Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  New Order - Blue Monday '88

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CinEast Digest 2

Film

CinEast Digest 2

Drama an Humor suergen am Kino dacks fir wëllkomm Ofwiesselung an Erliichterung. Hei elo eng weider Serie vu Kuerzkriticke vu Filmer, déi mer déi lescht Deeg um CinEast-Festival gesinn hunn.

auto_stories

5 min

Zeen aus dem rumänesche Kompetitiounsfilm "Miracle"

Datt Drama an Humor sech net onbedéngt ausschléissen, beweist de rumänesche Kompetitiounsfilm "Miracle" vum Bogdan George Apetri. D'Geschicht ass alles anescht ewéi witzeg: Eng jonk Novizin gëtt mam Taxi vun hirem Klouschter ofgeholl fir an d'Spidol gefouert ze ginn. Iwwer hir Vergaangenheet gi mer net vill gewuer, mee et kann ee vum Schlëmmsten ausgoen. Wéi wann dat net scho genuch wier, gëtt déi jonk Fra vun engem zweete Schicksalsschlag getraff.

De Film stellt déi berechtegt Fro an de Raum, ob de Glawen iwwerhaapt eppes bréngt. Mee e mécht dat iwwer Dialoge voller schwaarzem Humor, déi den Drock e bëssen eraushuelen an dem Spectateur Momenter vun der Erliichterung zougestinn.

Wat motivéiert dem Apetri seng Flicken?

Am méi laangen zweeten Deel vum Film steet e Flic am Mëttelpunkt, deen e Fall an Zesummenhang mat der Novizin soll opklären. Datt hien et mat der Legalitéit net esou genee hëlt ass eng Saach, eng aner ass seng Motivatioun: de Realisateur ass clever genuch fir eis doriwwer laang am Däischteren ze loossen, genee wéi en dat bei sengem viregte Film "Unidentified", deen och am Kader vum CinEast leeft, gemaach hat.

"Unidentified" war den éischten Deel vun enger Trilogie iwwer seng Heemechtsstad, mat där de Bogdan George Apetri déi mënschlech Leidenschaften hannert dacks schwéier novollzéibaren Handlunge versicht z'entlarven. "Miracle", den zweeten Deel vun der Trilogie, gëtt deem ganzen eng zousätzlech Déift, fir net ze soe spirituell Dimensioun. Plan séquencen, 360-Grad-Kamerabeweegungen a Plot-Twiste gehéieren zum stilisteschen Arsenal vun engem nawell interessante Realisateur.

Wat hannerloosse mer eise Kanner?

Méi konventionell mee dofir net manner interessant ass "Celts", den éischte Long métrage vun der serbescher Cineastin Milica Tomovic, Joergang 1986. E Kannergebuertsdag ënnert dem Zeeche vun den Teenage mutant ninja turtles, op deem et ganz approximativ Schnittercher ze frupsen an am Waasser opgeléiste Pudder als Colaersatz ze drénke gëtt, a fir déi Erwuessen e sougenannte "second-hand"-Whisky. Mir sinn a Serbien, am Wanter 1993, matzen am Jugoslawiekrich, deen am Film awer nëmmen undeitungsweis thematiséiert gëtt. Jugoslawien ass um Enn.

Kann ee sech dofir elo als Serb, Kroat, Slowen, Moslem, asw. fillen a bezeechnen, obwuel een ni e richtege Bezuch zu deenen Nationalitéiten hat? A wéi e Land iwwerloosse mer eise Kanner, wou mer selwer net méi richteg wëssen, wat mer sinn? De Film äntwert mat enger wonnerbarer Metapher: d'Gebuertsdagskand muss d'Käerzen op engem Kuch ausblosen, op dee seng Mamm kuerz virdrun mam Hënner getrollt war...

Wou sinn d'Männer?

