Radioen

On air

Notturno  |  The Cookie Jar Complot - Beaver Deceiver

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Jill Crovisier an "The Hidden Garden"

Kultur

D'Jill Crovisier an "The Hidden Garden"

D'Jill Crovisier ass eng Lëtzebuerger Dänzerin a Choreographin. Als Stipendiatin vun der Focuna Bourse ass si den Ament fir eng Residenz vu sechs Wochen an den Uferstudios zu Berlin.

auto_stories

3 min

D'Jill Crovisier huet sech fir e manner populären Wee tëscht Punkt A a Punkt B entscheet, net fir d'geometresch Linn, dem kierzte Wee tëscht zwee Punkten. D'Dänzerin a Choreographin danzt léiwer, well op Emweeër Saache fënnt, déi soss verstoppt bleiwen. An dat mécht si scho laang: 2005 ass si vun der EU Art School op Beijing invitéiert ginn, zwee Joer méi spéit huet si hir Ausbildung am Ballet an Danse contemporaine zu Esch ofgeschloss. Zanter dem reest d'Jill als Dänzerin a Choreographin duerch d'ganz Welt, mat Tëschestopps an Israel, zu New York an am Laos.

De Moment ass d'Jill Crovisier fir sechs Wochen an der däitscher Haaptstad fir eng Residenz an den Uferstudioen zu Berlin-Wedding ze absolvéieren. Dës Zäit dediéiert d'Choreographin enger Retransmissioun vun hirem Stéck "The Hidden Garden" wat si selwer choreographéiert a gedanzt hat. Retransmissioun heescht, datt e männlechen Dänzer d'Choreographie danzt, an d'Jill Crovisier sou un hirem regard extérieur feile kann.

"Well d'Stéck schonn 2016 entstanen ass, an ech deemol schon zefridden domat war, hunn ech mir geduecht, datt elo d'Zäit komm wier, fir mam Dänzer nach méi déif sichen ze goe wéi D'Stéck sech nach méi déif kann entwéckelen."

Tëscht Realitéit a Fantasie

An "The Hidden Garden" gëtt e Carré Gras zu enger ganz eegener Welt, zu engem Universum tëscht Realitéit a Fantasie. An dem Carré fënnt sech ee Mënsch, den sech beschäftegt, ufänkt mat sech selwer ze spillen, sech och ofkoppelt an doduerch ufänkt ze halluzinéieren, e gëtt - souzesoen - zur Kreatur. D'Associatiounen hëlt d'Jill Crovisier aus dem Alldag, mee se entwéckelen sech an der Imaginatioun weider.

"Ech wunnen zu Rëmeleng an am Süden ass eng ganz grouss portugisesch Communautéit an als klengt Kand hunn ech am Gaart scho portugisesch Museken héieren. Portugisen hale sech vill am Gaart op a feiere gär a vill mat hire Matmënschen. An esou ass zum Beispill eng witzeg Zeen entstanen, déi da komplett ausaart, bëssen a sou roboterméissegt Danzen."

D'Kënschtlerin huet sech den Danz als Medium erausgesicht fir ze kommunizéieren, vläicht och, well d'Physikalitéit ouni Wieder auskennt, an se sou doriwwer eraus ka goen. No hirer Residenz zu Berlin bréngt et si kuerz op Lëtzebuerg, an da fir e puer Méint an Asien, wou si an Taiwan eng Kreatioun fir eng taiwanesch Danzcompagnie mécht, iert si eng weider Residenz am Laos wäert absolvéieren. Enn des Jores kennt si da fir Reprisë vun hirem Stéck Sieben erëm op Lëtzebuerg. Dat ass sécherlech keng ligne droite, ma ëmsou méi inspiréierend.