Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Buerschter Schlass

Lëtzebuerg entdecken

D'Buerschter Schlass

Eng Saach fir déi Lëtzebuerg sécher bekannt ass, si seng Buergen a Schlässer. 76 dovunner ginn et der am Land. Déi si méi oder manner gutt erhalen, an déi grouss kann ee sech och ukucke goen. Fir eis Serie Lëtzebuerg entdecken war de Pit Walté an d'Schlass zu Buerschent kucken.

auto_stories

3 min

Aus dem Joer 1095 gëtt et déi éischt schrëftlech Trace vun der Buerschenter Buerg, mee och scho virdru gouf et op der Plaz eng Verteidegungsanlag, héchstwahrscheinlech deemools awer nach aus Holz. A vun do un ass déi Anlag ëmmer méi grouss ginn. D'Annie Nickels-Theis, Presidentin vun de Buerschenter Schlassfrënn, weess méi vun der Geschicht:

"D'Buerschter Schlass huet u sech véier grouss Bauphase kannt, an deenen et ëmmer méi vergréissert gouf. Mee et kann ee soen, datt d'Buerg am 16. Joerhonnert hiren Héichpunkt hat. Dono ass da bei der franséischer Revolutioun d'Buerg éischter an de Verfall geroden."

Dee Verfall ass esouguer esouwäit gaangen, datt 1812 vun de Besëtzer alles versteet gouf, wat een aus der Buerg eraushuele konnt. 1936 gouf dat historescht Gebai dann als Monument klasséiert a vun den 1970er Joren un huet een et deelweis nees opgebaut an nieft den Ausgruewunge gouf d'Stolzebuerger Haus, wat nach an engem gudden Zoustand war, erëm opgebaut.

Et ass awer elo net, datt een déi Buerg nees komplett restauréiert hätt, mee et ass "déi gréisste Ruinenanlag aus dem Lëtzebuerger Land, tëschent Rhäin a Meuse, wéi mir ëmmer soen", seet d'Annie Nickels-Theis.

En originellen Audioguide

Et gesäit ee vu ville Gebaier also nëmmen nach d'Fundamenter, d'Baussemaueren a vill Tierm sinn a awer nach méi oder manner gutt erhalen.

Fir datt ee sech awer dat, wat vläicht net méi do ass, trotzdem virstelle kann, gëtt et op der Buerschter Buerg en Audioguide, an do begéint een engem ganz bekannte Personnage:

"Mir haten eng Kéier e ganz bekannte Visiteur hei, an zwar de Victor Hugo. Wéi hien zu Veiane gewunnt huet, war hie mam deemolege Buergermeeschter, dem Adolphe Pauly, een Dag d'Schlass kucke komm. Eise ganzen Audioguide ass op déi Geschicht opgebaut, dat heescht, wéi den Adolphe Pauly dem Victor Hugo hei d'Buerg erkläert."

Méi wéi just eng Buerg

Een Highlight, dat et bei der Buerg sécher gëtt, ass nieft der Geschicht d'Vue déi ee ronderëm iwwer de Sauerdall huet.

Natierlech e strategesch gudde Punkt fir esou eng Buerg opzeriichten, seet d'Annie Nickels-Theis.

"An der Zäit ass awer nach e gewëssenen Deel Wueren iwwer d'Sauer transportéiert ginn, a vun hei aus huet een dann de ganzen Dall am Bléck gehat. Sou hu si da gutt gesinn, wann de Feind da wollt d'Buerschter Schlass ugräifen. Mee aus eiser Geschicht wësse mir awer och, datt d'Schlass ni ageholl ginn ass."

An d'Buerg zu Buerschent kann een och fir Familljefester buchen, oder et kann ee sech Concerten oder Theaterstécker ukucke goen, déi do organiséiert ginn.