Radioen

On air

De Moien  |  This Is The Kit - Stuck In A Room

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Laura Manelli an déi erweidert Realitéit

Digital Konscht

D'Laura Manelli an déi erweidert Realitéit

Zanter 1991 iwwerreecht d'Asbl Quattropole, also den Zesummeschloss vun de véier Stied Lëtzebuerg-Metz-Saarbrécken-Tréier, all zwee Joer de Prix d'Art Robert Schuman. Enn 2019 ass de Präis un de Metzer Thibaud Schneider gaangen. D'Aarbechte vun alle 16 nominéierte Kënschtler aus der Groussregioun si bis den 19. Januar an der Villa Vauban an am Cercle Cité ze gesinn. Zum Beispill den interessante Projet vun der Lëtzebuergerin Laura Mannelli, vun där den 10. Januar eng zweet Ausstellung am Neimënster opgeet.

auto_stories

3 min

D'Laura Mannelli, 1980 zu Lëtzebuerg gebuer, ass studéiert Architektin. Mee amplaz Modeller fir analog Konstruktiounen op Pabeier ze bréngen, huet si sech fir virtuell Welte begeeschtert, fir Raim, déi si op Basis vun Algorithmen a Literatur, Metaverse-Konzept -also d'Iddi vun engem kollektive virtuelle gemeinsamen Espace- a Protokoller ouni Enn dreemen a kreéiere kann.

Konscht am virtuelle Raum

2008 gouf et zu Lëtzebuerg nach keng wierklech VR-Konschtzeen zu Lëtzebuerg. D'Laura Mannelli an de vun hier ugeschwatene Frederick Thompson, en Immersiv-Designer, deen en plus en optimaalt Zesummespill vun ënnerschiddlechen Technologië assuréiert, hu sech entretemps en Numm zu Paräis gemaach, an der Gaîté lyrique an am Palais de Tokyo ausgestallt. An zwar ëmmer och an Zesummenaarbecht mat experimentelle Museker, anere bildende Kënschtler, IT-Experten.

Mee Lëtzebuerg huet sech awer ëmmer méi interesséiert gewisen, ass mat der Laura Mannelli ganz gären nei Weeër gaangen, fräi nom Motto "let's make it happen". Esou datt d'Kënschtlerin 2017 déi éischt Bourse indépendance fir de Projet "the promisses of monsters", no der divine comedy vum Dante, kritt huet.

Mat am Jury souzen deemools och d'Stilbé Schroeder, Curatrice vum Casino, an de Marc Scozzai, de Responsabel fir d'Arts-visuels-Programmatioun vun de Rotonden. De Marc Scozzai huet d'Laura Mannelli doropshin am Fréijoer zejoert fir den digitale Konschtfestival Multiplica an d'Rotonden invitéiert. Fir déi Geleeënheet huet d'Kënschtlerin de Projet "vallée dérangeante" entwéckelt, bei deem de Visiteur mat engem ondefinéierbare Kierper an engem däischtere Raum konfrontéiert ass.

Eng Nominatioun fir digital Konscht

Am Hierscht huet d'Curatrice Stilbé Schroeder dunn annoncéiert, datt si nieft der Aline Bouvy, der Claudia Passeri an dem Eric Schumacher och d'Laura Mannelli fir d'Quattropole-Auszeechnung Prix d'Art Robert Schuman fir Lëtzebuerg nominéiert hätt. Gesäit eng digital Kënschtlerin, déi haaptsächlech zu Paräis an am virtuelle Raum doheem ass, déi vun Zäit zu Zäit op Lëtzebuerg kënnt, sech tatsächlech als Vertriederin vun enger Aart Groussregioun Konscht oder -Kultur? Existéiert déi iwwerhaapt fir si?

Der Laura Mannelli hir Prix-d'Art Robert Schuman Contributioun huet et a sech. An engem - alt nees - däischtere Raum huet si eng Zort schwaarz Quarzmineralien-Triichter installéiert. An déi kuckt ee mat VR-Brëll eran.

E virtuellen Trip

An dann di sech Pink-Floyd- oder Alice-in-Wonderland-Welten op: am Triichter bougéiert en Organismus a Botzhändsche-rosa, zitt sech zesummen, deent sech auserneen, changéiert d'Form, ganz soupel, eng Hippy Versioun vum Film "Alien", deen all Sekonn an eisem Gesiicht lande kéint. Eng technologesch Aarbecht, déi beim Visiteur erstaunlecherweis eppes ganz Emotionelles ausléise kann.

Parallel zu all dëse Projeten huet d'Laura Mannelli mam Realisateur Jan Kounen, deen duerch Filmer wéi "Dobermann" oder d'Videoe fir d'Popband Erasure bekannt gouf, d'Expérienz "Ayahuasca" kreéiert, wou dir an engem tropesche Lianenzelt, VR-Brëll ronderëm de Kapp, mat schwaarze Lächer, Jelliskäpp, Riseschlaangen a Kaleidoskopbiller konfrontéiert gitt. Ayahuasca eben ...

Dëse Freideg ass de Vernissage vun "Ayahuasca" am Neimënster; d'Expo ass bis de 25. Februar op; an d'Prix d'Art Robert Schuman Ausstellung ass bis den 19. Januar an der Villa Vauban ze gesinn.