Theater D'Gewënner vun den Theaterpräisser a vum Danzpräis
De Freideg Owend sinn am Kapuzinertheater déi éischt Lëtzebuerger Theaterpräisser an de Lëtzebuerger Danzpräis iwwerreecht ginn. De Frank Feitler gewënnt den nationalen Theaterpräis fir säi Liewenswierk.

De Choix vun de LaureatInnen ass eng Zesummenaarbecht tëschent dem Kulturministère an der Theaterfederatioun. De Präis bezitt sich op op d'Saisonen 2019/20 an 2020/21.
Den Theaterpräis an den Danzpräis gëtt all zwee Joer verginn.
GewënnerInne vum Theaterpräis:
Den nationale Präis fir e Liewenswierk (10.000 Euro): Frank Feitler
Hie war vun 2001 bis 2015 Direkter vum Stater Theater, Dramaturg an Theaterauteur
De Präis "Jeune Espoir" (3.500 Euro): Catherine Elsen (conceptrice & actrice)
De Präis fir déi beschte Kreatioun onstage (4.500Euro): Marie Jung et François Camus (duo - actrice & acteur)
De Präis fir déi bescht Kreatioun backstage (4.500Euro): Anouk Schiltz : (scénographe & costumière)
D'Membere vum Jury, déi vum Kulturministère nominéiert goufen sinn: Vesna Andonovic, Nickel Bösenberg, Josée Hansen, Claude Mangen a Sarah Rock.
Déi sechst Editioun vum Lëtzebuerger Danzpräis
Gewënnerin: Elisabeth Schilling (danseuse, chorégraphe)
Jury: Jill Crovisier, Anouk Wies, Marie-Laure Rolland, Ivan-Vincent Massey an de Raymond Weber