Radioen

On air

Kultur um 5  |  Lëtzebuerger Literatur am Ausland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Marie Darrieussecq op de Spuere vum Malaparte a vum Klemperer

Projet "Hausbesuch"

D'Marie Darrieussecq op de Spuere vum Malaparte a vum Klemperer

"Dresde est une Pompéi moderne" - Victor Klemperer. Eent vun den Ausgangszitater vun der franséischer Schrëftstellerin Marie Darrieussecq hirer literarescher Miniatur "Naples-Dresde". Am Wierk thematiséiert si ënner anerem déi zerstéiert Stad Pompei. Am Gespréich mam Nathalie Bender werft si och e Bléck op d'Rhetorik haut an Europa.

auto_stories

3 min

De Projet "Hausbesuch - Visite à domicile" vum Goethe Institut an dem Institut Pierre Werner war rezent d'Thema am Neumünster. De Lëtzebuerger Auteur Guy Helminger, déi däitsch Schrëftstellerin Katja Lange-Müller an déi franséisch Schrëftstellerin Marie Darrieussecq hunn iwwer de Projet diskutéiert an aus hiren Texter virgelies, déi doraus entstane sinn.

Pompéi, déi zerstéiert Stad

D'Marie Darrieussecq huet am italieneschen Neapel an am däitschen Dresden hir Inspiratioun bei der "Visite à domicile" gesicht. Hiren Text deen doraus entstanen ass, huet si mat zwee Zitater ageleet. "Naples est une Pompéi qui n'a jamais été ensevelie" vum Curzio Malaparte. An "Dresde est une Pompéi moderne", een Zitat aus der Fieder vum Victor Klemperer.

Pompéi, déi zerstéiert Stad, ass also de gemeinsamen Ausgangspunkt fir der Marie Darrieussecq hiren Text am Kader vum Projet "Hausbesuch". Sou gesinn ass et kee wierklechen Zoufall, datt d'Marie Darrieussecq sech fir dësen Essai iwwer Dresden an Neapel op den italieneschen Auteur Curzio Malaparte an de jiddeschen Intellektuelle Victor Klemperer fokusséiert.

"Ech war nach ëmmer obsedéiert vum Klemperer. Wéi ech op de Saz a "La peau" vum Malaparte gestouss sinn, war et wéi eng Revelatioun. Et war eng Zort ënnerbewosst Entscheedung, fir déi zwee Auteuren ze verbannen, déi allen zwee de Krich iwwerlieft hunn."

Neapel zu Fouss

Fir hiren Text "Naples-Dresde" hat d'Marie Darrieussecq zwar eng vague Virstellung. Si huet sech awer vun den Organisateure vum Projet "Hausbesuch" leede gelooss.

"Zu Neapel hat ech e geographesche Parcours. Ech hu Stroossennimm aus dem Wierk vum Malaparte erausgesicht, déi ech wollt gesinn. Vun do aus huet si e Programm opgestallt mat Hausbesich an Adresse vu Muséeën. Ech hat awer och vill Fräizäit, wou ech duerch d'Stroosse getrëppelt sinn. Dat war ganz wichteg fir mech."

Bléck op Europa

De Curzio Malaparte an de Victor Klemperer hunn an där nämmlechter Epoche gelieft, si sech awer ni begéint. Dem Marie Darrieussecq huet et geschéngt ,wéi wann d'Heemechtsstied vu béiden Auteuren eppes iwwer Europa kéinten aussoen.

An hirem Essai iwwer d'Stied Dresden an Neapel zitt d'Schrëftstellerin de Lien tëscht deem, wat an der éischter Halschent vum leschte Joerhonnert an Europa geschitt ass, an deem, wat hautdesdaags geschitt. Si nennt d'Beispill vu Mouvementer wéi PEGIDA, déi sech forméieren. Hiert Zil wier et, fir d'Memoire opzewullen, seet d'Marie Darrieussecq.

"Wann een zu Dresden de Bauschutt beweegt, da beweegt een déi ganz Stad. D'Schrëftsteller hunn dat gemaach, fir d'Leit ze warnen, datt se sech elo mussen erënneren."

Rhetorik am drëtte Räich an haut

De Victor Klemperer huet sech mat der Sprooch am Drëtte Räich beschäftegt. Eng Analys, déi een haut parallel mat der Sprooch vun Donald Trump oder Marine Le Pen kéint maachen, seet Schrëftstellerin Marie Darieussecq.

"Beim Donald Trump gesäit een eng Reduktioun vum Vocabulaire. 'Mir si bei 100 Prozent', dat si Sätz, wéi den Hitler se och benotzt huet. Beim Marine Le Pen ass et e bësse méi subtil, mä hire Papp hat och eng Rhetorik, déi ee mat der Sprooch vum Drëtte Räich ka vergläichen. D'Marine Le Pen huet och eng Propaganda Rhetorik, mä si ass net d'selwecht opgebaut."