Radioen

On air

Espresso Beats  |  Vampire Weekend - Classical

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Liewen nach viru sech

Netflix

D'Liewen nach viru sech

"La Vita davanti a sé" (The Life Ahead) ass schonn déi drëtt Verfilmung vum Romain Gary sengem Roman ''La Vie devant soi''. Dës Kéier mat der fréierer Diva Sofia Loren an der Roll vun der Rosa. E sobere Film, dee vun der Qualitéit vu sengen Interprete lieft.

auto_stories

4 min

D'Rosa (Sophia Loren), eng Jüddin, déi a jonke Joren d'KZ iwwerlieft huet, ass bekannt dofir, Kanner vu Prostituéierte provisoresch bei sech opzehuelen. Wéi hien der eelerer Fra um Maart d'Akafstut klaut, weess den zwielef Joer jonke Momo (Ibrahima Gueye) nach net, datt sech hir Weeër erëm séier wäerte kräizen.

D'Weesekand vu senegaleeseschen Originne gëtt der Madamm Rosa uvertraut - eng Alternativ zu de Sozialdéngschter, mat där hien duerchaus ka liewen, well si seng Aktivitéit als Drogendealer net weider dierft behënneren.

Drëtt Verfilmung vun engem Erfollegsroman

Andeems den Emile Ajar 1975 fir säi Roman ''La Vie devant soi'' mam Prix Goncourt ausgezeechent gouf, hat d'Jury géint hiert eegent Reglement verstouss - ouni et ze wëssen! Emile Ajar war nämlech de Pseudonym vum Romain Gary, an deen hat de Präis schonn eng Kéier 1956 gewonnen.

Eng éischte Kéier gouf ''La Vie devant soi'' 1977 vum Moshé Mizrahi verfilmt. D'Simone Signoret hat fir hir Roll als Rosa de César vun der beschter Actrice kritt, de Film gouf zu Hollywood mam Oscar fir de beschten auslännesche Film belount. ''La Vie devant soi'' war dann 2010 vun der Myriam Boyer fir d'Tëlee adaptéiert ginn.

Elo gëtt et eng weider Verfilmung vum Roman, déi weder op der Tëlee nach am Kino gewise gëtt, mee wéinst der Covid-Pandemie op Netflix. Vu Paräis ass d'Handlung an déi süditalieenesch Stad Bari transposéiert ginn. Regie féiert dës Kéier den Edoardo Ponti. Fir d'Verkierperung vun der Rosa huet de Ponti net wäit misste siche goen: hien ass de Fils vum Filmproduzent Carlo Ponti a virun allem vun der Sofia Loren.

Déi fréier Diva Sofia Loren

Déi fréier Diva hat hir grouss Zäit an den 50er, 60er an nach 70er Joren. Hire leschten Optrëtt an engem Long-métrage war schonn eelef Joer hier, d'Verfilmung vum Broadway-Musical ''Nine'' vum Rob Marshall.

Och wann d'Mimik sécherlech e bëssen un de Suitte vun der plastescher Chirurgie leit, wierkt d'Sofia Loren ganz kredibel an der Roll vun der Rosa, déi am Ufank streng a gereizt ass, éier si sech dem klenge Momo opmécht an emotional gëtt. Dat deelweis rigidifiéiert Gesiicht vun der Loren passt souguer iergendwéi bei hire Personnage, dee Joerzéngten no der Deportatioun nach traumatiséiert ass: momentweis ass d'Fra reegelrecht geläämt, de Mond steet op a mat eidelem Bléck kuckt si riicht viru sech.

Dat geschitt beispillsweis nodeems si op der Strooss huet misste materliewen, wéi déi italieenesch Police eng Famill vun afrikanesche Flüchtlingen ausernee rappt. Do komme bei der Fra verständlecherweis däischter Erënnerungen op - nëmmen an hirem Keller kënnt si erëm zur Rou, eng Plaz, déi hir och schonn an der Kandheet Schutz gebueden hat.

Déi eeler Fra an de Bouf hu villes gemeinsam

De klenge Mohammed, oder Momo, ass änlech wéi d'Rosa. D'Liewen als Weesekand huet hien ofgehäert, mat sengen zwielef Joer klappt hie sech als relativ erfollegräichen Drogendealer erëm. An awer ass hie just e Kand, dat seng Emotioune just bis zu engem gewëssene Punkt ka verstoppen.

D'Ofwiesenheet vun der Mamm kompenséiert hie mat enger imaginärer Léiwin, an natierlech och mat der Madamm Rosa. A ronderëm huet hie Mënschen, déi him gutt gesënnt sinn. Et ass eng Ersatzfamill, déi ëm hëlleft, grouss ze ginn an déi richteg Entscheedungen ze huelen: Pappefigure wéi den Dokter Cohen an den arabeschen Händler Hamil; aner Kanner, déi bei der Rosa wunnen, si wéi seng Bridder; eng transsexuell Prostituéiert ass eng Mëschung vun all deene Rollen. Och wann de Start fir hie schwéier war: de Momo huet d'Liewen nach viru sech.

''La Vita davanti a sé'' betrëfft elo manner d'Sofia Loren. Elo vun engem Comeback ze schwätzen ass vläicht iwwerdriwwen, ëmmerhin huet si scho 86 Joer. Mee wann dat hir lescht Roll sollt gewiescht sinn, da wier et e wierdege Schlussstréch ënner eng laang Karriär. ''La Vita davanti a sé'' (The Life Ahead) ass e sobere Film, dee besonnesch vun der Qualitéit vu sengen Interprete lieft a sech alles an allem gutt kucke léisst.