D'Kris vun der Männlechkeet gëtt am Film als e weidert Symptom vun der allgemenger Identitéitskris am Balkan duergestallt. Gewise ginn Adulten, déi zwar ouni Hemmungen iwwer Sex schwätzen. Besonnesch opgeschloss si lesbesch Fraen an homosexuell Männer. Bleift den eenzegen Hetero vum Owend, dee seng Erektiounsproblemer op déi kuerz Hoercoupe vu senger Fra mengt kënnen zeréckzeféieren... Där hir Frustratioun gëtt direkt an der Ufankszeen vum Film verdäitlecht, an där si sech ënnert der Bettdecke masturbéiert, wärend hire Mann diskret duerch d'Kummer an erëm eraus leeft.

Anescht ewéi esou vill Filmer, déi d'Konsequenze vum Krich am Balkan thematiséieren, bréngt "Celts" et fäerdeg, déi selwecht Problemer indirekt a mat enger wëllkommer Liichtegkeet auszedrécken. De serbesche Film leeft och an der Kompetitioun.

D'Liewe muss kee Sënn hunn

Da sëtzt een owes gemittlech a sengem Büro e Buch ze liesen, wéi op eemol eng Kugel duerch d'Fënster geschoss kënnt, an direkt duerno eng zweet. Mee wien huet et dann op den onscheinbare Boris Robic, bestuete Mann a senge Fofzeger, dee wuel langweilegsten Typ wäit a breet, ofgesinn? Dat ass d'Ausgankssituatioun vun "Inventory", den Debutfilm vum Slowen Darko Sinko. Well d'Police net weider weess, féiert den Haaptprotagonist d'Enquête op eege Fauscht. Perséinlech Feinde kann de Robic mam beschte Wëlle keng fannen, fänkt dofir un, säi Liewen a säin Ëmfeld Revue passéieren ze loossen. Vun der Paranoia gepaakt, verdächteg hien iergendwann seng Fra a säi Bouf...

Zeen aus "Inventory"

D'Iddi vum Film, déi op enger Kuerzgeschicht vum tschechesche Schrëftsteller Karel Capek baséiert, ass natierlech exzellent. Wann eng bis an de leschten Detail gereegelt Existenz gestéiert gëtt, fänkt een un ze kalenneren: a wa fir d'Vrécke keng Gewëssheet kënnt, huet ee keen zolitte Buedem méi ënnert de Féiss. Fir verschidden Zäitgenosse gëtt domat d'Liewen zur Hell! Datt d'Liewe kee Sënn huet an einfach nëmmen absurd ass verdroen déi mannst. An dat ass duerchaus këstlech nozekucken! Dem Acteur Rados Bolsina, dee bis dohi just am Theater aktiv war, keeft een den Haaptpersonnage, deen d'Welt net méi versteet, absolut of. Leider ass "Inventory" vill ze lues erzielt an déi 106 Minutte wierken onendlech laang. Manner wier hei sécherlech méi gewiescht.

Fraen, éischt Affer am Krich

Wéi e Schlag an de Mo wierkt den Drama "Bad Roads" vun der Ukrainerin Natalya Vorozhbit. A véier vun eneen onofhängegen Episoden thematiséiert si direkt oder indirekt d'Konditioun vu Frae wärend dem Biergerkrich an der Ost-Ukrain. D'Resultat um Ecran ass eng ganz gutt inzeenéiert Achterbunn vun de Gefiller, mol witzeg, mol brutal, mol spannend, mol meditativ.

Eng Kontroll op engem Checkpoint; eng Diskussioun tëschent jugendleche Frëndinnen dobaussen op enger Bänk; en Zaldot, deen eng jonk Fra an engem zerstéierte Gebai vergewaltegt; eng Fra, déi sech bei aarme Baueren dofir entschëllege wëll, datt si hir Kluck iwwerrannt huet. Ni weess een, a wéi eng Richtung et wäert goen. Déi eenzeg Gewëssheet, déi ee mat "Bad Roads" kritt: Frae gehéieren zu den éischten Affer an engem Krich. Ee vun de wierklech gudde Filmer, déi op dëser 14. Editioun vum CinEast-Festival lafen.


Vill vun de Filmer kënnen och online iwwer de Site vum CinEast-Festival gekuckt ginn.