Radioen

On air

Notturno  |  Wiki & Subjxct 5 - My Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat Zynismus an d'Demokratie

Literatur

Mat Zynismus an d'Demokratie

De Christoph Hein schreift géint d'Vergiessen. A senge Romaner beschäftegt hie sech mat der DDR a mat totalitäre Systemer. Déi aktuell Situatioun an der Welt an an Europa wier "beonrouegend", mengt den Auteur.

auto_stories

4 min

"Ich wusste nicht, ob ich diesem Mann auch nur ein Wort glauben konnte, ob ich einem Kerl mit einem besonders schrulligen Spleen begegnet war, einem jener Irren, die mit Verschwörungstheorien durchs Land ziehen und von Plänen zur Eroberung der Welt oder eines Kontinents schwätzen, um vor einer absonderlichen, irdischen oder extraterrestrischen Gefahr zu warnen, oder ob an seinem Gerede von einer Wissenschaft mit Blutspur und Massaker etwas dran war. "Ich weiß nicht, Herr ..." "Trutz heiß ich, Maykl Trutz", sagte er."


De Maykl Trutz ass de Fils vum Protagonist Rainer Trutz aus dem Christoph Hein sengem Roman "Trutz". De Rainer Trutz ass als jonke Mann mat senger Fra virum Hitler-Regimm an d'Sowjetunioun geflücht. Dat ass awer net ganz gutt fir hien ausgaangen.

Leit um Bord vun der Gesellschaft

Den däitschen Essayist a Schrëftsteller Christoph Hein ass an der fréierer DDR opgewuess. Hien huet sech ëmmer an der Roll vum Marginalen erlieft. Als Fils vun engem Paschtouer huet hie keng Première dierfte maachen an ass mat 14 Joer an d'Bundesrepublik geflücht. Hie war heemlech op Besuch bei sengen Elteren, wou just d'Mauer gebaut ginn ass. Do wär hien "abgehauen und Pfafferssohn" gewiescht. Mä hien hätt geléiert mat dëser marginaliséierter Roll eens ze ginn. Fir e Schrëftsteller wär dat souguer vu Virdeel gewiescht.

Seng Literatur ass gefëllt mat Protagonisten, déi um Bord vun der Gesellschaft stinn an dat an der fréierer DDR. D'Liewen an Ostdäitschland wier e wichtegt Thema fir hien. "Ech hu vill Joerzéngte laang an dësem Land gelieft an ech schreiwen iwwer dat, wat ech gesinn an erlieft hunn."

Hitler a Stalin. De Christoph Hein well a sengem rezente Roman virun allem op d'Muecht vun der Manipulatioun, der Ohnmacht vum Eenzelen an der Willkür vum Regimm, där deen Eenzelen ausgesat ass, opmierksam maachen.

Rechtsstaat vs. Gerechtegkeet

War fir de Christoph Hein mat der Opléisung vun der Sowjetunioun an dem Fall vun der Mauer och de Wee an d'Gerechtegkeet zementéiert? Hie verweist an dëser Fro op en Zitat vun enger Biergerrechtsaktivistin: "Mir wollte Gerechtegkeet a mir kruten de Rechtsstaat."

"Mir kënne frou sinn, wa mir e Rechtsstaat hunn, vun der Gerechtegkeet si mir dann awer nach wäit ewech."

Et sinn elo geschwënn 30 Joer, datt all Länner an Europa a sougenannten Demokratië liewen. Fir de Christoph Hein ass déi aktuell Situatioun an der Welt an an Europa awer "beonrouegend".

"An enger vun den eelsten Demokratien ass een Autokrat wéi den Trump un der Muecht. (...) A Polen an an Ungarn erliewe mir et. Frankräich war uerg betraff an huet grad nach d'Kéier kritt. Mä et weess een net, wéi et weider geet. Dat kéint béis ausgoen."

D'Enn vum Faschismus?

Wat laang Zäit nom Zweete Weltkrich ondenkbar ginn ass, war de Gedanken, datt an Europa iergendwann emol erëm kéint Krich ginn. Dëser Meenung war och de Christoph Hein, deen 1944 gebuer ass. Den Thomas Mann huet ee Joer nom Krich geschriwwen, datt de Faschismus als historesch Period nach laang net eriwwer wier.

"Mat 18 Joer hunn ech geduecht: 'Vu wat schwätzt deen ale Mann?'. (....) Haut fäerten ech, datt den Thomas Mann mat dëser Prophezeiung vu 1946 ganz genee de Punkt getraff huet."

"Hoffen, datt d'Schlagersänger dat Richtegt soen"

"Das Vergessen wird belohnt, nicht das Gedächtnis" muss de Maykl Trutz am Christoph Hein sengem leschte Roman konstatéieren.

Géint d'Vergiesse schreift den däitsche Schrëftsteller och seng Romaner. Mä gëtt nach op d'Schrëftsteller gelauschtert? Gëtt et si iwwerhaapt nach, déi intellektuell Stëmmen? Jo, mengt de Christoph Hein. "Et ginn awer Verännerungen an der Gesellschaft un deenen d'Medie staark bedeelegt sinn. D'Schrëftsteller sinn net méi esou wichteg. Entscheedend ass, wat d'Tëleesgesiichter, d'Sportler an d'Schlagersänger soen."

A wat wier dogéint ze maachen? Den Auteur Christoph Hein mengt, dat Wichtegst wier "et z'akzeptéieren. Sech net dogéint ze rebelléieren. An hoffen, datt d'Schlagersänger dat richtegt soen."

An de Joren 1989 an 90 goufe bei de sougenannte "Montagsdemos" an der DDR géint déi deemoleg politesch Situatioun protestéiert. Haut ass et PEGIDA, déi mat enger ganz anerer Gesënnung op dësem Wochendag um Territoire vun Ostdäitschland demonstréiert. D'Opkomme vun den extrem-rietse Parteien an Däitschland an och an aneren europäesche Länner wier eng Entwécklung, déi him géif Angscht maachen, seet de Christoph Hein.

"Mä ech gesinn och, datt et Grënn dofir ginn. Ost-Däitschland gouf ofgehaangen an déi Ostdäitsch sinn nach ëmmer ekonomesch benodeelegt. Dat huet d'Elite vun den nationalistesche Beweegungen am Weste begraff. D'Offizéier vun der nationalistescher Beweegung kommen aus Bayern a Baden-Württemberg."