Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Trappers - Sound Of Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CinEast Digest 3

Film

CinEast Digest 3

E Geheimnis brauch net opgeléist ze ginn, doduerch behält et nämlech seng ganz Unzéiungskraaft. Ënnert deem Motto stinn déi lescht zwee Kompetitiounsfilmer, déi mer um CinEast-Festival gesinn hunn, zesumme mat anere Wierker.

auto_stories

6 min

Ënnert dem Zeeche vun der Ambivalenz steet de kroatesche Kompetitiounsfilm "Murina" vun der Antoneta Alamat Kusijanovic. Eng Koppel lieft mat hirer Duechter Julija (Gracija Filipovic) op enger wonnerschéiner verloossener Insel virun der dalmatescher Küst.

E spuenesche Millionär (Cliff Curtis), e Familljefrënd, kënnt op Besuch, soi-disant fir en Terrain ofzekafen, op deem e Luxus-Resort soll entstoen. Eng méi wéi gespaante Relatioun tëschent Papp (Leon Lucev) an Duechter; vläicht eng fréier Libesaffär tëschent der Mamm (Danica Curcic) an dem Millionär; a wat leeft tëschent deem Spuenier an der attraktiver jonker Duechter?

Ambivalenz

An deem Drama ass näischt wéi et op den éischte Bléck schéngt, oder besser gesot: de Film léisst de Spectateur am Däischteren. Keng vun de méiglechen Interpretatiounen, déi e suggeréiert kritt, gëtt ee fir alle Mol confirméiert. "Murina" ass een zudéifst zwiispältegt Wierk.

Ugefaange mat der idyllescher Inselkuliss, déi zwar wéi e Paradäis erschéngt, mee gläichzäiteg en Uert vun der Isolatioun, eng Fal, fir déi jonk Julija ass. Wann den Teenager am wonnerschéine bloe Mier dauche geet, ass et a sengem Element. An awer kéint et a sengen Déiften erstécken, Metapher fir déi sozial Asphyxie, an där d'Meedche vu sengem Papp gehale gëtt. Ass deen da wierklech esou béis, wéi en eriwwer kënnt? Oder hënnert säin Houfert en drun, ee vir alle Mol auszepaken - wann et dann eppes auszepake gëtt?

D'Julija, aus deem senger Perspektiv mer de Film erliewen, wäert enges Daags vum selwe verstoen, wat alles passéiert ass a firwat. E Publikum mat e bësse méi Liewenserfarung huet e puer Längte Virsprong op d'Protagonistin, mee net vill méi... "Murina" ass en duerch an duerch maitriséierten a koherente Film, sécherlech ee vun deene beschten op dësem CinEast-Festival.

Masseur fir eng räich esoteresch Clientèle

Op eng aner Manéier mysteriéis ass "Never gonna snow again", vum polneschen Duo Malgorzata Szumowska a Michal Englert. E jonken ukrainesche Masseur pilgert mat sengem zouklappbare Massage-Dësch duerch en hyperkontrolléierte residentielle Quartier fir déi gehuewe Mëttelklass, an deem eng Villa esou ausgesäit ewéi déi aner. Seng esoteresch Clientèle, Männer ewéi Fraen, weess seng Kompetenzen a säi perséinleche Charme z'appreciéieren.

Un der Uewerfläch ass "Never gonna snow again" eng effikass Gesellschaftssatir. Iwwert de Masseur kréie mer Abléck an dat méi ewéi confortabelt Doheem vu Leit, déi sech duerch hir ridicule Ticken an hiren existenzielle Vide auszeechnen. Do hu mer eng Fra, déi hir Kanner e bëssen ze tolerant erzitt a sech dofir Frechheete muss gefale loossen; e fréieren Offizéier, dee seng Nopere streng am A behält; eng einsam Fra, fir déi hir Bouwen, dat heescht Bulldoggen, alles sinn; een nawell energesche Kriibskranken, dee schonn all Forme vun Therapie hannert sech huet a just op natierlech Methode schwiert; asw.

