D'Literaturzeen trauert ëm de Cornel Meder

"Ech sinn en agefleeschte Minettsdapp! An e ganz decidéierten!"
De Cornel Meder ass net méi. "Wa mir eis un de Cornel Meder erënneren, dann erënnere mir eis op der enger Säit un de Schrëftsteller, op der anerer Säit un ee vun de Pionéier vun der moderner Luxemburgistik a schliisslech un de Fërderer vun der zäitgenëssescher Literatur", seet de Claude Conter, Direkter vum Nationale Literaturarchiv am Gespréich mam radio 100,7.
De Cornel Meder war Politiker, Direkter vum Péitenger Lycée Technique Mathias Adam a vun 1987 bis 2003 huet hien de Lëtzebuerger Nationalarchiv geleet. D'Kultur huet eng bedeitend Roll am Cornel Meder sengem Liewe gespillt, esou huet hien d'Literaturzäitschrëft Galerie erausginn, war Direkter vum Déifferdenger Kulturzenter a Sekretär vun den Amis de Colpach. De Cornel Meder war och selwer Auteur, elo kierzlech ass am Verlag vun der Galerie säi lescht Wierk "Steinberg-Erinnerungen" erauskomm. De Méindeg de Moien ass de Cornel Meder am Alter vu bal 80 Joer gestuerwen.