Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Hiss Golden Messenger - Nu-Grape

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chris Ware: Rusty Brown

Gezeechent

Chris Ware: Rusty Brown

Rusty Brown erzielt d'Geschicht vu véier Personnagen, déi als Schüler oder Proffen an de Siwwenzeger Joren all an der selwechter Schoul an Omaha, Nebraska waren.

auto_stories

1 min

Rusty Brown erzielt d'Geschicht vu véier Personnagen, déi als Schüler oder Proffen an de Siwwenzeger Joren all an der selwechter Schoul an Omaha, Nebraska waren. De Rusty ass a klenge Bouf, deen a senger Phantasie e Superheld ass. Säi Papp Woody ass e verbatterte Mann, dee seng mësslonge Bezéiungen a Science-Fiction-Geschichte verschafft. Den Jordan Lint ass en aggressive Schoulkomerod vum Rusty, dee säi Liewe laang keng richteg Bezéiung zu anere Mënschen opbaue kann. D'Joanna Cole ass eng afroamerikanesch Enseignante, déi ënnert dem Rassismus leit an historesch Recherche bedreift.

Wéi gewinnt kombinéiert de Chris eng formal streng an experimentell Approche mat engem staark psychologeschen Interêt. D'Graphic Novel spréngt an der Zäit hin an hir a probéiert stilistesch vill op den éischte Bléck Verrécktes aus, de Bléck fir dat Mënschlecht geet awer ni verluer. Rusty Brown, dat si véier Charakterstudien iwwer Leit, déi an hirem Liewen an hirer Ëmwelt verluer sinn - immens traureg a beréierend, awer och immens virtuos an ofwiesslungsräich ëmgesat.