Radioen

On air

De Moien  |  Christine And The Queens - Doesn't Matter (Voleur De Soleil)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CNL: Liesrees uechtert d'Land

Literatur

CNL: Liesrees uechtert d'Land

Wann d'Leit net kënne bei d'Bicher kommen, da ginn d'Bicher bei d'Leit, ongeféier esou kann een déi nei Initiativ vum Mierscher Literaturzenter beschreiwen. Si schécken an Zesummenaarbecht mat der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteure ronn 25 Lëtzebuerger Autorinnen an Auteuren op d'Rees duerch d'Land, wou déi dann an den diverse Kulturhaiser hir nei Publikatioune mat Liesunge virstellen.

auto_stories

2 min

"Et muss ee wierklech soen, e literarescht Joer, wou et keng Walfer Bicherdeeg gëtt, e schwieregt Joer ass fir d'Editeuren an och fir d'Auteuren, fir un hire Public ze kommen. An doduerch war et néideg och déi Bicher an d'Vitrinn ze stellen, déi an de leschte Méint erauskomm sinn"

esou d'Nathalie Jacoby, Directrice vum Mierscher Literaturarchiv. D'Walfer Bicherdeeg maachen laut der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren en Joresëmsaz vu 25 Prozent aus, dee bekannterweis d'lescht Joer ausgefall ass.

Ee Konzept mat Zukunft

D'Federatioun vun den Bicherediteuren huet sech dono un d'Kulturhaiser an och un de CNL adresséiert, fir Liesungen uechtert d'Land ze organiséieren:

"Mir sinn un der Quell a mir sinn an der Situatioun, wou mir als Haus, doduerch, datt mir just e klenge Sall hunn fir Manifestatiounen, näischt bei eis konnte maachen. Et ass esou schéin, wéi positiv an iwwerwältegend direkt d'Äntwert vun de Kulturhaiser war, déi direkt wollte matmaachen, déi och direkt bereet waren, eis d'Organisatioun ze iwwerloossen a gläichzäiteg hire Know-how ze Verfügung ze stellen, esou, datt mer elo richteg op eng Rees praktesch duerch d'ganzt Land ginn."

Duerch d'ganzt Land, dat heescht vun Diddeleng bis op Maarnech kann een an den diverse Kulturhaiser tëschent dem 4. Mee an dem 4. Juli der aktuellster Lëtzebuerger Literatur begéinen. Wéi d'Theateren et scho virgemaach haten, stellen déi grouss Haiser hire Raum de Produktioune vu méi klengen Haiser zur Verfügung.

D'Bicherediteuren hu fir d'Liesungen hir Autorinnen an Auteure proposéiert. Et sinn ëmmer zwee bis dräi Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller, déi zesumme liesen an d'Liesunge sinn och thematesch zesummegestallt. "Sprooch ass méi wéi Wierder..." ass den Titel vun der Liesung an dem Gespréich mat der Ulrike Bail, dem Tom Hengen an dem Lambert Schlechter am Iechternacher Trifolion, "Le trésor ambulant" heescht de Liesowend mat der Anja Di Bartolomeo, dem Tom Reisen a Robert Schofield an der Escher Kulturfabrik.

D'CNL-Liesrees ass eng Initiativ, déi sech net misst op dës restriktiv Zäite beschränke fënnt d'Nathalie Jacoby:

"Et war vill Freed fir dat ze plangen, datt ech denken, mir wëllen dat weider maachen. (...) Wat mir virschwieft ass nach eng Kéier eng Liesrees duerch d'Kulturhaiser duerch d'Land an dat a Kombinatioun mam Summerdag vun der Literatur bei eis am CNL."