An awer sinn och si just Mënschen ewéi du an ech, déi vun déiwe psychesche Leide geplot sinn. De bescheidenen ukrainesche Masseur hätt all Ursaach, fir de Klassenënnerscheed als Ressentiment ze verspieren. An awer geet vun him eng Guttmiddegkeet aus, fir net ze soen Iwwerleeënheet: déi huet en duerch seng Heelkräften - ëmmerhin ass hien an der Ëmgéigend vun Tschernobyl gebuer! Mee wie bekëmmert sech ëm den Heeler seng Leiden?

Iwwert dem Film schwieft e permanenten Hauch vun Iwwernatierlechem, produzéiert duerch de relativ luesen Erzielrhythmus, déi präzis Kamera-Aarbecht, déi filtréiert Beliichtung an d'Rou vum Haaptpersonnage. "Never gonna snow again" ass e villschichtegen, interessante Film. Och deen an der Kompetitioun.

Drastesch, anarchesch, knaschteg

Um CinEast-Festival ginn duerchaus och Animatiounsfilmer gewisen, déi der Wäert sinn. De polneschen Zeechentrickkënschtler Mariusz Wilczynski, dee bis dohin haaptsächlech Kuerzfilmer gemaach hat, huet 15 Joer laang u sengem éischte Long métrage "Kill it and leave this town" geschafft.

Et ass eng däischter Evokatioun vun enger Kandheet a Jugend am Wilczynski senger Heemschtsstad Lodz an de 60er a 70er Joren, gréisstendeels a monochrome Blotéin gehalen. Den Zeechestil ass keng Ligne claire, mee drastesch, anarchesch, knaschteg. Fësch ginn a Stécker geschnidden, kréien d'Aen ausgestach, ginn a Konservebéchse verpak. De Moment drop sinn et kleng Mënschen, déi di selwecht Behandlung kréien, dës Kéier duerch Vullen - méi explizitt kann een d'Liewen ënnert dem Kommunismus a Pole wuel net duerstellen!

Déi mënschlech Figure sinn dacks mat Schniewelen duergestallt, animalesch, béis. Eeler Leit wierke wéi dohinner gerotzt, gläichzäiteg geet eng Waarmhäerzegkeet vun hinnen aus: den Alter ass näischt Schéines... Den Auteur setzt sech selwer och an Zeen, mat sengem décken, wuschelegen a melancholesche Krauselkapp.

Am zweeten Deel verloosse mer déi diabolesch, däischter Stad: et geet mam Zuch op d'Ostséi mat hiren iwwerdimensionéierte Paqueboten. Mee d'Sonn geet esou lues ënner an d'Koppelen danze Slow op der krazeger Bluesgittar vum polnesche Kultmuseker Tadeusz Nalepa. "Kill it and leave this town" beweist, datt et och kënschtleresch usprochsvoll Animatiounsfilmer fir Erwuessener gëtt, déi näischt mat der geleckter an infantiliséierender Disney- oder Pixar-Ästhetik um Hutt hunn.

Plan séquence mol dräi

Um CinEast-Festival ass och dem ungaresche Realisateur Kornel Mundruczko säi leschte Film "Evolutioun" ze gesinn, deen zu Cannes Première hat. D'Thema vun der Shoah zitt sech duerch déi dräi Episoden, aus deenen de Film zesumme gesat ass: e Grupp vu Männer, déi eng Gaskummer no Gebrauch desinfizéieren; eng am KZ gebueren eeler Fra, déi mat der Duechter driwwer streit, op ee säi Judaismus vergiessen oder e grad fleege soll; den Enkel respektiv Fils, dann, deen zu Berlin mat Antisemitismus konfrontéiert gëtt.

Iwwer dräi Generatioune gëtt de Poids vun der Geschicht weider vermëttelt. Do mécht et Sënn, datt déi dräi Episoden all an engem Goss gedréit sinn. Mam Plan séquence ass den ungaresche Realisateur Kornel Mundruczko international bekannt ginn: am Ufank vu sengem Netflix-Drama "Pieces of a woman" hat hie mat deem Stilmëttel eng Gebuert doheem, déi schif ausgaange war, duergestallt. Den Effet vu Realismus, deen esou erreecht gëtt, kritt an "Evolution" nach eng quasi surrealistesch Touche dropgesat, wéinstens an zwee vun dräi Episoden. Trotz engem schwaachen Ofschloss duerch deen enttäuschende leschten Episod bleift de Film e kuckenswäerte virtuosen Exercice.