Radioen

On air

Kultur um 5  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Concours fir d'Konschtbiennale zu Venedeg 2019

Konscht

Concours fir d'Konschtbiennale zu Venedeg 2019

En internationale Jury decidéiert iwwer de beschten Dossier fir d'Lëtzebuerger Participatioun un der Konschtbiennale vu Venedeg am Joer 2019. De Ministère de la Culture huet de Concours ausgeschriwwen.

auto_stories

3 min

De Ministère de la Culture huet elo d'Kandidature fir d'Participatioun un der 58. Konschtbiennale vu Venedeg erausginn. Zanter 1999 huet Lëtzebuerg do en nationale Pavillon, deen 2003 mat der Su-Mei Tse hirer Aarbecht "Air conditionné" mam gëllene Léif ausgezeechent gouf. Bis den 2. Mee 2018 kann een, wann een de Preselectiounskritären entsprécht, eng Kandidatur eraginn.

E Liewen no der Participatioun

Et muss ee virun allem Lëtzebuerger sinn oder do wunnen, eng Carrière vun op d'mannst dräi Joer als professionellen oder semi-professionelle Kënschtler Opweises hunn. D'Professeurs-Artistes kënnen also opootmen: de Concours ass net just fir déi reservéiert, déi de Statut d'artistes hunn ... mee, Spaass op der Säit: d'Participatioun u Venedeg huet zu Lëtzebuerg an natierlech och am Ausland e relativ héije Stellewäert.

Op esou eng Participatioun d'Kënschtlercarrièrë wierklech fërdert, steet awer op engem aneren Blat. Fir vill Lëtzebuerger Kënschtler kënnt no der Participatioun dat schwaarzt Lach, well si duerno regelrecht fale gelooss ginn. Anerer bréngen et fäerdeg, virun allem duerch Eegeninitiativ, weiderzemaachen an dann och vu Venedeg ze profitéieren. Jidderee mat senger Method a sengem Netzwierk. Wann een dat Netzwierk net séier opbaut, kann et mat der Carrière schwiereg ginn.

Eng Lëtzebuerger Influenz

Vläicht geet dofir am Kontext vum sougenannten Kulturplang och alt emol rieds vun enger Zort Kënschtleragence, déi Carrièren am Ausland ënnerstëtzte soll, sou wéi d'Musek mat music: LX. Am Jury vum Venedeg Concours fir 2019, also fir d'Konschtbiennale, sinn d'Emma Lavigne, Direktesch vum Centre Pompidou Metz, Suzanne Cotter, Direktesch vum Mudam Lëtzebuerg, d'Danielle Igniti, Direktesch vum Centre d'Art vun Diddeleng an opderschmelz, de Frank Throsten Moll vum IKOB Konschtzentrum zu Eupen an de Kevin Muhlen, Direkter vum Casino, deen dëst Joer am Zweejoresrythmus nees d'Biennale organiséiert. 2021 dierft et dann nees fir zwou Editiounen um Mudam sinn.

Vun der nächster Architekturbiennale un, déi elo de Juni opgeet, wäert de Lëtzebuerger Pavillon dann um Ausstellungsparcours vum Arsenale sinn, dat an engem Niewegebai (enger aler Salle d'Armes) vun den historeschen Halen mat der 370 Meter laanger Haaptausstellungsachs. Wann een déi absolvéiert huet, kënnt een direkt bei de Pavillon, dee mat sengen 250 Quadratmeter Ausstellungsfläch um zweete Stack ass. De Raum ass bis elo ganz eidel, mat Holzparquet a rauen alen Zillemaueren.

An d'Haaptausstellung integréiert

Eng Ausstellungs-Bannenarchitektur gëtt et vu vir eran nach keng. Dat ass emol déi éischte praktesch Erausfuerderung, mat där Organisateure vun der nächster Architekturbiennale Enn vum Fréijoer konfrontéiert sinn. De Loyer ass relativ héich mat 20.660 Euro fir déi ronn siwe Méint, déi d'Konschtbiennale dauert, mee d'Lag ass effektiv ausgezeechent a vill méi zentral, wéi dat bei der Ca'del Duca de Fall war.

Fréier war de Lëtzebuerger Pavillon an engem Hannerhaff, deen zwar op de Canale Grande erausgaangen ass, mee deen zu Fouss, net wäit vun der Bréck vun der Accademia, nëmmen duerch en typescht venezianescht Gaasse-Labyrinth ze erreechen war. Et huet ee misse wëllen dohinner, zoufälleg ass do kee laanscht spadséiert. Ausserdeem louch de Pavillon gutt 40 Minutten zu Fous an 30 Minutte mam Vaporetto vun de Haaptausstellunge vun den Giardini an eben och dem Arsenale ewech.

Dee Problem besteet elo net méi. De Lëtzebuerger Pavillon ass mat senger neier Situatioun wierklech an den Haaptaussellungsparcours integréiert. Ausserdeem ass elo vill méi Plaz, an déi verzwackte Situatioun vun der Ca' del Duca, déi eigentlech näischt anescht wéi en Appartement war, ass hei séier vergiess. De Sall ass grouss an héich. De gesamt Budget fir de Pavillon fir Konschtbiennale 2019 ze realiséieren ass och erop gaangen. An dat substantiell: vun 234.000 op 350.000 Euro. Dat ass eng gutt Noriicht, well Venedeg an allem, vum klengsten Transport bis zur mannster Affiche, deier verrechent gëtt.