Donieft war et fir Karin Kremer och wichteg d'Mierscher Kulturhaus net nëmme regional an national ze gesinn, mee och lokal, an domat och fir d'Veräinsliewen eng oppen Dier ze hunn.
Den 31. Dezember ass de leschte Schaffdag an dono fänkt Pensioun un. Virun zwee Joer gouf d'Karin Kremer op eiser Antenn schonn emol gefrot, ob d'Pensioun en Thema wier. Deemools war et nach e kloren "Nee". D'Decisioun wier bis elo am Kapp ukomm, "mee nach laang net am Häerz a scho guer net am Bauch."
D'Decisioun, datt et no 14 Joer géif duergoen, hätt eleng si geholl, "well ech der Meenung sinn, datt een iergendwann eng Kéier am Krees dréint. Wann ee kuckt, wat ronderëm eis ass, an Däitschland, der Belsch a Frankräich, da gees de als Intendant ab enger gewëssener Zäit, an dat ass och richteg esou."
Si hätt déi Decisioun virun engem Joer geholl, well "neit jonkt Blutt an d'Haus muss erakommen". "Dat Meedche wat elo 14 Joer huet, dat muss elo an d'Erwuessenephas eragefouert ginn."