an d’Musek loossen ze wënschen iwwereg.

auto_stories

2 min

"Cézanne et moi" iwwerzeegt net. Foto: Pathé Films

D’Danièle Thompson, déi ënnert anerem um Zeenario vu "La Grande Vadrouille" matgewierkt huet, ass éischter dofir bekannt, dramatesch Komedien ze maachen. Mat "Cézanne et moi" huet si sech an e méi seriöe Sujet era geschafft, nämlech d'Frëndschaft tëscht dem Emile Zola an dem Paul Cézanne.

Am Film spillt de Guillaume Canet d’Roll vum naturalistesche Schrëftsteller. An de Guillaume Gallienne déi vum post-impressionistesche Moler. De Film geet un, mat enger Zeen an där de Cézanne, an de mëttlere Jore vu sengem Liewen, de Zola a doheem besicht. De Cézanne ass ausser sech. Hien huet sech an engem Personnage vum Zola sengem Buch "L’Oeuvre" erëm erkannt: D’Geschicht iwwert e gescheiterte Moler, dee sech zum Schluss vun der Geschicht d'Liewen hëlt. Déi Zwee kréie sech direkt um Ufank vum Film an d’Hoer. An dës Konfrontatioun bestëmmt ee groussen Deel vum Film.

Episoden aus hirem Liewen

D'Danièle Thompson erzielt mat Hëllef vu Flashbacks a Flash-forwards Episoden aus dem Liewe vun den zwee Personnagen, Thematiséiert ginn déi déif Verbonnenheet vun deenen Zwee an hirer Jugend, hiert bohèmt Liewen zu Paräis an d’Frëndinnen déi si - net ouni Jalousie - ënnert sech gedeelt hunn. Am Laaf vun hirem Liewe gewënnt de Zola als Schrëftsteller un Unerkennung. De frustréierte Cézanne gëtt dogéint net vun der Konschtwelt seriö geholl. Wéinst dem cholereschen a verbatterte Verhale vum Cézanne zerbréckelt d'Frëndschaft lues a lues.

Eng Rëtsch Schwächen

Bei esou enger aussergewéinlecher Bezéiung tëscht zwou Gréissten aus der Literatur an der Molerei, kéint een eng originell Adaptatioun erwaarden. Leider geléngt et der Danièle Thompson net, eng frësch an interessant Geschicht op den Ecran ze bréngen. Den Hin an Hir tëscht Episoden aus der Frëndschaft vu béide Protagoniste fonctionnéiert net richteg, ass repetitiv a mécht mat der Zäit midd.

Och d'Schauspiller iwwerzeegen net. De Guillaume Canet wierkt wéi ee franséischen Equivalent vum Richard Gere a spillt den Émile Zola mam Ausdrock vun engem Steen. De Guillaume Gallienne par konter iwwerdreift a senger Roll als Cézanne, seng Interpretatioun ass theatralesch. Doduerch fält et schwéier sech an d’Personnagen eran ze versetzen. Ee weidere Schwaachpunkt vum Film ass d’Musek. Dem Eric Neveux säi Soundtrack ass kitscheg.

Nëmmen de Maquillage iwwerzeegt. Canet a Gallienne droen an de verschiddenen zäitlechen Etappe vun dësem Biopic eng fantastesch Selektioun vu Bäert.

Dat geet awer net duer: "Cézanne et moi" iwwerzeegt um groussen Ecran net. Vun esou enger renomméierter Zeenaristin wéi der Danièle Thompson kéint ee méi erwaarden.