Radioen

On air

Kultur um 5  |  Wéi d'Martine Schoellen zum Grüffelo koum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Filmwelt bleift net verschount

Attentater vu Paräis

D'Filmwelt bleift net verschount

Deen neie Film vum Nicolas Boukhrief zielt d’Geschicht vum radikale Milieu an der Paräiser Banlieue – an dat duerch d’Aen vun engem moslemesche Journalist dee sech an eng djihadistesch Cellule infiltréiert huet. D’Sortie vum Film wor eigentlech fir den 18. November virgesinn, ass awer lo ëmprogramméiert ginn. De Grond: de Sujet vum Film wier ze no un der Realitéit. D'Maxi Pesch huet, ënnert anerem, mat der Produktiounsfirma geschwat.

auto_stories

4 min

D'Affiche vu "Made in France" – ouni Kalaschnikow

"Mir krute guer keen Drock gemaach. Ech hunn d'Decisioun zesumme mam Produzent a mam Regisseur vum Film geholl. Et war evident datt mir de Film aus Senisbilitéitsgrënn net kéinte wéi virgesinn erausbréngen", seet den Direkter vun der Distributiounsfirma Pretty Pictures, James Velaise.

Et ass tatsächlech erstaunlech wéi no de Sujet vum Nicolas Boukhrief sengem ‘’Made in France’’ un d’Paräiser Attacken vum 13. November erukommen. Ze bemierken ass awer och, datt de Film scho virun den Attentater op Charlie Hebdo am Januar gedréit ginn ass."Et ass scho virun dräi, véier Joer ugefaang ginn um Film ze schreiwen, d'Enquête vum Regisseur a sengem Co-Zeenarist war schonn zanter Joeren amgaang", preziséiert den James Velaise. All déi déi um Film matgeschafft hunn, wieren erféiert doriwwer datt d'Fiktioun elo vun der Realitéit iwwerholl ginn ass. 

D’Affiche vum ‘’Made in France’’ muss geännert ginn

Ob de Film elo am Dezember oder Januar eraus kënnt, weess de James Velaise selwer nach net. Sécher wier allerdéngs dass d’Affiche vum ‘’Made in France’’ misst geännert ginn. Ob der aktueller Affiche, déi den Dag virun den Terrorattacken an de Paräiser Metroen opgetaucht ass, ass een Eiffeltuerm ze gesinn, dee vertikal mat enger Kalaschnikow verschmëlzt."Et ass kloer, datt mer d'Affiche mussen änneren, och wann ech Iech haut nach net ka soen, wéi se genau soll ausgesinn", sou den James Velaise. D'Campagne fir de Film war kuerz virun den Attentater lassgaang – direkt den Dag drop sinn d'Affichen iwwerall ewechgeholl ginn. 

De Nicolas Boukhrief ass den Ament op Tournage a wor dowéinst net disponibel fir en Interview. Dem James Velaise no wier de Realisateur awer der selwechter Meenung. ‘’Aus Angscht net genuch Ofstand vun den Evenementer ze hunn, wier et richteg den Datum vun der Sortie vum Film ze decaléieren’’ gëtt den Nicolas Boukrief zitéiert. 

Diskussiounen och ronderëm "Taj Mahal"

Diskussioune fir den Datum vun der Release ze verréckele gouf et och bei anere Filmer. "Taj Mahal" vum Nicolas Saada ass eng richteg Geschicht iwwert eng jonk franséisch Fra, déi d’islamistesch Attentater zu Bombay 2008 erzielt. Dëse Film kënnt allerdéngs wéi geplangt den 2. Dezember an déi franséisch Kinoen.

Den David Grumbach, Produzent vum Film, erklärt dass et eng schwéier Decisioun gewiescht wier an et eigentlech keng richteg oder falsch Äntwert géing ginn. "Mir hunn eis gefrot ob d'Biller vum Film d'Famillen an de generelle Publikum géife schockéieren, mir hu vill doriwwer geschwat, mat ganz verschidde Leit a mir hunn decidéiert datt mer der Barbarei net géifen noginn ", erkläert den David Grumbach, deen awer zougëtt datt hie selwer fir eng Ëmprogrammatioun vum Film gewiescht wier. 

D’Decisioun vun der Equipe vu ‘’Made in France’’ kéint hie gutt novollzéien. "Si hunn aus zwee Grënn Recht: de Film sollt dëse Mëttwoch erauskommen, also vill méi fréi wéi eisen. A virun allem: de Sujet ass vill méi no un der Realitéit", mengt den David Grumbach.

 "Vläit ass den interesséierte Publikum lo méi grouss"

Alles an allem geet den David Grumbach dovun aus, datt d'Perceptioun op déi genannte Filmer sech wäert änneren."Et ka gutt sinn datt manner Leit sou e Film wëlle kucke goen, well eng Komedie hinne lo vläit méi liicht fält", mengt de Produzent. Den James Velaise vu Pretty Pictures ("Made in France") ass do anerer Meenung: "Et ass schwéier ze soen, wat den Effekt wäert sinn, mee vläit ass den interesséierte Publikum lo och méi grouss. D'Distributioun ass keng Wëssenschaft, et ass e Beruff mat Risiko".

Dernieft huet dem Norweger Joachim Trier säi Film, Plus "Fort que les bombes" den Numm changéiert. Ënnert dem Titel "Back Home" wärt de Film den 9, Dezember op déi franséisch Écrane kommen. Weider huet Mars Films annoncéiert de Film "Jane Got a Gun", mam Nathalie Portman op Ufank nächst Joer ze decaléieren. De Film wor fir de 25. November virgesinn.