Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Rome - Death From Above

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Essenz vum Liewen

Film

D'Essenz vum Liewen

Dem Bulgar Milko Lazarov säi schéinen, kontemplativen an traurege Film "Ága" weist, datt de Mënsch am Fong mat deene selwechte Problemer ze kämpfen huet, egal a wéi engem Ëmfeld hie lieft. Eng Kritik.







auto_stories

3 min

Feodosia Ivanova a Mikhail Aprosimov (Foto: CinEast)

Den Nanook an d'Sedna, eng eeler Koppel vu Jakuten, enger tierkeschsproocheger Populatioun a Sibirien, liewen isoléiert an hirer Hütt. Nieft dem deegleche Kampf ëm d'Iwwerliewen an enger vun extreme Wiederkonditioune gepräägter Landschaft, dréien hir Suergen ëm d'Duechter Ága. Déi jonk Fra huet dat traditionellt Liewen an hir Famill hanner sech gelooss, fir hiert Gléck an enger Diamanteminn ze sichen. Kritt de Papp sech iwwerwonnen, fir senger Duechter ze verzeien?

Kampf Mënsch-Natur

Am bulgaresche Realisateur Milko Lazarov sengem luesen, kontemplative Film stécht virun allem emol déi beandrockend Fotografie ervir. Et si spektakulär Opname vun enger schnéiwäisser Polarlandschaft, an där de Mënsch ganz kleng wierkt. Wann den Nanook (Mikhail Aprosimov) op sengem vum Hond gezunne Schlitt ënnerwee ass, fir fëschen oder joen ze goen, ass hie ganz ënnen um Ecran ze gesinn, dacks och just am Eck vum Kader.

De Mënsch gëtt hei vun enger iwwerwältegender Natur erdréckt. Et ass ee Kampf ëm d'Iwwerliewen, deen den Nanook sech mat der Natur liwwert, een ongläiche Kampf. Eréischt wann hien nees zeréck a senger Hütt ass, bei senger Fra Sedna (Feodosia Ivanova), a relativer Sécherheet, kritt den Nanook seng richteg Dimensiounen zeréck.

Den éischten Drëttel vum Film konzentréiert sech op déi deeglech, onspektakulär Routine: Fëschen, Joen, Geschir zesummebauen, een Netz flécken, Kleeder bitzen, mee och iessen a schlofen ... a stierwen. De Film ass eng kloer Referenz op dem Robert Flaherty säin Stommfilm "Nanook of the North" aus dem Joer 1922, ee vun den éischten amerikaneschen Documentairen. Grad wéi bei deem Virbild aus der Filmgeschicht, gëtt d'Liewen an "Ága" op dat Essentiellt reduzéiert. Och déi spuersam Dialoger tëschent der Koppel sinn op dat allernéidegst limitéiert. D'Diamanten, d'Stären, déi am Film thematiséiert ginn, sti metaphoresch fir dat Mineraalt, fir d'Essenz vum Liewen.

Traureg, philosophesch, schéin

Mee wat dem Mënsch hei seng Mënschlechkeet, sengem Liewen iwwerhaapt ee Sënn schéngt ze ginn, sinn d'Dreem, déi d'Fra verzielt, dat sinn d'Weisheeten, déi de Mann aus senger Liewenserfarung gezunn huet, dat si reliéis Gefiller, déi beim Jeeër zum Ausdrock komme wann hien een doudegt Déier do leie gesäit. Virun allem sinn et Emotiounen - positiver an negativer - déi a béide Gesiichter, trotz minimalisteschem Spill, duerchdréngen.

De Film, deen dem Spectateur Zäit léisst, fir sech ze acclimatiséieren, kritt net zulescht Liewen agehaucht duerch d'Evocatioun vun der Geschicht vun der Duechter. D"Ága" huet den traditionelle Liewensstil vun der Famill hanner sech gelooss. Mee ass d'Liewen an der "Zivilisatioun" méi liewenswäert? Ass de Mënsch net iwwerall deene selwechte Geforen, Emotiounen, Erausfuerderungen ausgesat, egal a wéi engem Ëmfeld e lieft?

Dat sinn e puer vun de Froen, déi de bulgaresche Realisateur Milko Lazarov opwerft, an déi dem Film säin universelle Charakter ginn. "Ága" ass ee schéinen, philosophesch ugehauchten, an och traurege Film. Et kéint ee sech froen, ob dem Gustav Mahler seng Musek wierklech néideg war, ob et vläicht net eng Grëtz ze déck opgedroen ass - an awer seet ee sech, datt wann déi Musek iergendwou passt, dann hei.


"Ága" ass nach eng Kéier am Kader vum CinEast-Festival ze gesinn, an zwar den nächste Méindeg um 20h30 an der Cinemathéik. De bulgaresche Realisateur Milko Lazarov ass dann och präsent.