Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Christian Kössler: E Faible fir Seeërcher

Kuerzgeschichten

Christian Kössler: E Faible fir Seeërcher

Den Däiwel, d’Tuermgespenst oder de Peschtreider… dat sinn nëmmen e Puer vun den däischtere Gestalten, déi am Christian Kössler senge Geschichte virkommen. Den éisträicheschen Auteur huet ee Faibel fir dat Iwwernatierlecht – besonnesch d’Soen aus senger Heemescht hunn et him ugedoen. Mir hunn den Auteur a Schottland getraff.

auto_stories

3 min

Christian Kössler

Dem Christian Kössler seng Personnagë kommen net gutt ewech. Meeschtens stierwe si op méi oder manner spektakulär Manéier. An dacks ass och een iwwernatierlecht Wiesen, sief et e Geescht, e Vampir oder den Däiwel selwer involvéiert. An dat huet seng Grënn. Den éisträicheschen Auteur huet nämlech ee Faibel fir dat Gespenstescht a Mysteriéist. Besonnesch éisträichesch Soen faszinéieren den Auteur. An dat zënter deem hie mat siwe Joer säin éischt Buch mat Soe geschenkt kritt huet.

A sengem Buch “Unheimliches Tirol” huet hie sech 17 Soen aus 17 Gemengen erausgepickt an hinnen ee modernen Touch ginn. Dobäi war et him wichteg, de Soen erëm neit Liewen anzehauchen. "Et geet dorëm déi Geschichten z'entstëbsen a si nei ze verkleeden." Dobäi wier et wichteg, datt d'Faszinatioun fir d'Soen erhale gëtt. Dofir huet dem Christian Kössler säi Buch och ee Register, an deem déi original Sourcë vun de Soe vermierkt sinn. "Jidderee ka sech also op d'Sich nom Original maachen a si nei entdecken", esou den Auteur.

Kandheetserënnerungen erwächen

Fir säi Buch ze schreiwen, huet de Christian Kössler selwer vill recherchéiert. Do ass et him ze Gutt komm, datt de hien haaptberufflech als Bibliothecaire schafft. Hie souz also praktesch un der Quell. "Et ass faszinant, wann een e Soe-Buch viru sech leien huet, dat 160 Joer al ass. Wann een doduerch bliedert a sech iwwerlee kann, 'Wat huet den Auteur sech derbäi geduecht?'"

Recherchéiert huet den Auteur awer net nëmme mam Kapp an de Bicher. Fir verschidde Soe besser novollzéien huet hie sech selwer an den Auto gesat an ass op d’Plaz gefuer. Nëmmen esou kéint een d’Geschichte glafwierdeg eriwwerbréngen, mengt den Schrëftsteller. Vill vun den alen Texter huet den Éisträicher schonn aus senger Kandheet kannt. Mee e puer huet hien der och erëm nei entdeckt. Dat wier dat flott u senger Aarbecht gewiescht, esou de Christian Kössler. Hien hätt iwwer dem Schreiwe vill bäigeléiert.

Vunenee léieren

Sengem Public geet et net anescht. Bei esou muench engem vu senge Lieser konnt de Christian Kössler Kandheetserënnerungen erwächen, wéi hie bei senge Liesunge gemierkt huet. Et kéint schonn emol virkommen, datt Leit no enger Liesung bei hie kommen, an him Detailer zu de Soen erzielen, déi e Schrëftsteller nach net kannt huet. "Dat ass immens schéin", esou de Christian Kössler iwwer den Austausch mat senge Lieser.

Eng Lieblingsso huet den Auteur natierlech och. Déi spillt a Südtiroul an huet den Auteur schonn a senger Kandheet faszinéiert. Si handelt vum Bewaacher vun engem Tuerm, deen op engem Kierfecht ee Geescht iergert bis et op den Tuerm klëmmt. "An en huet nach esou just Gléck, datt d'Tuerm-Auer schléit a verhënnert, datt d'Gespenst en hëllt."

Dem Christian Kössler säin nächste Projet beschäftegt sech natierlech och mam Iwwernatierlechen. An och do geet et ëm ee Gespenst, dat zu Innsbruck säin Onwiesen dreift: et bleift also grujeleg.