Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Aarbechten un der zweeter "Family of Man"

Grousse Projet am Diddelenger CNA

D'Aarbechten un der zweeter "Family of Man"

Nieft dem Edward Steichen senger weltberühmter Foto-Sammlung vun 1955 soll a véier Joer zu Klierf och d'Teutloff-Sammlung ausgestallt ginn. Bis dohin ass nach vill ze dinn.

auto_stories

2 min

D'Authentifikatioun a Restauratioun vun deene bal 500 neie Konschtwierker (haaptsächlech Fotoen a verschiddene Formater vu knapps 200 internationalen Artisten) ass mat Opwand verbonnen: "The Contemporary Family of Man" vum däitsche Sammler Lutz Teutloff gëtt den Ament am Centre National de l'Audiovisuel zu Diddeleng an d'Archiver opgeholl.

D'Nouveautéite mussen identifizéiert an authentifizéiert ginn a fir d'Conservatioun a spéider Ausstellunge preparéiert ginn. Dofir kënnt reegelméisseg en internationaalt Team vu Restaurateuren a Fotospezialisten am CNA zesummen.

D'Sich no Ieselsecken a Stëbs

Déi italienesch Restauratricë Silvia Berselli a Francesca Vantellini studéieren all eenzel Foto: Ass se verstëbst? War se mat Pechpabeier un d'Rumm oder de Passepartout fixéiert, an ass dat mëttlerweil al, an deemno problematesch ginn? Sinn Ieselsecken un de Fotoen? Déi musse glat gemaach ginn, well se mat der Zäit, zum Beispill an neien Enveloppen, riskéieren, ze wuessen.

Béid Fraen hunn net just e Faibel fir d'Foto selwer, mee och fir hir B-Säit. Hannendrop fënnt een nämlech heiansdo kuriéis Galerien- oder Auktiounsstempelen, déi en Hiweis op e Parcours vun engem Wierk duerstellen.

Keen Neiland fir d'Italienerinnen

D'Silvia Berselli kënnt extra vu Mailand op Diddeleng. An dat scho jorelaang, si huet och den Edward Steichen seng "Family of Man" restauréiert. Dat selwecht gëllt fir hir jonk Kolleegin Francesca Vantellini, déi mëttlerweil am Grand-Duché hänke bliwwen ass.

Nodeems eng Foto beaarbecht, fir d'Conservatioun am Archiv a fir spéider Aktiounen preparéiert ass, kënnt se bei den Sven Erik Klein ënner d'Lëns. Hien huet am CNA eng Zort däischteren Hightech-Fotolabo opgebaut fir d'Fotoen eemol ouni, da spéider nach emol mat Rumm vu béide Säiten ze fotograféieren. An zwar mat engem 100 Megapixelkamerasystem ënner Blëtzbeliichttung.


Dem Edward Steichen seng Sammlung vun 1955 (zanter 2003 Memory of the World vun der Unesco) gëtt mat der Teutloff-Sammlung ëm eng zäitgenëssesch Perspektiv beräichert. Eng éischt Géintiwwerstellung ass fir 2023 zu Klierf geplangt, wou jo och d'Edward Steichen-Sammlung zanter 1994 ausgestallt ass.