Radioen

On air

Tockcity  |  Ducks Ltd. - On Our Way To The Rave

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Leit, déi ech fotograféieren, erzielen d'Geschicht"

Rencontres de la Photo

"D'Leit, déi ech fotograféieren, erzielen d'Geschicht"

Déi 49. Editioun vun de Rencontres de la Photographie zu Arles a Südfrankräich steet ënner dem Motto "Retour vers le futur". D'68er Joren an hir Repercussiounen op haut gehéieren zu den Haaptsujeten um Festival. Déi jonk franséisch Fotografin Aurore Valade huet sech dofir interesséiert, wéi d'Relatioun tëscht Intimitéit a Politik haut ausgesäit.

auto_stories

3 min

Déi jonk franséisch Fotografin Aurore Valade huet zu Bordeaux an Arles Konscht a Fotografie studéiert. Haut pendelt si tëscht Arles a Madrid a reest vill duerch Latäinamerika.

Wat ass bliwwe vun de Studenterevolten vun 1968?

D'Kënschtlerin ass Joergang 1981. Si ass also 13 Joer no de Studenterevolte vum Mee 68 op d'Welt komm. Si huet awer interesséiert, wat vum Geescht vun deemools iwwreg bliwwen ass, wéi vill d'Mënschen nach oder nees u Gruppebeweegunge gleewen an och un d'Solidaritéit.
"Ech hu mech mat der Fro beschäftegt, wéi Revolten eisen Alldag bestëmmen an eis Choixen, déi mir am Liewen treffen."
Fir Äntwerten op hir Froen ze fannen, baut d'Aurore Valade op participativ Fotoprojeten. A mat bauen ass tatsächlech och konstruéieren gemengt. Si geet op Friemer duer a spillt mat hinnen, fir d'éischt am Gespréich an dann op enger Foto hiren Alldag duerch.
"Wat mech interesséiert ass d'Diversitéit vun de Konflikter an de Stëmmen."
Sätz oder Aussoen, déi bei hir hänke bliwwe sinn, schreift d'Kënschtlerin grouss op Kartong oder op Fichieren an assortéiert dës Slogane wëll ronderëm hir Portraitéiert. An zwar gréisstendeels an der Intimitéit vun hirem Living.

"La vie c'est une tartine de merde"

"Contre la réintroduction de l'ours dans les Pyrénées, "Agriculteur: le plus beau métier du monde" liest een iwwer an ënner enger eelerer Bauerekoppel. "Mon oncle disait, la vie c'est une tartine de merde" an "l'addictature" kann een e wéineg méi verstoppt am Keller-Chaos vun engem jonke Mann mat Alkoholproblemer op Plakater entdecken. Ass dat fir d'Aurore Valade d'Revolt vun haut? Eng solitaire no bannen a keng gemeinsam no baussen?
"Ech mengen et gëtt vill Angscht. Et zirkuléiert och d'Meenung, datt d'Politik sech net fir déi eenzel Stëmmen interesséiert. Ech wollt mat menger Aarbecht wierklech déi intim Stëmme weisen, déi sech wieren."

"De Konschtprojet geet an hiren Alldag iwwer"

Verschidde Schëlter, déi während dem kënschtleresche Projet entstane sinn, hätten d'Leit wollen halen. Nämlech déi, déi hinnen am meeschten aus der Séil géife schwätzen, fir se vläicht iergendwann mat op eng Demonstratioun ze huelen.
"De Konschtprojet geet also an hiren Alldag iwwer a gëtt domat och politesch."
Jäizeg Faarwen, eng Aart Wimmelbiller am grousse Format - esou kéint een der Aurore Valade hir Fotoe beschreiwen. Aus der Distanz gekuckt hu se eppes vun Héichglanz-Publicitéiten, Bande Dessinéeën oder lëschtege Cartoons. Si géif mat dëser Ästhetik spillen, seet déi franséisch Fotografin.
"Ech hu mech och un dadaistesche Collagen, bei deenen d'Wierder iwwerlageren an u mëttelalterlechen Hellegmolereien an hire Banderollen inspiréiert."

Déi Portraitéiert erzielen d'Geschichten

D'Fotografie hannerfreet fir d'Aurore Valade d'Intimitéit an d'Politik. Si ass awer ni zu honnert Prozent intimistesch oder politesch. Mat "Révoltes intimes" wollt si awer och um Bord fir d'Gemeinschaft plaidéieren, weisen Du oder Du bass mat dengem Problem, dengem Frust net eleng. A fir dat kënnen ze maachen, hätt si misse mat de Leit a Kontakt kommen.

"Well et si sinn, déi d'Geschichten erzielen."