Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Charlotte Rampling: Eng Klass déi net vergeet

Kino

Charlotte Rampling: Eng Klass déi net vergeet

Si ass eng Schauspillerin, déi zwar net ëmmer d'Haaptroll besetzt, mee déi intrgéiert, egal wat fir e Personnage si spillt. Si ass zanter scho bal 50 Joer um groussen Ecran ze gesinn. Grond genuch, sech méi am Detail mat der Charlotte Rampling ze beschäftegen.

Cléo Thoma / ckl

auto_stories

4 min

D'Charlotte Rampling kritt de 5. Februar 2016 70 Joer

Scho ganz fréi, an de 1970er Joeren huet d'Charlotte Rampling ugefaang mat der Schauspillerei. An den éischte Joere vun hirer Carrière woren et dichteg Cineaste wéi de Luchino Visconti, Claude Sautet, John Boorman, Sidney Lumet, Nagisa Oshima, Patrice Chéraud, Terrence Young oder och nach Woody Allen mat deenen d’Charlotte Rampling geschafft huet. An den 90ger Joere war se éischter um klengen Ecran aktiv. De grousse Comeback wor mam François Ozon, fir Sous le Sable a spéider Swimming pool.

Markenzeeche vun der Charlotte Rampling ass, dem Marc Scheffen, Programmateur an der Stater Cinémathèque no, hire Bléck. Dofir gëtt si och dacks "The Look" genannt. "Si dréckt ganz vill mat hiren Aen aus", seet de Programmateur vun der Cinemathéik. A si spillt och mat vill "Retenue", mat "engem rouege Spill". Doriwwer eraus, ass "si déi franséischst vun den engleschen Actricen", seet de Marc Scheffen, mam Hiwäis op der Charlotte Rampling hir Zweesproochegkeet, déi hir et méiglech gemaach huet an England an a Frankräich Carrière ze maachen. 

"E ganz markant Ereegnis an hirem Liewen"

De Marc Scheffen weess och wourop hiert rouegt Spill kéint zréckzeféiere sinn: "Ech hu gelies, datt et domat zesummenhänkt, datt hir Schwëster fréi gestuerwen ass. Si huet sech ëmbruecht an d'Charlotte Rampling gëtt och ëmmer zou, datt dat e ganz markant Ereegnis an hirem Liewe war, iwwer dat si ni ewech komm ass, an dat hir Carrière och nohalteg geprägt hätt". 

An de nächste Woche kuckt d'Cinémathèque op eng laang Carrière zréck, ënner anerem mat folgende Filmer:

  • The Night porter (Cavani, 1974), e Film deen an der Filmgeschicht hänke bliwwen ass: et geet ëm eng Sado-Maso-Relatioun tëscht engem Gardien an engem Konzentratiounslager an enger jiddescher Victime, gespillt vum Rampling. Déi zwee begéinen sech Joeren dono, an hir Bezéiung lieft rëm op. 
  • Max mon amour (Oshima, 1986), e Film deen eng Relatioun tëscht enger Fra an engem Af weist. "D'Charlotte Rampling bréngt dat sou formidabel eriwwer, datt ee kéint mengen datt et esou eng Relatioun kéint fonctionnéieren", seet de Marc Scheffen.
  • Farewell My Lovely (Richards, 1975), hei ass d'Charlotte Rampling nieft dem Robert Mitchum als "femme fatale" ze gesinn. 
  • Sous le sable (Ozon, 2001): et ass d'Geschicht vun enger Fra, déi hire Mann op eng onerkläerlech Aart a Weis op der Plage verléiert. Et weess ee net ob hien erdronk ass, oder op eng sech ëmbruecht huet. D'Fra selwer mécht duerno wéi wann hire Mann nach géif liewen. 
  • The Look (Maccarone, 2011), en Documentaire iwwer d'Charlotte Rampling

De ganze Programm vun der Cinémathèque fannt Dir hei.

"Eng Schauspillerin déi ëmmer intrigéiert"

Trotz oder villäicht wéinst hirer Retenue huet d’Actrice d’Konschtstéck fäerdeg bruecht, datt een, och an deene Filmer wou se keng Haaptroll dra spillt, awer dee Personnage ass, un deen een sech erënnert. "Et ass eng Schauspillerin déi ëmmer intrigéiert. Si wielt och ëmmer Figuren déi ganz vill psychologeschen Asaz fuerderen. Doriwwer eraus ass si eng Schauspillerin déi hiren Alter assuméiert", seet de Marc Scheffen.

D’Schauspillerin Charlotte Rampling ass zënter e puer Deeg an engem aktuelle Film ze gesinn, deen hei zu Lëtzebuerg am Ciné Utopia leeft: dem Andrew Haigh säin Drama “45 Years”. Dora geet et ëm eng Koppel, an där no Jorzéngte gemeinsamen a wuel gréisstendeels harmonesche Liewen op eng Kéier sou eppes wéi e Geescht aus der Vergaangenheet opdaucht. An da gëtt déi Koppel op eng wierklech haart Prouf gestallt. 

D’Geschicht, déi de Public vill aus der Perspektive vun der Fra erlieft, gëtt grandios gedroe vun der Schauspillerkoppel Tom Courtenay a Charlotte Rampling, an ass e Meeschterwierk u Sobrietéit an Understatement, hannert deem sech ëm sou méi grouss an existenziell Froen, staark Gefiller a mënschlech Ofgrënn verbiergen.

D’Charlotte Rampling an den Tom Courteney hunn allebéid d’lescht Joer op der Berlinale de sëlwere Bir fir déi jeeweileg bescht Haaptroll an engem Film fir hir Aarbecht a "45 Years" gewonnen, an d’Actrice  ass mat därselwechter Roll, elo och fir den Oscar nominéiert, plus nach eng Onmass aner Auszeechnungen – mat Recht.