Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Computerspiller hunn eng wichteg Plaz an der Gesellschaft"

Games and Politics

"Computerspiller hunn eng wichteg Plaz an der Gesellschaft"







Normal
0




false
false
false

LB-LU
X-NONE
X-NONE














































































































































































































































































































































































































Computerspiller verblöden net per se a mussen net ëmmer gewaltverherrlechend sinn. Computerspiller kenne vill méi: Si kenne politesch Reflexiounsprozesser ureegen, gewinnten Denkmusteren a Fro stellen a pädagogesch wäertvoll sinn.

auto_stories

2 min

An der Ausstellung "Games and Politics" géif ee Spiller weisen, déi ausdrocksstaark politesch wieren, seet de Stefan Schwingeler. Hien ass Curateur vun der Ausstellung, déi grad zu Lëtzebuerg Statioun mécht, a Professer fir Mediewëssenschaften op der Héichschoul fir ugewannte Wëssenschaft a Konscht zu Hildesheim, Holzminden a Göttingen. Als Beispill nennt hien d'Spill "Phone Story" vum italieneschen Designer Paolo Pedercini. Dee weist an dësem Spill d'Produktiounsprozesser vun engem Smartphone. Ënner anerem géifen och d'Ëmweltverschmotzung an d'Ausbeutung vun Aarbechter thematiséiert ginn.

"Computerspiller kënnen eng ganz däitlech, politesch Positioun bezéien, an e Message transportéieren."

Computerspiller sinn als éischt emol Medien, an all Medium ass u sech neutral. Seng Entwécklung hänkt dovunner of, mat wéi engen Inhalter et gefëllt gëtt. Sou wéi all anert Medium och, hu Computerspiller d'Potenzial, Konscht ze sinn. Fir vill Leit dierft dëst nei sinn.

Akademesch Ausenanersetzung mat Computerspiller

De Stefan Schwingeler gehéiert international zu der Avantgarde vun de sougenannte "Game Studies", déi Computerspiller als relevant Komponent an der Konscht ënnersichen. Hie vergläicht seng Aarbecht mat Film Studies oder och Konschtgeschicht.

D'Game Studies géifen et zanter ronn 20 Joer ginn. An där Zäit wier vill akademesch Aarbecht entstanen. "Et gëtt eng opgekläerte Beschäftegung mat Computerspiller, déi Spiller analyséiert, si anuerdent an déi si als kulturellt a kënschtlerescht Artefakt versteet." Computerspiller hätten, genee wéi aner Medien, eng wichteg Plaz an der Gesellschaft.

Aus de Games Studies wësse mir, datt Computerspiller d'Léiere fuerdere kënnen. De Stefan Schwingeler ass dovun iwwerzeegt, datt esou Spiller och bei Primärschoulschüler positiv agesat kënne ginn. Et géif interaktiv Computerspiller ginn, déi fir Schülerinnen a Schüler gëeegent wieren. "Dat sinn zum Deel ganz poetesch, billerbuchhaft Narratiounen, déi Geschichten erzielen, déi wonnerschéin illustréiert sinn, an de Kanner mat der interaktiver Komponent (...) de Contenu méi no bréngen."

Computerspiller sinn also Medien, déi een sech och zu Notze maache kann, amplaz se just ze verdäiwelen.

D'Ausstellung "Games and Politics" gëtt nach bis den 21. Mee am Neimënster gewisen.