Radioen

On air

Notturno  |  Between Shelves - Cornered

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CinEast Digest 1

Film

CinEast Digest 1

Wann d'Hierschtwieder esou richteg zouschléit, da weess een, datt d'Zäit vum CinEast komm ass. Dat éischt Affer ass meeschtens d'Stëmm, a beschtefalls sinn et d'Filmer, déi se engem verschloen. Hei am Iwwerbléck eng Partie Bäitreeg, déi mer dëser Deeg gesinn hunn.

auto_stories

5 min

Geheie mer e Bléck op déi offiziell Kompetitioun, mam ungareschen Drama "Forest - I see you everywhere" vum Bence Fliegauf. E Meedche mécht sengem Papp Virwërf wéinst dem déidlechen Accident vu senger Mamm; eng Koppel versicht iwwert den Dout vun hirem Bébé ewech ze kommen; ass d'Jalousie vun dëser jonker Fra a Bezuch op de Kolleeg berechtegt oder ass d'Realitéit awer méi komplex? Dat sinn déi éischt vun am Ganze siwe vun eneen onofhängegen Episoden, déi plus ou moins inhaltlech a virun allem duerch eng gemeinsam Form matenee verbonne sinn.

Mënschlech Konflikter op engstem Raum

All Kéiers hu mer et mat engem Gespréich tëschent zwee, heiansdo dräi Personnagen ze dinn, an de Schluss gëtt systematesch scho virewech geholl. D'Gesichter si meeschtens vun no gefilmt an d'Kamera pendelt tëschent de Gespréichspartner hin an hir. Dat schaaft eng gewëssen Intimitéit, fir net ze soe Klaustrophobie - gläichzäiteg gëtt esou eng Trennung suggeréiert tëschent Mënschen, déi praktesch ni zesummen am Kader agefaange ginn.

Duergestallt ginn hei Konfliktsituatiounen, déi vun der Intensitéit hir éischter op Spuerflam kachen, och wann et heiansdo emol ka méi drastesch ginn. Thematiséiert gi schwiereg mënschlech Erfarungen, net seelen am Kader vun enger Bezéiung, a bal ëmmer lauert den Dout. Duerch déi behandelt Thematiken, de minimalistesche Stil, déi schwéierfälleg Systematik vun der Struktur an net zulescht d'Dauer - bal zwou Stonnen - ass "Forest - I see you everywhere" alles anescht ewéi liichte kascht. Um Enn bleift dem Realisateur Bence Fliegauf säi Message e bëssen ze flou. Ëmmerhi gouf déi jonk Lilla Kizlinger op der leschter Berlinale mam Präis fir déi beschten Nieweroll belount.

Do an net do, am Koma

Richteg erschloe gëtt ee mat "Saving one who was dead" vum Tchesch Vaclav Kadrnka. Eng Mamm an hiren erwuessene Bouf verbréngen hir Zäit am Spidol beim Mann respektiv Papp, deen am Koma läit. Gedëlleg schwätzen si mat ëm, an der Hoffnung, datt hien si héiert an endlech aus sengem Zoustand erwächt. Si hale seng Hänn a waarden op dat geréngsten Zeechen.

D'Acteure goufe bewosst ugestallt, wéineg expressiv ze spillen. Wa se net riets a lénks vum Komapatient sengem Bett sëtzen, spadséieren se, jidderee fir sech, roueg duerch déi wéineg animéiert Gäng vum Spidol, laanscht Leit, déi, alleguerten an deene selwechte blatzeg-pastelle Faarftéin gekleet, apathesch do waarden. D'Geräischkuliss ass op e Minimum reduzéiert, héchstens klake Schongsuelen an de Gäng oder déi kënschtlech Beootmung pulséiert an engem reegelméissege Rhythmus.

Presenz, an awer net Presenz. Extreem enkt Bildformat. D'Iddi vun der léiwer Persoun, déi am Koma läit, am Kierper agespaart an net z'erreechen ass, kënnt gutt eriwwer. Déi ënnerkillte Mise en scène, déi e bëssen u Kaurismäki ouni Humor erënnert, fierft leider och op d'Personnagen of: als Spectateur fält et engem schwéier, fir matzefillen.

Saving one who was deadAtmosphäresche Jugendporträt

Déi lescht Deeg vun der Jugend virum grousse Sprong an den Erwuessenenalter, dorëms geet et am polnesche Film "Love tasting". E Grupp vu 15-Joer jonke Jugendleche genéisst d'Enn vum Schouljoer, also den Ufank vum Summer, a bereet sech moralesch op den Ofschlossbal fir. En attendant sonnt een sech an der oppener Schwemm, et danzt een an der Garage op Techno, an der Kummer gëtt Gras gefëmmt.

De Film gräift déi sëlleg Problemer op, déi an deem Alter eng grouss Roll kënne spillen: d'Verlaangeren no enger Bezéiung oder no engem anere Partner, d'Angscht virun enger ongewollter Schwangerschaft, de männleche Kierperkult oder nach d'Angscht, fir eng homosexuell Unzéiung un den Dag ze leeën, wat besonnesch am polnesche Kontext en delikate Sujet ass. "Love tasting" verzicht op eng iwwerdramatiséiert Handlung, leet méi wäert op eng, duerch eng relativ mobil Kamera agefaangen, atmosphäresch geloossen Alldagskronik. E Film, deen net besonnesch originell ass, mee perfekt fir esou richteg ze chillen.

Poetesch Demenz

Um aneren Enn vun der Altersskala ass d'Demenz fir déi Betraffen an hir Famill eng grouss Suergequell. De slowenesche Film "San Remo" stellt e Witmann an de Mëttelpunkt, deen am Altersheem eng aner Fra kenneléiert. Seng Krankheet steet him dobäi awer iergendwéi am Wee.

Periode vu mentaler Konfusioun vum Mann, déi och emol duerch Niwwel signaliséiert ginn, stellt de Realisateur Miroslav Mandic op eng poetesch Manéier duer. Demenz ass hei net onbedéngt den Ausdrock vu Leiden, mee vun enger Zort spirituell ugehauchtem Iwwergang virum Hannergrond vum Wandel vun de Joreszäiten an enger bal magescher Natur. D'Enn vum Liewe schéngt nëmmen nach aus verpasste leschte Chancen an nostalgeschem Notraueren ze bestoen.

Trotz allem bréngt dee Film et fäerdeg, eng gewësse Liichtegkeet ze vermëttelen. "San Remo" ass eng kuckenswäert Alternativ zum Florian Zeller sengem éischter méi klaustrophobeschen "The Father" mam Anthony Hopkins.


Vill vun de Filmer um CinEast-Festival kënnen och Online gekuckt ginn.