Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Kamera als Waff an als Protektioun

LUXFILMFEST

D'Kamera als Waff an als Protektioun

Am Documentaire "Still Recording" filmen aacht Kameraleit wärend véier Joer (2011-2015) den Iwwerliewenskampf am syreschen Ost-Goutha. De Film weist d'Liberatioun vun Douma duerch d'Rebellen, d'Revolutioun an den Alldag am Biergerkrich. Iwwer d'Roll vun der Kamera am Krich an iwwer 450 Stonne Biller huet d'Maxi Pesch mam Ghiath Ayoub geschwat. "Still Recording" (Lissa Ammetsajjel) leeft an der Kompetitioun vun den Documentairen um Luxfilmfest.

auto_stories

5 min

Maxi Pesch: Vill Leit hu während dem Tournage hiert d'Liewe verluer. Wat ass mat deenen zwou Persoune geschitt, déi zum Schluss vum Film ugeschoss goufen?

Ghiath Ayoub: De Kameramann, deen am leschte Bild ugeschoss gouf, huet iwwerlieft. Hie war aacht Méint an der Klinik, duerno huet hie véier Méint gebraucht fir nees eng Kamera an de Grapp ze huelen. Hien ass elo an der Tierkei an dréit nees. Deen anere Mann am Bild huet et net erlieft. Déi meescht vun eisem Team hu Syrie mëttlerweil verlooss. Verschiddener sinn an der Tierkei.

Wéini hutt Dir Syrie verlooss?

Ech sinn 2014 fortgaangen. No der Attack mat de chemesche Waffen. Ech war Student op der Uni. No der Uni huet een dräi Choixen. Et kann een entweder an déi fräi Zone goen oder an d'Arméi vum Regime vum Baschar al-Assad oder d'Land verloossen. Mäi Co-Realisateur Saeed Al-Batal ass 2015 fortgaangen. Hien huet et fäerdeg bruecht sech op Beyrouth ze schmuggelen.

Wéi ass d'Iddi entstanen, d'Rebellen an Ost-Goutha ze filmen?

D'Iddi koum vum Saeed, mengem Partner. Hie wollt e Film iwwer d'Liberatioun maachen. Hien huet Filmer gedréit a se op Youtube a Facebook publizéiert. Duerno hu mir zu Damaskus an Ost-Goutha mat der Free Syrian Army gedréit, ware mat un der Front an hunn eisen Alldag gefilmt.

Wéi sidd Dir un d'Fronte mat der fräier syrescher Arméi komm?

De Saeed huet eis d'Dieren opgemaach. Hie war 2007 e Student zu Damaskus an hien huet zu Duma gewunnt. Déi meescht Rebelle ware Frënn vun der Uni oder vun de Marchéen op der Strooss. 2011 gouf hie gefaange geholl. Am Prisong huet hie gemierkt, wéi rosen de Regime vum Bashar Al Assad mat deene Leit ass, déi Videoe mam Handy op Youtube oder Facebook publizéieren. Hien huet du gemierkt, datt d'Kamera och eng Waff ass fir géint d'Propaganda vum Regime ze kämpfen.

Wéi hutt Dir Iech psychologesch geschützt?

D'Kamera war ee Schutzschëld. An der Zäit huet d'Kamera eis vun deene grousse Froe geschützt, déi duerch dës brutal Biller entstane sinn. Et ass einfach drëms gaangen, ëmmer weider ze filmen, net opzeginn.

Trotz enger dramatescher Realitéit hannerléisst de Film Hoffnung, eng positiv Nott. Schonn den Titel "Still Recording" léisst dat verstoen.

Normalerweis schwätzt eis Geschicht vum Verloscht. Mir fänke bei der Liberatioun un, duerno si mir blockéiert a verléieren. Mee d'Kamera weist eben och d'Hoffnung. All kéiers wa se erof fält, hieft ëmmer nees ee se op a filmt weider.

Dir hutt 450 Stonne Material. Dir hutt decidéiert, net just mat bluddegen a brutale Biller dëse Film ze maachen. Wisou?

Et ass einfach eise Wee, d'Geschicht ze erzielen, eise Wee ze kämpfen. Wéi mir de Film ugefaangen hunn, sote mir eis, datt et immens wichteg ass dëse Projet ze maachen. Mir si bal all Artisten. A fir eis war dëse Film ze maachen eng Zort Resistenz. D'Konscht als Outil fir d'Resistenz.

Eleng de Montage huet zwee Joer gedauert. Krut Dir extern Hëllef?

Mir hate vill Leit, déi eis gehollef hunn. Mir kruten zum Beispill zwee Joer laang ee Studio fir ze montéieren. Mir haten ee Monteur an en Artistic Advisor. Mat hinnen hu mir eis Gefiller an eis Gedanken ausgetosch. Nodeems mir eisen éischte Rough Cut haten, deen dräi Stonne gedauert huet, hu mir ugefaange Leit ze invitéieren. Déi meescht woussten näischt iwwer d'Charakteren an d'Situatiounen. Mir hu mat hinnen diskutéiert. Eis Zilgrupp ass déi nei Generatioun.

450 Stonne Biller op 7siwen Hard-Disken hutt Dir duerch Tunnelle bis op Beyrouth geschmuggelt. Wat geschitt mam Recht vun de Biller?

Mir stellen déi Biller als Open Source fir aner Realisateuren zu Verfügung. Niewent der Geschicht, déi mir erzielt hunn, sinn nach vill aner Geschichte mat anere Charakteren hei ze fannen. Fir eis ass et wichteg, dat ze deelen. Et ass eise Wee, datt de Kampf weidergeet. Mir hunn dat och während der Revolutioun geléiert. Mir hu geléiert, andeems d'Wësse gedeelt gouf.

Äre Film gëtt elo op der ganzer Welt gedeelt. Zu Venedeg um Filmfestival krut Dir fënnef Präisser. Elo sidd Dir um Luxfilmfest. Huet Dir Iech dat erwaart, a wéi fillt Dir Iech dobäi?

Et ass wéi en Dram, deen an Erfëllung gaangen ass. Während dem Tournage hu mir ëmmer iwwer de Film geschwat. Elo hu mir dëse Film realiséiert an e leeft gutt. Am Ufank hunn ech mir Suerge gemaach, datt eis Geschicht net géif acceptéiert ginn, mee elo leeft alles gutt. Mir hu vill Leit kennegeléiert, vill debattéiert, vill Froe beäntwert.

Wat sinn Är nächst Projeten?

D'Liewen ass voller Geschichten. Et ass wichteg, dës Geschichten ze erzielen. Ech hunn ugefaangen e kuerze Fiktiounsfilm ze schreiwen. Ech probéieren eng Zukunft fir Syrien ze erzielen. Iwwer eng Persoun déi 2018 gebuer ass, an déi dann an den Archive Biller fënnt iwwer de Krich. Et soll sech am Joer 2040 ofspillen.